Plazen 90 – 81
Ech sinn a Schreiwlaun, wéi der vläicht gemierkt hutt. Dofir geet et direkt virun, soulaang wéi et nach unhält.
Ech sinn a Schreiwlaun, wéi der vläicht gemierkt hutt. Dofir geet et direkt virun, soulaang wéi et nach unhält.
A viru geet et, mat ménger (méi oder manner) immenser Lëscht. Mäi Concours ass iwwregens nach ëmmer aktuell, falls nach iergendee säi Gléck probéire wëll: einfach an de Kommentarer séng Meenung präisginn.
(A just sou niewebäi: all déi, déi “Hot Fuzz” net an de Kino kucke waren, hunn déi beschte Komödie vum läschte Joerzéngt verpasst.)
Vill Leit (dorënner ech) man dem moderne franséische Kino zwee Virwërf: éischtens get zevill Wäert op Dialoger geluecht, zweetens hunn d’Fransousen kee Gespir (vläicht och kee Besoin?) fir eng visuell uspriechend Ëmsetzung.
E Kolleg vu mer seet, et ginn zwou Ausnahmen: “Delicatessen” an “Amélie Poulain”. Bon, den éischten hunn ech net gesinn, mee beim “Amélie” kann ech dat sou ënnerschreiwen.
Zum Virworf Dialoger: d’Amélie schwätzt net wierklech vill an den Nino huet sécher keng 10 Zeilen, déi en am Film sprëcht. Déi, déi wierklech vill schwätzen, sinn d’Niewepersonnagen. Mee d’Geschicht brauch keng grouss Wierder, se get vill méi duerch d’Schauspill vum Audrey Tautou, d’Musék vum Yann Tiersen an dat ganzt visuellt Konzept, wat op de Kontrastfaarwen Rout-Gréng opgebaut ass virugedriwwen. An am Endeffekt, nodeem s d’Amélie jiddereen ronderem et glécklech gemaach huet, get hat et och selwer.
De Film ass am Fong dat schéinste Märchen, wat et get.