Uaaaaah. Den Nic alias Hugo Stiglitz huet mech de mëtten wéi mer Inglourious Basterds mat Harespele gespillt hunn, dorop opmierksam gemaach, dass ech et bis ewell vergiess hunn d’Gewënner vun de Pianocktail Awards z’annoncéieren. Dofir hei elo, mat 6 Méint Verspéidung d’Gewënner, just fir dass alles seng Richtegkeet huet:
(more…)

#10 MAN ON WIRE
(James Marsh)
“Feel-good film of the decade” gëtt Slumdog Millionaire op de Poustere genannt, eppes wat ech scho mol kritiséiert hunn. Mee de Film, dee wierklech e gutt Gefill an engem ausgeléist huet dest Joer, ass Man on Wire. Den Documentaire iwwert de franséische Seeldänzer, deen 45 Minuten tëscht den zwee Tierm vum World Trade Center séng Show ofgezunn huet, ass sensationell schéin. An e gëtt engem e gutt Gefill – sou e gutt Gefill, wéi soss wéineg Filmer produzéiren, vu dass en neemlech déi Schéinheet implizéiert, déi an American Beauty beschriwwe gëtt: eppes wat sou schéin ass, dass et bal net z’erdroen ass.
(more…)