Bäitrag getagged ‘zach braff’
E Film dréien ass net einfach. Bei der éischte Kéier ass et nach emol méi schwéier. Déi meescht Leit fänke mat klengen Aarbechten un, bevir se de Wee an de Kino fannen – an dann si seelen déi éischt laang Wierker um groussen Écran déi, déi d’Regisseuren spéider definéieren.
Dofir kucken ech lo, als Deel vu mengem Réckbléck op d’vergaangent Joerzéngt zréck op déi 10 menger Meenung no bescht Regiedebüts vun 2000 bis 2009. Briten, Däitscher, Amerikaner, Mexikaner, Fransousen hunn alleguer sou munches gedréit wat hei erwient gëtt. Kuckt iech et un, an deelt är Meenung mat.
#10 Amores Perros (Alejandro Gonzalez Iñarritu)
Perséinlech gleewen ech, dass Babel dem Iñarritu säi beschte Film bis haut ass – trotzdem ass Amores Perros e wichtege Bestanddeel vun dëser Top Ten, vu dass de Film d’Carrière vun engem Mann lancéiert huet, deen haut zu der Elite vum amerikanesche Kino zielt. De Mexikaner huet mat sengem Film eng genial verwurren Geschicht iwwer Léift an d’Grausamkeet vum Liewen gedréit, deen net nëmme seng, mä och dem Gael Garcia Bernal seng Carrière un d’Rulle bruecht huet.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film, Lëschten
Tags:alejandro gonzalez iñarritu, amores perros, bennett miller, billy elliott, boris tanovic, capote, das leben der anderen, florian henckel von donnersmark, garden state, jonathan dayton, les triplettes de belleville, me and you and everyone we know, miranda july, monsters inc, no man's land, pete docter, stephen daldry, sylvain chomet, valerie faris, zach braff
Déi lescht Episode ass gelaf. Et ass riwwer. An et war immens.
Virun 8 Joer hunn ech, an bestëmmt och vill vun iech, fir d’Éischt iwwer eng Reklamm op Pro7 vun Scrubs héieren. Verschiddener vun iech wäerten, grad wéi ech, och glat an guer naicht dervun gehal hunn. Klamauk. Iwwerflächlech Charakteren. Geschmaachlosen Humor. Trash eben.
(more…)
No deem ech viru well bal enger Woch hu missen iwwert de Schluss vun der beschter Telésserie kräischen, bréngen ech dann hei den zweeten Deel vu mengem perséinleche Best of.
1.4. My Old Lady
Den Nic huet Recht. D’Tatsaach, dass ech dës Episod vergiess hunn war e major fuck-up mengersäits. Dofir huelen ech et well hei no. Den J.D. huet Angscht fir seng éischt Patientin där e méi no komm ass, goen ze loossen, wann déi decidéiert, dass et fir si un der Zäit ass – kritt vun hir allerdéngs mat op de Wee d’Liewen ze genéissen, fir dass en iergendwann och sou berouegt kann draus scheede wéi si. Eng wonnerbar Episod an där gewise gëtt, wéi schwéier et ass fir Dokteren mam Dout vun hire Patienten emzegoen.
5.7. My Way Home
Nach eng Episod, déi ech d’läscht Woch vergiess hunn, mä déi ech lo nach emol héich luewe muss. Déi 100. Episod vu Scrubs an d’Hommage vun der Crew un The Wizard of Oz ass einfach nëmme wonnerbar aus villerlee Grënn: d’Charaktäre gi virun Défie gestallt, déi se alleguer léisen – mee dat clevert dobäi ass, dass dat ganzt eben als Beaarbechtung vun dem wonnerbare Film vun 1939 geschitt, deen an Amerika de wichtegsten Deel vun der Popkultur iwwerhaapt ausmécht.
(more…)
Gëschter ass op der amerikanescher Telé déi virläscht Episod vu Scrubs gelaf. An och wann de Bill Lawrence d’Chance, dass mat engem neie Cast weider gefuer gëtt op 50:50 betitelt, sou ass d’Serie fir mech domat am Fong sou gutt wéi riwwer. An de leschten 9 Joer, an domat bal meng ganz Zäit als Eruwuessenden huet Scrubs en Deel vu menger Kultur ausgemaach. Ech hu mam J.D., mam Turk a mat den anere matgeféiwert, a mech bei all eenzeger Episod sou gutt ameséiert, wéi do virdrun just bei Friends. Wann ech ganz melodramatesch wier, géif ech soen, dass mat Scrubs en Deel vu menger Jugend zu Enn geet. Wat sécher ass, ass dass ech de perfekte Mix aus Witz an Drama, fuerchtbar vermësse wäert.
Dofir wëlle mer Scrubs gedenken, an dräi Bäitreeg. Ech loossen déi bescht Episoden an zwee Deeler Revue passéieren, während den Nic en Noruff op dës groussaarteg Serie wäert verfaassen.
1.1. My First Day
Dem J.D., Elliot an Turk hiren éischten Dag. Mat vill Selbstvertraue gestart gi se séier vun der Wourecht ageholl a mierken, dass Dokter sinn e knallhaarde Beruff ass, deen net vill Glamouréises u sech huet. Den J.D. fënnt am Dr. Cox säi Mentor, den Turk mécht sech fir d’éischte Kéier un d’Carla erun an déi legendär Penny-Szen begrënnt dem Janitor säin Haass op den J.D. Dës Episod ass ouni Zweifel de grousse Klassiker ënnert de Scrubs-Episoden, a wéi sollt et och anescht sinn: et ass déi éischt.
(more…)
Alt rem eppes schéins fir eis Scrubs Fans.
An zwar en Charlie Brown Filmchen, ageschwat vum Cast vu Scrubs. Eng schéin nei Versioun ménger Meenung no.
“I like to get my holiday rectal exam.” Herrlech.
Wéi ech gëscht an engem Kommentar beim Thierry indirekt ugedeit hat, d’Nummer 38: Garden State.
Den Andrew “Large” Largeman lieft zënter Joren weg vu sénger Famill a versicht bis ewell vergeblech an Hollywood Fouss ze faassen. Enges Dags geet den Telefon, a säi Papp informéiert en doriwwer, dass séng Mamm gestuerwen ass, wourop hin den Andrew zréck an de “Garden State” New Jersey flitt, an mat sénger Vergaangenheet a sech selwer konfrontéiert get.
Haut man ech dat mol anescht. Ech hu kee Bock e koherenten Text ze schreiwen, dofir notéiren ech a Stëchwierder all d’Grënn, déi mer afalen, firwat ech de Film genial fannen:
- D’Schauspiller: Natalie Portman (mäi Liebling, nieft dem Scarlett), Zach Braff, Peter Sarsgaard, Ian Holm
- Den Dréibuchauteur a Regisseur: Zach Braff (aus Scrubs)
- D’Musék: Coldplay, The Shins, Zero 7, Frou Frou, Simon & Garfunkel, Cary Brothers, Iron & Wine, Remy Zero… -> beschte Soundtrack, deen et get
- D’Biller: Large am Hiem virun der Tapéit, an der Bidden, am wäisse Bett, etc.
- All déi (iwwerflësseg?) kleng Detailler: d’Krunnen um Flughafen, d’wäisst Zëmmer, etc.
- Déi ganz Geschicht, mat dem ganze speziellen Humor.
- “Maybe that’s all family really is. A group of people who miss the same imaginary place.”
- D’Schlussszen: “So what do we do? What do we do?”
- D’Homepage. Zemols d’Lidd vun Travis.
- De ganze Rescht.
Okay, Versuch gescheitert mam Oplëschten, et geet net. Alles ass immens, Film ass groussarteg, häerzerwärmend, a wat net nach alles.Ech sinn houfreg, ee vun dene wéinege gewiescht ze sinn, déi de Film den éischte Weekend nach am Utopia gesinn ze hunn, bevir se en an den Utopolis verluecht hunn. Wierklech, ech fille mech privilegiéiert. Wat mer awer och nach gefällt ass d’Opschrëft op ménger DVD wou hannen wierklech dropsteet: “…unverhoffte Bekannschaft mit Sam (Natalie Portman – Unterwegs nach Cold Mountain).” Cold Mountain? Cold Mountain…