Bäitrag getagged ‘woody allen’
Ech hunn déi ellen Tendenz, dass wann ech eppes neies vum Woody Allen gesinn, dass sech dee Moment mäi Gehir ganz einfach ofschalt an ech just nach obsedéiert si vun deem wat ech just gesinn hunn. Sou och hei. Whatever Works gesäit a mengen Aen aus, wéi e richteg gudden, alen New Yorker Allen. Also no genee där Saach, déi ech mer zënter Joeren nees wënschen, och wa seng Londoner Efforten a Vicky Cristina Barcelona och remarkabel sinn. Zu dëm klassesche Woody gesellt sech dann nach d’Genie vum Larry David, an och d’Evan Rachel Wood an d’Patricia Clarkson schéngen vum Woody rem a genee dat richteg Liicht gesat ze ginn. Kuckt iech et un:
Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.
Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.
Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.
D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.
Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.
Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.
Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.
Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

Where the Wild Things Are
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:500 days of summer, 9, a christmas carol, agora, ang lee, antichrist, away we go, bright star, chéri, coraline, fantastic mr fox, funny people, green zone, harry potter, henry selick, invictus, jean-pierre jeunet, judd apatow, l'illusioniste, los abrazos rotos, mammoth, martin scorsese, micmacs à tire-larigot, nine, pedro almodóvar, pete docter, ponyo, public enemies, scott pilgrim, sherlock holmes, shutter island, soul kitchen, spike jonze, sugar, taking woodstock, terminator: salvation, the hurt locker, the imaginarium of doctor parnassus, the lovely bones, the soloist, the tree of life, up, up in the air, watchmen, whatever works, where the wild things are, wolverine, woody allen
Iwwert eise Pianocktail Wonschphone op Facebook huet eisen treien Pianocktailfrënd Joël well fir d’zweet no enger Lëscht vu Filmer gefrot, déi een onbedéngt gesinn hu muss. Eng Kanoniséirung vun där Zort gëtt bekanntlech allsäits bedriwwen: sief et d’Imdb Top 250, déi genial Aarbecht vun They Shoot Pictures, Don’t They? oder och dat allsäits beléiftent Buch 1001 Movies You Must See Before You Die.
Mat sou enger Kanoniséirung dinn ech mech allerdéngs schwiereg. Éischtens, denken ech net, dass et e Geheimrezept gëtt fir Leit, déi wëllen hire Filmhorizont erweideren, fir dat op iergendeng Aart a Weis séier hinzekréien an deem een eng 20-50 Filmer kuckt, an da bescheed wees. Zweetens fannen ech et ëmmer e bëssen umoossend anere virzeschreiwen, wat se kucke, liesen, läuschtre sollen. Goûte si verschidden, an ënnert ménge 25 Filmer, déi ech fir de Joël ausgewielt hunn, sinn der, déi munch aneren net op déi Plaz gesat hätt an et feelen der, déi wuel soss Leit onbedéngt jidderengem recommandéire géifen.
Natierlech ginn et méi Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt, wéi déi 25, déi ech hei opzielen. Zum engen hunn ech allerdéngs opgrond vun der Schwieregkeet vum Thema decidéiert just ee Film pro Regisseur zouzelossen. Do geet Film einfach Hand an Hand mat ménger Astellung zur Literatur: probéier villes, a wat der gefällt, kanns de dech weider drop alossen. Kee wees op en den Emir Kusturica gutt fënnt, bevir en e gesinn huet – allerdéngs sollt jidderee probéiren säin Horizont z’erweideren. De 14. Hitchcock Film ass nach ëmmer technesch brillant, mee beaflosst déng Filmkompetenz net nei, wéi et däin alleréischte Film vum Jane Campion mecht. Dofir jidderee soll a méngen Aen probéiren vast Kino ze kucken, wann en sech dofir interesséiert, an da rauspicken wat séng Pärele sinn. Mir zum Beispill gefällt den Akira Kurosawa wéineg, dofir orientéiren ech mech anescht. D’Meenung hunn ech mer awer als éischt gebild, bevir ech decidéiert hunn aneschters weider ze kucken.
An do komme mer bei dat Anert wat d’Leit am Kapp hale mussen: éischtens ginn et bei ménge Proposen hei nach ëmmer Grënn vu perséinlecher Preferenz am A ze behalen, zweetens hunn ech probéiert net an Nischen ze denken. Kloer, “Stand by Me” ass ee vu méngen absolute Lieblingsfilmer, mee muss jiddereen e gesinn hunn? Ech gleewe kaum – et steigert d’Filmverständnis manner, wéi déi 25 Filmer hei ënnendrënner et man.
A schlussendlech hunn ech nach decidéiert nëmme Filmer bis 1999 ze berücksichtegen, vu dass ech spéider am Joer nach méi en détail op d’Filmer vun desem Joerzéngt wëll zréckkucken.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:12 angry men, 2001: a space oddyssey, a bout de souffle, alfred hitchcock, all about eve, annie hall, apocalypse now, battleship potemkin, blue velvet, casablanca, charlie chaplin, chinatown, citizen kane, david lynch, det sjunde inseglet, e.t., federico fellini, francis ford coppola, fritz lang, georges méliès, ingmar bergman, jacques tati, jean-luc godard, john lasseter, jospeh l. mankiewicz, la dolce vita, le voyage dans la lune, magnolia, martin scorsese, metropolis, michael curtiz, mike nichols, orson welles, playtime, pta, roman polanski, sergei eisenstein, sidney lumet, stanley kubrick, steven spielberg, taxi driver, the gold rush, the graduate, the wizard of oz, toy story, vertigo, victor fleming, west side story, woody allen
War 2007 e Filmjoer wat absolut sensationell war, sou ass 2008 gréisstendeels enttäuschend. Ouni Zweifel – munch Film war brillant, d’Top 10 huet villes ze bidden, Animéiertes, 2 Documentairen, vill Europäesches an en Hond als Haaptduersteller. Mee am Groussen a Ganzen huet de Flair gefeelt, deen 2007, an och 2006 sou genial gemaach hunn.Na ni virdrun hunn ech souvill Filmer an engem Joer gesinn, na ni virdrun war ech sou midd vu Filmer, an ech gleewen net, dass ech mer dat heien nach emol undinn. Net dass ech Filmer manner gäer hätt – am Géigendeel – ech wëll mer méng Léift schützen an net zu engem reng analytesche Betruechter ginn, wéi ech et scho laang riskéiren. Néchst Joer kucken ech manner Filmer, huele mer méi Zäit fir se sénken ze lossen a lossen och mol eppes sausen, egal ob et vill Luew kritt oder net.
Méng Top 10 sinn ze Grousse Stécker relativ düster geroden. Wat mech selwer wéineg iwwerascht, vu dass anerwärteg dest Joer wéineg erbauleches ervir komm ass. An och wann ech Tonne Filmer gesinn hunn, sou awer net all. Munchereen hunn ech och dest Joer verpasst, déi bekannteste wieren: Der Baader Meinhof Komplex, Doubt, Entre les Murs, Gran Torino, Rachel Getting Married an Synecdoche, New York. Ofgesi vum franséische Palme d’Or Gewënner an dem Charlie Kaufmann séngem Regiedebut gleewen ech souwéisou net, dass ee vun deene Filmer eng gréisser Roll gespillt hätt.
