Bäitrag getagged ‘walen’
Geschriwwen den 4/06/2009 vum Thorben18 Kommentaren
An de Wahlen huet een jo vill Schissi erliewt, an cool Wahlkado’en krut ech och net. Ech hu mäi politeschen Choix schon virun e puer Deeg oofgeschéckt. An ech si frou, wann dee ganzen Rummel riwwer ass. Mee haut hun ech ob RTL.lu – déi eenzeg respektabel Online-Zeitung – (natierlech ass et traureg dat ze soen, mee si mer dach mol éierlech, dat ass dach d’Situatioun) eppes gelies wat mer Freed gemaach huet:

De Jean-Claude an d'Bieren
Hannert deenen mysteriéisen Iwwerpechungen vun de Walplakaten stungen dräi Äisbieren. “Teddy, Boby a Wendy: Esou nenne sech déi 3 “Polar-Bieren”, déi zanter e puer Méint zu Lëtzebuerg sinn. Elo soe si, si hätten d’Wahlplakater iwwerpecht.” Ech fannen dass déi Aktioun aus e puer Grënn gudd ass. Natierlech ass et net korrekt, Wahlplakter ze iwwerpechen, och wann ech bei gewëssenen Plakater méi wéi eng Kéier déi intim Intentioun gehegt hun. Mee an deem heiten Fall gouf d’Walplakat zwar iwwerpecht, mee awer net sou, wéi wann een domat d’Plakat géing futti man. Dann haat déi ganz Saach e gewëssenen Spannungsbou. Immens wor et, och wann ech net weess ob et geplangt wor, wéi dann dräi Leit vun der Police festgeholl goufen. D’Medien hun doriwwer beriicht (wat se net gemaach hätten ouni d’Verhaftung) an ëffentlech spekuléiert, em wéieng 20% et géing goen. Elo an der drëtter Etapp gin d’Fuerderungen da kloër, an déi 3 Äisbieren tauchen ob. D’Äisbieren sin natierlech ideal als Fuerderungssteller. An de Pianocktail – deen eenzegen gréngen Blog a Lëtzebuerg – ennerstëtzt natierlech déi Fuerderung.
Ween dohannert steet, ass natierlech Spekulatiounssaach. Ech géing mech freen, wann den Auteur géing anonym bleiwen, well een sou nämlech all Ressentiment géing divers potentiell Initiatoren (déi Gréng, Greenpeace, WWF etc) kann ausschléissen. Zumols well et vun deenen éischten net fair wier dat ze man, déi zweet éischter fir peniblen Aktionismus (cf. Green Deal an der Chamber) bekannt sin, an drëtt eigentlech besser hätten, hieren éischter rouegen Image ze halen.
Geschriwwen den 29/05/2009 vum Thorben42 Kommentaren
Schamlos klauen ech hei Songtitelen. An ech si frou wann déi schäiss Wahlen riwwer sin. Ech hun meng Skye Vakanz liicht verletzt iwwerstaan an reegen mech iwwer Reklamm ob Facebook ob. Extrem gudd doran sin d’LSAP, mee awer och déi Gréng, d’CSV an sou weider.
Wou ass de Problem? Reklamm ob Facebook, MySpace, StudiVZ an Konsorten funktionéiert net.
Nach méi schlemm ass et, dass dat en aalbekanntenen Fakt ass. An dat gesäit een oft. Et ass net seelen, dass een an enger Zeitung eng Minireklamm gesäit, déi näischt bréngt. Dat betréfft zumols oft kleng Betriiber, déi net d’Suen hun fir e groussen Reklammbudget wechzeblosen. Ech froen mech awer, ob d’Partei déi Reklammen finanzéiert oder ob d’Kandidaten déi Reklammen selwer buchen. Am éischten Fall wier dat en epescht Versoen vun den Agencen, am leschteren Stümpertum vun de Kandidaten.
Geschriwwen den 14/05/2009 vum Thorben17 Kommentaren
Wahlkampf kënnt méi an den Internet, an och a Blogs. Pianocktail liest bei Politikblogs eran. Dës Lëscht ass net vollstänneg, mä gëtt gären, wann e Blogger sech vernoléissegt fillt, erweidert. Pianocktail definéiert e Blog u folgenden, allgemenggëltegen Caractéristiquen: et ass en Weblog, gëtt regelméisseg geupdate, bitt RSS Feeds an Kommentarfunktiounen un. Déi lescht 2 si wichteg fir et vun enger normaler Homepage ze differenzéieren. Mir ginn eng Note vun 0-5 ob d’Aktualitéit, eng Note vun 0-5 ob d’Gestaltung vum Blog an 5 Punkten ob den Userfeedback. Dat gëtt dann eng Note ob 15 Punkten. 0 ass nonexistent, 1 ass ganz schlecht, 2 ass schlecht, 3 ass okay, 4 ass gutt, 5 ass ganz gutt. Do dierft elo awer jiddereen frou sinn?
(more…)
Geschriwwen den 5/05/2009 vum Thorben31 Kommentaren
Pianocktail ass onpolitesch a blablabla.
All Partei léisst mol eng kommen. Sou och déi Gréng. Während laut hierem Wahlprogramm Edukatioun een vun den dräi Pfeileren ass, huet dat an der Wierklechkeet praktesch Grënn: Offensichtlech brauchen déi Gréng selwer heiansdo Noohellef. Dat gëtt zB däitlech, wann een hieren neien T-Shirt kuckt mat deem se an hierem Grénge Bus ennerwee woren.
Do léiren mir dass Gréng Fraën ob Männer stin, déi recycléiren. An well dat doof kléngt, loossen mer et mat eingem einfachen Trick cool kléngen: Mir soen et ob Englesch. Wann dann do net déi verflixten Grammaire wier. Léif Gréng, “I love boys that recylcle” gett eng Datz. Hisetzen goen.
KORREKTUR: Déi Gréng kënnen hir Grammaire, den Thorben net. Edukatioun ass zu Recht e Grondpfeiler vun der grénger Politik, well sou munches muss do nach gemaach ginn, wéi et schéngt.
Den OED seet eis dozou ënnert dem Antrag zu “that”:
2. Introducing a clause stating something additional about the antecedent (the sense of the principal clause being complete without the relative clause). Now only poet. or rhet., the ordinary equivalents being who (obj. whom) of persons, and which of things.
Dofir hei eng Entschëllegung un déi Gréng. An offiziell: Pianocktail loves boys that recycle. (Chris)
Geschriwwen den 29/04/2009 vum Thorben11 Kommentaren
Voilà, RTL ass absolut top bei de Lëtzebuerger Medien a puncto Innovatioun, an och déi Serie iwwer jonk Politiker ass flott. Wat RTL awer net gesin huet ass, dat d’Obmierksamkeetsspaan vun deenen meeschten an eisem Alter ënnert enger Minutt läit soulaang mir net all eisen Ritalin kréien. Dofir huet Pianocktail dat wichtegst fir Iech nach eng Kéier zesummengefaasst
Gesondheetswarnung: Mir rooden dovunner oof, dem Chris säin Drénkspill mat anerem Gedrénks wéi Béier ze spillen. Ween dat mat groussen Béierschluppen mecht huet herno eng am Gesiicht. Wann ee Mensch vu menger Statue (185cm, 80kg) et géing mat Drëpp man, géing ech et ob 4,65 bis 4.95 Promill bréngen, een vum Chris senger Statue suguer ob 5,49 Promill. Wann een Vodka (wat jo üblech ass) géing huelen géing dat suguer ob 6,61 Promill klammen. Déi meescht vun eisen Lieser géingen da wuel de Wee an d’Spidol mol net méi untrieden an géigen direkt an Inoxkeschten kommen. Dat welle mir jo net.
Et ass genial, ze kucken, dass de Ralph Hellinckx vum adrenalin kee Saz riicht zu Enn brénge kann an dofir am Fong all Saz mat “voilà” ophält a “voilà”. Et ass net sou schwiereg e Saz zu Enn ze bréngen, mä firwat dat propper man, wann een et och kann gekonnt op d’Aart a Weis léisen wéi de Ralph an einfach de Leit virspillen, dass nach en Niewesaz kënnt, deen dann awer ganz séier verschwënnt.
Dofir hei en Drénkspill: all Kéier dass de Ralph “voilà” seet, e Shot. Vill Spaass beim décke Kapp. Extrem witzeg ass allerdéngs och, dass e guer keng Anung ze hu schéngt, wat e selwer wëll oder wat d’adr a sengem Programm seet.
Hei de Video op RTL, deen an enger allerdéngs ganz interessanter Serie steet, an där RTL sech interaktiv mat jonke Politiker ënnerhält. ‘t ass absolut kuckenswäert. A voilà.
[PS: jo, ech man en adr-Politiker rof, mee sou onpolitesch wéi eise Blog och ass, dat däerf jo wuel nach erlaabt sinn. Déi serieux Parteien (Biergerlëscht, CSV, gréng, KPL, Lénk, LSAP) ginn hei dofir ni onofhängeg vun marketingstrategesche Gesiichtspunkten (Internetsite, Goodies, Campagne, etc.) betruecht. Versprach. Hei ass kee Walkampf, mä just e Guide zur Analys dovunner.]
Geschriwwen den 21/04/2009 vum Thorben31 Kommentaren
Hiweis: Pianocktail ass en onpoliteschen Blog. Kee wees wéieng Parteikaarten de Nic, de Joki, de Chris oder ech hun, an dat ass och gudd sou. Deen heiten Post bezitt sech ob den Web-Obtrëtt vun de Parteien an hëllt hier Programmer net an Uecht. Politesch Diskussiounen gi wou anecht gefouert.
Am Juni sti rem Wahlen un. An et sin net déi éischt Wahlen wou den Internet eng Roll spillt. An awer ass den Internet emmer méi zentral an eisem Liewen gin, an spéidstens nom Obama misst gewosst sin, dat den Internet eng immens Muecht huet. Dat wéssen och bestëmmt d’Parteien a Lëtzebuerg. Pianocktail beäugt kritesch d’Säiten vun de Parteien an hieren Jugendorganisatiounen. Mir gin all Partei eng Lëtzebuerger Schoulnote ob 60 Punkten! D’Partei zielt zu 2/3, d’Jugend zu 1/3 am Schlussklassement. Wee keng Jugendorganisatioun huet, gett dofir net bewäert mee kritt de béisen Fanger vun eis gewissen.
Geschriwwen den 30/03/2009 vum Thorben16 Kommentaren
Hiweis: Pianocktail ass en onpoliteschen Blog. Kee wees wéieng Parteikaarten de Nic, de Joki, de Chris oder ech hun, an dat ass och gudd sou. Deen heiten Post bezitt sech ob den Web-Obtrëtt vum ADR.
Den ADR ass nach ëmmer belaascht mat der Usiicht se wieren populistesch an hätten keng richteg Motivatioun. Dat loosse mir mol am Raum stoen. Déi lescht Joëren probéiren si sech emmer méi ze repositionéiren. Aus dem Aktiounskomitee 5/6 gouf dann den Aktiounskomitee fir Demokratesch Rentengerechtegkeet an dann elo déi Alternativ Demokratesch Reformpartei. (more…)