Bäitrag getagged ‘watchmen’

Watchmen, seng Title Credits an d’Perceptioun um groussen Ecran

Geschriwwen den 10/03/2009 vum NicEe Kommentar

Wei kann een unhuelen dass een vun deenen visuell beandrockensten Filmer am Kino net vill méi spektakulär kann sin?

En Snyder spillt ganz stark mat Effekter déi just am Kino funktionéiren. An wann ech schréiwen “funktionéiren”, dann mengen ech daat. Se wierken ob engem klenge Bildschirm net just méi schwaach, mais se funktionéiren net. Zum Beispill ass et net ze erkennen waat sech graad beweegt, an waat statesch ass, wann een et um klengen Bildschirm kuckt. Doduech bemierkt een den graduellen Ennerscheed an der Vitesse vum Film net. Am Kino fällt direkt ob dass et zum Schluss hin emmer méi séier gett, resp. d’Slow Motion emmer manner staark. Daat ass wichteg (Comic gett méi reel?), mais kaum ze gesin um Internet.

Natierlech kanns de lo soen “Daat hun ech gesin. Ass dach offensichtlech.” Wéi ass et dann mat den (ganz subtilen) Vertigo Effekter? Et sin der dran, mais se sin just am Kino ze gesin. Héiansdo sin se zwar sou stark an offensichtlech dass se och um Fernseh gin (LotR I, wann den Frodo zu den Hobbits seet se sollen vun der stroos roof), mais daat ass hei net sou.

Wéisou? Well en Vertigo Effekt drop ausgeluecht ass den Zuschauer ze disorientéiren. D’menschlecht Gehier orientéiert sech ennerbewosst un Referenzpunkten, fier eng Idee vun Distanz an Positioun ze kréien. Am Kino (wou et donkel ass, an d’Leinwand sou grouss dass een naicht aanescht am Bleck huet wéi d’Bild) ass daat den Hannergrond vum Bild. Den Bam ass méi kleng wéi d’Fra, also steet d’Fra méi no wéi den Baam. Wann den Bam méi grouss gett, muss d’Fra och méi grouss gin oder sech ob de Bam duer beweegen. Sou wait, sou gudd. Wann den Bam awer méi grouss gett an d’Fra, ouni sech ze beweegen, méi kleng (daat geet duech en komeschen Zoom, deen ech net erklären well/kann), dann sin mer onbewosst disorientéiert an logescher wéis veronsechert an eiser Perceptioun. Daat geschidd bäi desen Credits am Kino z.B. mat der Schreft an mat den Léit am Fier- an Hannergrond. Mais et geet just am Kino, well ob engem klenge Bildschirm gesin mer waat ronderem d’Bild ass. Well éist Gehier net domm ass sicht et sech emmer déi “secherst” Referenzpunkten; also den Rand vum Bild oder vum Bildschirm oder d’Mauer hannert dem PC. Et gett also net verwirrt. Et ass z.B. och dofier dass een bäi verschiddenen opteschen Täuscheungen soll ganz no un d’Bild goen fier dass se gin.

Dann ass den Effekt vum permanenten rauszoomen. Um PC gesait et just komesch aus, well mer alles direkt gesin. Am Kino net, well mer ob engem grousse Bild net glaichzaitesch kennen registréiren waat op deenen 2 Saiten geschidd. Eis Aan (an an dem Fall vum Chris, Fede an mier, éis Käpp) mussen sech also beweegen. Mier hun d’Gefill dass mer net alles gesin. Awer just am Kino.

Dann ass daat mam Sound. Am Kino ass et (meechtens) méi haard wéi um PC. Am Kino sin och verschidden Téin déi vun hannen kommen. Applaus oder Kaméidi,… Daat huet och bewosst an ennerbewosst Effekter. Dorop kann een aaneren agoen.

Eigentlech schreiwen ech net gär iwwer soueppes, well et mer emmer fierkennt wéi wann een e schéint Gebei oofrappt fier kennen d`Zillen ze ennersichen. Mais ech wollt des Geleegenheet notzen fier mol drop hinzeweisen dass et eigentlech schon arrogant genuch vun éis all ass en Wierk (an daat gellt fier all Film) an daat souvill Gedanken, Aarbescht an Iwwerleeung gefloss ass – well näicht waat ech erwient hun ass einfach sou zu staan komm – einfach sou ze bewerten an ze jugéiren. Natierlech ass et akzeptabel dass mer et maachen, et soll een sech jo en Bild maachen. Mais et soll een net vergiessen dass een vlaicht net alles versteet oder iwwerhaapt matkritt. An iwwer eppes ze jugéiren waat een net richteg gesin huet, ass relativ umoosend.
(aus de Kommentarer vum Nic, beaarbecht vum Chris)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:

Watchmen

Geschriwwen den 8/03/2009 vum Chris19 Kommentaren

Eng richteg Kritik iwwert de Film ass fir mech aus folgende Grënn onméiglech: ech hunn d’Graphic novel net gelies, a wéilt de Film an der Kritik gäer domadder vergläichen; de Squibby huet de Bus verpasst an dofir krute mer just nach eng Plaz an der éischter Rei an ech si mer sécher, dass ech d’halschent vum Film guer net gesinn hunn. Dofir hunn ech mer geduecht, ma mer dat ganzt méi einfach, a beschränken eis op e lëschtege klenge Pro a Kontra:

+ d’Geschicht u sech.
+ visuell absolut immens, Art Direction a Kamera produzéiren lecker eye candy.
+ d’Title Credits. Mega.
+ d’Malin Akerman als Silk Spectre II. Ehm, jo…
+ den Danny aus “Grey’s Anatomy” mat Flammenwerfer.
+ de Schluss mam Rohrschach senger “Revanche”.

- iwwerdriwwene Gore.
- 723,4 Slo-motion Sequenzen.
- dem Leonard Cohen säin “Hallelujah” an enger Sexszen.
- bëllege CGI bei der Kreatioun vum Dr. Manhattan.
- d’Akzeptanz vun Utalitarianism.
- de Film ass sou, sou, sou, sou laang. Schneid dach eppes raus.

Wier dat alles? Sécher net. Mee egal.

Bewertung: **1/2 / ****

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:

Filmvirschau

Geschriwwen den 23/02/2009 vum Chris6 Kommentaren

Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.

Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.

Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.

D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker
vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.

Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.

Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.

Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.

Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

where-the-wild-things-are-20081213081203698_640w

Where the Wild Things Are

(more…)


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags