Bäitrag getagged ‘yeah yeah yeahs’

Lidder vum Joer

Geschriwwen den 7/12/2009 vum Chris5 Kommentaren

wolfgang-amadeus-phoenix-album-coverAll Joer hunn ech eng bëssen anescht Aart a Weis fir meng léifste Lidder vum Joer virzestellen, an amplaz rëm eng Lëscht vu 50 Lidder ze presentéieren hunn ech mech dëst Joer dofir decidéiert déi am Endeffekt awer zimlech normal Zuel vun 20 Lidder rauszeschielen an déi hei an alphabetescher Reiefolleg ze feieren. Mol eppes anescht, he so?

Wéi all Joer hunn ech bestëmmt iergendeppes vergiess, ech sinn hei net esou genau wéi ech et bei Lëschten iwwer Filmer sinn, also maacht kee Kéipi wan äert Lieblingslidd net dobäi ass. Et ka sinn, dass ech einfach net dru geduecht hunn. An deem Fall dierft der et roueg an de Kommentaren erwienen. Oder et ass effektiv schäiss. An deem Fall kënnt der et fir iech behalen.

(more…)

#26 Yeah Yeah Yeahs

Geschriwwen den 3/04/2009 vum ChrisKee Kommentar

A mer sinn duerch mat der Halschent, a wierklech ee vu menge schéinste Momenter als Musiksfan ass mat de Yeah Yeah Yeahs verbonnen. Wéi ech se 2006 um Pukkelpop gesinn hunn, haten se grad hieren neisten Album “Show Your Bones” op de Marché bruecht, dee mat “Gold Lion” och e Semi-Hit ze verzeechnen hat. Ech stoung also am Pukkelpop bäussent dem Zelt vun der Marquee Stage – banne war alles voll – hat meng wonnerschéin orange Reejackett un, meng Levi’s Schong, déi ech sou am Bulli freckt gema hunn, dass ech se einfa do leie geloss hunn, an d’Been vu menger Box ropgekrempelt fir dass se net ze dreckeg géif ginn. Dobäi hunn ech duerchnässte Fritte giess, déi ech mat Genoss an d’Mayonnaise gezappt hunn, déi néirens sou gutt ass wéi an der Belsch. A während dësem Moment hunn d’Yeah Yeah Yeahs “Maps” gespillt, wat ouni Zweifel hiert beschte Lidd ass. An et war sou, sou, sou schéin.

No “Fever to Tell” a “Show Your Bones” ass dëst Joer mat “It’s Blitz!” hieren drëtten Album rauskomm, “Zero” heescht déi éischt Single an knëppt un den interessanten New Yorker Indie-Rock un, deen se bis well scho sou erfollegräich gemaach huet. D’Karen O huet sech iwwer d’Joeren zu enger vun den interessantesten a meescht respektéierten Sängerinnen am Musékgeschäft entwéckelt an huet doduercher och den Job als Komponistin fir de Soundtrack vum Spike Jonze sengem nächste Film Where the Wild Things Are geséchert, e Film, deen ech eventuell (*houscht*) schon emol erwient hunn.

Hei d’Lidder “Maps” a “Zero”(dat zweet ass e Fanvideo, läuschtert einfach d’Lidd an ignoréiert de Rescht):

Plazen 225-201

Geschriwwen den 7/07/2007 vum Chris3 Kommentaren

A weider geet et.

(more…)


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags