Bäitrag getagged ‘zweiohrküken’

4 Aen – 2 Käpp: Zweiohrküken

Geschriwwen den 16/12/2009 vum Lynn5 Kommentaren
Happy Birthday Chris. Wien méi iwwert eisen Chefboss wésse well fennt seng Biographie hei.

zweiohrkueken

Wat fir Musek geet, kann Pianocktail och fir Film. Dem Til Schweiger säin Zweiohrküken ass héichgeluewt vum Facebook-Proletariat, an zerfetzt vu ville Kritiker. Dofir huet de Pianocktail sech fir Iech op d’Missioun gewoot, fir Iech ze soen, wat de Film daagt.

Lynn

Den Til Schweiger huet also rem e neien Film am Kino. Et war jo virauszegesin dass en nom Erfolleg vun Keinohrhasen probéieren wéilt un desen Succès unzeknäppen. An sou as dann Zweiohrküken entstaan, rem mam Nora Tschirner an der weiblecher Haaptroll. Ween Keinohrhasen gesin huet wees schon em wat et geet. Wei ze erwaarden sin d’Anna an de Ludo nach emmer eng Koppel wei zum Schluss vu Keinohrhasen. D’Anna huet de Ludo jo deemols vum Weiberheld an en treie Feste Frend verännert. Mee wei dat sou as, a well de Film jo och soss keng Handlung hätt, schlaicht sech noo enger Zait d’Normalitéit an an éischt Komplikatiounen trieden op.

Keinohrhasen_articleDat as, kuerz gefaasst, di ganz Handlung, an et as natiirlech kloer dass zum Schluss vum Film awer rem alles wärt gudd sin. Wat dertescht passéiert as zwar plaatzeweis witzeg mee et steet nit wierklech op feste Been. Et kann ee, wei gesot, zwar vill laachen, mee alles wat passéiert berout op dommen Zoufäll an Bauzegkeeten. Ausserdem as den Humor alles aanescht wei qualitativ héichwärteg mee as deelweis grenzwerteg ordinär. D’Rollen si kloer verdeelt, de Ludo as dee coolen, relaxen Typ dee naischt falscht mecht mee nemmen an domm Fettnäppchen treppelt an d’Anna as di blöd Geess dei weinst all klenger Dommheet direkt eng opféiert an alles vill ze eescht hellt. Et as alles einfach e bessen ze forcéiert, den Til Schweiger wollt een zweeten Keinohrhasen maachen, mee heen huet et nit hikrit.

Wat feelt as zum Beispill nach eng zweet Handlung, eppes wat nach e besse Spannung rabrengt. Zwar as dem Ludo sain sozial behennerten Frend de Moritz rem dobai a probéiert Fraen an d’Bett ze kreien, mee soss si praktesch emmer nemmen d’Anna an de Ludo ze gesin, an vu dass mer wessen wei dat ausgeet as do nit wierklech eppes dohannert. An och d’Geschicht vum Zweiohrküken as nit sou schéin wi dei vum Keinohrhasen, well se nemmen um Rand as a nit sou mat agebonnen as wei den Hues; d’Jippelchen as nemmen do fier dem Film een Titel an der selwegter Kategorie ze gin. Wat och an desem Film ee Liichtbléck as (niewt dem Nora Tschirner) as d’ Emma Tiger (!) Schweiger, dem Til seng Duechter dei rem dat léift, frecht a clevert Cheyenne-Blue spillt.

De Schluss hällt ee mengen ech nemmen aus wann ee vu Kapp bis Fouss romantesch as an gear Cheese huet. Mee wann ee besse noo um Waasser gebaut as fänkt ee secher un ze kraischen. Nujee. Et liest sech lo wei wann ech de Film fuerchtbar fonnt hätt, mee dat hun ech guer nit. Ech hu Keinohrhasen secher besser fonnt, mee desen as trotzdem witzeg a léif. Kee Meeschterwierk vun Film mee et as nun mol een Til Schweiger Film. En as trotzdem gudd fier ee kaalen Dezember-Owend ze fellen a e bessen iwwer Belanglosegkeeten ze laachen. An dono kann ee sech d’Kant gin falls ee bei sou Filmer depressiv get.

** vun ****

Thorben

Avatar an d’Wild Things woren nach e besschen hin, mee Kinosnuecht wor ugesot. An iergendwei ass et dann Zweiohrküken ginn, den zweeten Deel vum Til Schweiger sengem German-Chick-Flick Keinohrhasen.