Mee op alle Fall: déi 11 Filmer, deenen ech soss eng Éier wëll matdeelen, och wann se net an d’Top 10 rakomm sinn, stellen ech hei vir:
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:andrew stanton, danny boyle, darren aronofsky, encounters at the end of the world, hallam foe, in bruges, låt den ratte komma in, pineapple express, slumdog millionaire, stephen daldry, the reader, the visitor, the wrestler, vicky cristina barcelona, wall-e, werner herzog, woody allen
Den neie Film vum Woody Allen kritt keng Distributioun a Groussbritannien, genee sou wéi “Scoop” virun engem Joer. Dat heescht, wann ech e gesi wëll (an dat ass natierlech de Fall), muss en nach a Lëtzebuerg lafen, wann ech heemkommen. Dofir bieden ech jiddereen, déi néchst fënnef Wochen eng Kéier d’Woch an den Utopia ze goen a sech de Film unzekucken, fir sécher ze stellen, dass ech e gesinn.
Merci.
EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi drëtt Episode.
“Anything else” (2003)
Regisseur: Woody Allen
Dréibuch: Woody Allen
Cast: Woody Allen (de Maestro himself), Christina Ricci (méng grouss Kannerléift), Jason Biggs (den Haaptduersteller aus den “American Pie”-Filmer) an den Danny DeVito (muss ech net virstellen, oder?).
Munchereen seet, de Woody huet laang kee gudde Film méi gemeet. Anerer soe méi präzis, dass et säit 1994,1989 oder 1985 näicht Guddes méi vun em gi wier. Dat halen ech alles fir Kabes.
Okay, en Niveau vu séngem 1977-79er Streech (“Annie Hall”, “Interiors”, “Manhattan”) z’erreechen ass em net méi gelongen. Mee ween erwaart da sou eppes? “Hannah and her Sisters”? Herrlech. “Crimes and Misdemeanours”? E Genoss. “Bullets over Broadway”? Genial. A schließlech “Match Point”, deen ech voller Hybris an d’Gesellschaft vun den Enn 70er Meeschterwierker setzen.
Mee hei geet et em “Anything else” a wann der sou wëllt och em all aneren vill kritiséierte Woody-Film. “Anything else” ass natierlech näicht neies, jiddereen deen de Woody kennt, weess dass en sech net nei erfënnt. Mir hu rem e gescheiterten, liicht neuroteschen Artist an enger heikler Bezéiung zu enger jonker Joffer. Dozou gesellt sech nach säi Mentor, dee se absolut net méi huet, natierlech vum Woody selwer gespillt.
An de Film ass einfach witzeg a sympathesch. Méi net. Et ass kee grousse Kino, nee, et ass e gudde Film, deen d’Leit net zevill beusprocht. Et ass kee vum Woody sénge beschten, mee awer na besser wéi dat meescht wat rauskënnt.
Einfach mol e Screenshot aus engem Film. Ech denken, ech man dat lo méi oft.
Plus Zitat.

Love is too weak a word for what I feel – I luuurve you, you know, I loave you, I luff you, two F’s, yes I have to invent, of course I – I do, don’t you think I do?
Normalerweis hunn ech besser mech net op Filmer ze freen, virun deem iergendeen se gesinn huet. Et geet neemlech meeschtens grëndlech an d’Box. Rezent Beispiller: “Marie Antoinette” oder zwee Filmer op déi ech mech säit engem Joer freen, mee nach ëmmer net raus sinn. Kee gutt Zeechen. Mee a ménger Lëscht (scho rem eng) si se alt rem dobäi.
Ech hunn einfach mol, méi oder manner instinktiv 10 Filmer an enger Lëscht zesummegeklakt. Ech freen mech wierklech op se all, an ech mengen et si réicht zwee Stéck dovun dem Publikum virgestalt ginn. Een dovunner krut grauseg Kritike, den aneren wonnerbarer. Also, ech si gespaant.
Als éischt mol nach Filmer op déi ech mech freen, déi just na net a Lëtzebuerg ugelaf sinn: “The Fountain”, “Breaking and Entering” an “Clerks 2″. Déi missten awer geschwënn do sinn.
Dann em puer, déi am Laf vum Joer, oder och réicht Ufank 2008 misste kommen, déi et awer net a méng Lëscht gepackt hunn:
- Sweeney Todd vum Tim Burton, mam Johnny Depp, Helena Bonham Carter, Sacha Baron Cohen an Alan Rickman. Iergendwéi trauen ech dem Tim Burton zou, heimadder e rieseg grousst Debakel ze produzéiren. Et kéint awer och genial ginn. Wann de Film do ass, wësse mer ob d’Geschicht vum mörderesche Coiffeur gutt bei him opgehuewen ass oder net.
- My Blueberry Nights vum Wong Kar Wai mam Norah Jones, Jude Law, David Strathairn an Natalie Portman. Dem Wong Kar Wai säin éischten engleschsproochege Film, dofir sinn ech skeptesch. Dozou kënnt, dass d’Geschicht fiirchterlech no “Crossroads” oder “Glitter” kléngt. Mee kann de Wong Kar Wai e schlechte Film dréien?
- Pirates of the Caribbean: At World’s End vum Gore Verbinski mam Johnny Depp, Keira Knightley, Orlando Bloom an Geoffrey Rush. Den zweete Film huet mer bei der zweete Kéier, dass ech e gekuckt hunn, awer nach gefall. En ass gutt. Mee wéi der Däiwel soll déi Geschicht lo weidergestréckt ginn? Gespaant sinn ech iergendwéi nach net.
- Motherless Brooklyn vun a mam Edward Norton. D’Geschicht handelt vun engem Flic mat Tourette Syndrom. Ech si jo e grousse Fan vum Norton, mee “Keeping the Faith” war net sou den Hummer, dass ech hei och nach méng Zweifel hegen. Et kléngt fir mech bësse sou, wéi wann den Ed Norton sech séng Roll, mat däer en den Oscar gewanne wëll, selwer gecschriwwen huet. Firwat net, wann et gutt ass?
An nom Strëch da méng 10 Filmer.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:assassination of jesse james, cassandra's dream, david fincher, edgar wright, hot fuzz, matt damon, my blueberry nights, paul greengrass, pirates of the caribbean, pta, southland tales, spider-man 3, sweeney todd, the bourne ultimatum, the other boleyn girl, the simpsons movie, there will be blood, wong kar wai, woody allen, zodiac
Gëschter ass mäin Ubieden vum Stanley Kubrick op en Enn gaang, haut ass Schlus mam Woody.
Deen entgéint dem Fede sénger Meenung nach ëmmer lieft. An exzellent Filmer dréiht.
“Annie Hall” ass 30 Joer al an den Héichpunkt vum Woody séngem Schafen. Et ass net nëmmen de Film fir deen en dat beschten Dréihbuch geschriwwen huet, mee och deen mat der beschter Regie, an deen an deem en am beschte spillt. Ech genéissen et einfach sou eppes wéi “Annie Hall” ze kucken, well den Alvy Singer… sinn ech. Just am absolut extremen. Dat neurotescht Gesouers, dass en et einfa net mat Fraen op d’Rei kritt, an déi bescheuert Witzer. Et ass wéi wann de Woody dee Film extra nëmme fir mech geschriwwen hätt 10 Joer virun deem ech gebuer sinn. Et get einfa näicht besseres.
Ah dach, jo ee Film.
Dee kënnt muer.
Hunn ech et scho mol erwient? Woody = Gott.
A “Manhattan” huet de beschten Ufank vun all de Filmer op dëser Welt. Alleng dofir ass de Film op Nummer 6. Dovun ofgesinn fannen ech natierlech wéi ëmmer den Humor exzellent an et genial, dass de Woody et fäerdeg bréngt sech wierklech am Film eng 17jähreg Frëndinn ze ginn. Do muss ee scho Culot hunn. A se dann ze verloossen, an da remzewëllen. Et ass dach su herrlech. Herrlech… ach.
Fir déi, déi nach ëmmer dee ganze Wouscht liesen: wat si wuel d’Top5?
Older Posts »