All Joer hunn ech eng bëssen anescht Aart a Weis fir meng léifste Lidder vum Joer virzestellen, an amplaz rëm eng Lëscht vu 50 Lidder ze presentéieren hunn ech mech dëst Joer dofir decidéiert déi am Endeffekt awer zimlech normal Zuel vun 20 Lidder rauszeschielen an déi hei an alphabetescher Reiefolleg ze feieren. Mol eppes anescht, he so?
Wéi all Joer hunn ech bestëmmt iergendeppes vergiess, ech sinn hei net esou genau wéi ech et bei Lëschten iwwer Filmer sinn, also maacht kee Kéipi wan äert Lieblingslidd net dobäi ass. Et ka sinn, dass ech einfach net dru geduecht hunn. An deem Fall dierft der et roueg an de Kommentaren erwienen. Oder et ass effektiv schäiss. An deem Fall kënnt der et fir iech behalen.
(more…)
Wat ass méi traureg wéi e 16jähregen, dee sech d’Liewen hëllt? E 16jähregen, dee sech d’Liewen hëllt, dee virdrun säi Bannescht a wonnerschéine Lidder néiergeschriween an no baussen interpretéiert huet.
De Yoñlu hëllt sech bësse méi wéi e Mount viru sengem siwwenzéngte Gebuertsdag am Joer 2006 d’Liewen; op senger Festplack fënnt säi Papp, e wuelstännege brasilianesche Mann, d’Musek déi säi Jong selwer komponéiert a gespillt huet, an déi ass traureg, melancholesch an awer iergendwéi dach net déi vun engem Mënsch, deen d’Liewen e sou haasst, dass en doraus goe wéilt… denkt een. Emsou méi schued.
“A society in which no tear is shed is inconceivably mediocre” ass alles anescht wéi medioker, vill méi ass et eng Revelatioun. Elliott Smith, Beck, Badly Drawn Boy a Sufjan Stevens si bekanntlech meng léifsten Singer/Songwriter vun de läschte 15 Joer – de Yoñlu vereent Elementer vun deene véier. Säin Album ass dëst Joer um David Byrne sengem Label Luaka Bop eraus komm, 3 Joer no sengem Dout an an enger Zesummestellung, déi e sou wuel ni erwaart hätt.
www.yonlu.com