D’Story ass net oninteressant:
Dat ultra potent Alphamännchen Ludo ass säit 2 Joer mat senger Wallflower-Frëndin Anna zesummen. Dat klappt och relativ gutt, trotz gelegentlecher Jalousie, vue dass de Ludo natierlech als Sexgott nawell emschwäermt ass.

Enges Daags kennt awer dem Anna, gespillt vum Nora Tschirner, säin Exfrend, Ralf, laascht an crashed d’Couch fir e puer Deeg. Dat geet dem Ludo awer géint de Stréch, éischtens well en rausfennt dass dem Ralf säi Penis sou grouss ass wéi den Äiffeltuerm, an well hien en fuerchtbaren Öko ass. Dat dréiht de Spieß an der Bezeihung hefteg em, a mecht aus dem Alpha Ludo abeemol de Beta Ludo an d’Alpha Anna. Dat ganzt gett dann doduerch méi schlemm, dass de Ludo realiséiert, dass d’Anna nach keng 30 ass, hien awer déi Alters-Schallmauer scho laang hannert sech huet, an mierkt, dass en aal ass.

Souwäit.

Wat den Til Schweiger vun Ufank un kloer mecht ass, dass et hei awer net em d’Story geet, mee virun allem em hien selwer, seng Selbstduerstellung an d’Duerstellung vu senger Viirstellung vun der moderner Fraa. Déi ass zwar net méi sou sexistesch, wéi een dat am schlëmmsten Fall géing erwaarden, mee et ginn awer kloer Reegelen opgestallt. Schaffen soll een zwar, an och onoofhängeg sinn, mä awer trotzdem d’Haus och schmäissen. Intimbehaarung ass ekleg an réckstänneg. An Verständnis dofir, dass de Mann seng Kleeder well gewäsch kréien an net raumen muss, soll se och hunn. The world according to Til Schweiger.

D’Nora Tschirner gett bewosst op léif an putzeg getrimmt, esou wäit dass hat seng Roll mat der Qualitéit vun enger Schülerin an hierem éischten Schoultheatersteck spillt. D’Dialoger sinn dobäi net wierklech hellefräich an bisweilen eng eenzeg Katastroph. An enger Reih Szenen gett probéiert Komik duerch Pseudo-Intellektuell Dialoger ze erzeugen, déi awer trotzdem ze einfach sinn, fir als pseudointellektuell duerchzegoen. An wann näischt méi helleft, da gräift de Schweiger eben op Fäkalhumor zréck, Pferde satteln, weiter reiten. Trotzdem packt de Film et samt Dialoger mat Momenter extrem witzeg ze sinn an usatzweis geeschträich an interessant.

Dat rett awer net doriwwer wech, dass d’Charakteren flaach wéi Holland sin. Dat schéngt de Schweiger awer selwer ze wessen, well en heiansdo noohelleft, an mam Telegrafenmast wénke geet, fir Problemer ze illustréieren. Et ass net kloer genuch, dass de Ludo ennert dem Ralf a sengem Alter leid? Kee Problem, kritt en eben eng Erektiounsstéierung. Wink, wink.

Zum Schluss kennt et dann zum Showdown, e Sträit mat uschléissender Versöhnung, wou et herno esou pathetesch an stereotyp zougeet, dass ech mech abeemol nemmi am Film, mee an däer JEVER-Reklamm (Keine Staus, kein Stress) gefillt hunn. Mee jo, e bessen haat e mech do awer kritt.

Zweiohrküken probéiert en Genre däitschen Film ze sinn, fir de Psychosstudenten vun deser Welt Gespréichsstoff ze ginn, fir iwwert engem Macchiato bei Starbucks eppes ze schwätzen ze hunn. Wann et net grad iwwert hier neisten iPhone Apps ass, oder en Artikel iwwer den neien Juni Album, deen se an der Neon gelies hunn, déi prätentiéis aus hierem Messengerbag luusst.

Vläit daagt en dofir, mee vläit och just fir H&M Verkeeferinnen, déi léiwer sou wéi beschriwwen Studentinnen wieren. Zweiohrküken ass flaach an net gelongen, awer okay fir ze kucken.

Highlight zum Film: Dédicace un den Thierry Van Werweke am Oofspaan.

* 1/2 / ****


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags