Bäitrag getagged ‘twitter’

Webkonfusiounen: Lëschten, Léift an Lorbeeren

Geschriwwen den 2/12/2009 vum Thorben14 Kommentaren
Wee Loscht op Schnësskichelcher huet, soll op Méi liesen… klicken, do gëtt et d’Chance fir mol sou richteg oofzestänkeren.

Während de Chris sech hei orgasmesch (ass dat e Wuert?) a Lëschten ergötzt an probéiert eist Jorzéngt, dat réischt an engem Joer an engem Mount ophält, ze huldegen an ze quantifizéieren (wéi sot de Jeremy Clarkson e Sonnden bei Top Gear: Lists are a manly thing, they need to quantify everything), maachen aaner Leit dat och.

Déi däitsch Musékszeitung Intro (där ech nach emmer net iwwert de Wee trauen) huet hier bescht 100 Lidder vun den “nuller”-Joer erausbruecht. An soen mir emol sou: Déi Lëscht ass net meng Top-Song-Lescht, mä wann een awer eng End-Of-Decade-Party well man (oh nee! wat eng Idee! Ech well dat man. Déi nächste Kéier dass ech déi Chance hunn sinn ech iwwer 30 a mäi Liewen wahrscheinlech riwwer), dann wier dat doten eng hammer Playlist (ech hu grad esou loscht op Mr. Brightside ze danzen). Do sinn esou Saachen dobäi Hurt vum Cash, Remmidemmi vun Deichkind (omg, good memories), Landungsbrücken raus, die Schönheit der Chance, D.A.N.C.E., Pogo, Skinny Love, Crazy an sou weider. Ech kann et net erwaarden dass een dat als Package op den Torrent setzt an well déi ganz Nuecht danzen.

Léift ass bekanntlech ëm Chrëschtdag jo rëm all around. Et ass scho bal e bëssen Old-Fashion sech ze bestueden, och wann dat ganzt a mengem Bekanntekrees nawell viirkennt. Déi heiten Koppel op YouTube gëtt vum Paschtouer bestued, an éier se sech kussen zécken se béid hieren SmartPhone fir just kuerz op Facebook den Relationship Status ze änneren an iwwert hier Hochzäit ze tweeten (Iwwregens: @pianocktail_lu ass rem do). Dat ass natierlech en immenst Showelement an éischter e Geck wéi soss eppes. Mä: Et weist awer wou et higeet an wéi Social Networking net nemmen eng Aktivitéit vun eisem Liewen gëtt, mä e Stéck vun eisem Liewen gëtt. An der Wired (best print magazine, ever. Mä dozou spéider méi.) ass en Whitepaper geleaked nodeems Twitter plangt bis 2013 eng Milliard User ze hunn. Wee weess. Ech ka momentan net dru gleewen, mä ech hunn awer geléiert dass een net méi dierf soen: dat geet ni. Mir wäerten gesinn. Och wéi den @6eorges den Doud vu senger Kaz (Futsi, rouh a Fridden) matgetwittert an mat Fotoen beluecht huet, huet dat vill Useren vläit irritéiert, oder ameséiert, an vill wossten net wéi reagéieren, mä ech gesinn, an gleewen drunn dass dat nach wäert weidergoen, dass Leit hier Emotiounen an Gedanken op sozialen Netzwierker deelen. An dat huet fir mech just nach zum Deel mat Exhibitionismus ze dinn, mä vill méi mam fait, dass mir Menschen eis Gefiller ausdrécken wëllen an vläit mussen, an wann Social Networks Deel vun eis sinn, dann ass dat eng logesch Konsequenz.

Genuch Gedanken, lo gett gebashed an geluewt. De Chris huet gesot, hee well net rem Blog Awards verléinen, well dat just gestänkers gëtt. Wou en wuel recht huet. Mir ass dat awer egal, mä ech weess nach net, op ech et man. Egal wéi. Hei hutt dir d’Méiglechkeet anonym Leit fir de beschten, schlechtesten (lëtzebuerger) Blog, Post, Kommentar ze nominéieren an eis en Idee ze ginn, wat iech beweegt huet an de Joeren 2008 an 2009. Dir musst och net alles ausfëllen. Also, soot et eis!

(more…)

The Twitter Experience: Mäi Fazit

Geschriwwen den 11/03/2009 vum Chris3 Kommentaren

Et sinn em puer Deeg vergaang zënter dass ech mäin Twitter Account no 10 Deeg Twatdosinn nees geläscht hunn. Ech hat am Viraus ugekënnegt, dass ech dat sou hale géif, an d’Saach huet mech o net vum Géigendeel iwwerzeegt. Trotzdem, wéi ech schon ugekënnegt hunn, wëll ech Twitter hei lo net verdäiwelen, éier verteidegen ech et souguer als eng interessant, wann och net essentiell Webspillsaach.

(more…)

The Twitter Experience – 10 Deeg Twat

Geschriwwen den 26/02/2009 vum Chris38 Kommentaren

Oft hunn ech dogéint gestänkert, et als Schrott bezeechent, mech iwwert seng Schäissheet mokéiert. Lo ännert sech dest allerdéngs (oder och net) fir 10 Deeg (oder méi). Ech hunn decidéiert mech selwer op en eklegt Selbstexperiment anzeloossen an deem ech mech an d’Niederungen vun deem beginn, wat ech am meeschten verabscheuen: ech melle mech fir 10 Deeg bei Twitter un, bloggen driwwer (dat nennen ech 2.0), an decidéiren um Schluss ob et wierklech den Hype schlechthin verdéngt huet, oder ob et dat ass woufir ech et bis well gehal hunn – Schäääiss. (Dat musst der mam Joy Hoffmann senger Aussproch liesen.)

Wat huet mech dozou bewegt: ganz einfach den John Cleese an den David Lynch. Wann zwee sou Genies sech hir Zäit domadder verdreiwen ass et vläicht jo guer net dee Quatsch. Vu dass ech vun internen Ofleef net vill verstinn, verloossen ech mech mol drop, dass d’Lëtzebuerger Blogosphär mer um Wee ran (an eventuell rem raus) zur Säit stoe wäert. Dat hei ass Dag 1 vum Experiment.

DAG 8 (05/03/09)
17:48 Twitter ass haut zimmlech dout bis ewell. De geleeëntleche Clive Owen Witz, e bësse Gesouers vum Thierry. Näicht wat een net och anzwouch anescht kriit.

(more…)


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags