Bäitrag getagged ‘trailer’
Lues awer sécher fänken ech un mech ze froen, wéini ech eigentlech soll zum Studéire kommen, wann permanent Filmer rauskommen, déi mech interesséieren. Dass ech eng Schwächt fir den Ang Lee hunn, wësst der opmannst duerch meng Verteidegungstaktiken fir seng Versioun vun Hulk, dass den Demetri Martin ee vu menge Lieblingskomiker ass, dierft och bekannt sinn, an da wier do nach den Emile Hirsch, deen an allem brilliant ass, an mat Into the Wild an als menger Meenung no beschtem Niewenduersteller a Milk grad op enger Well vu Succès schwëmmt.
Klak nach e bësse Rock’n'Roll dobäi, nenne mer et mol de gréisste Rockfestival an der Geschicht vun der Mënschheet, an du hues e Film, deen ech net verpasse wëll. An dese Film nennt sech Taking Woodstock an huet well en Trailer:
En Trailer bei dem mer d’Waasser am Mond zesumme leeft. Zemols an der leckerer HD Qualitéit, déi der bei Apple kritt. An ech son et nach emol: all dat wonnerbart Geschir wäert mech herno dozou bréngen, dass de Film mech enttäusche wäert. Publizéiert mol eppes net sou Guddes, just fir mech e bësse vum Trip rofzebréngen.
(Merci un de Joël fir den Tipp.)
Dass ech de Sam Mendes fir de villsäitegsten an och fir ee vun de beschte Regisseuren vun eiser Zäit halen, hunn ech schon em puer mol erwient. Dass en allerdéngs eng kleng Indie-Comédie dréie géif hätt ech mer nimols vun em erwaart. Op jidfer Fall huet en et gema, an dat Ganzt nennt sech “Away We Go” a kënnt wuel an de Summerméint a Lëtzebuerg an de Kino.

Un film de Almodóvar.
Wonnerschéin. Hu mer schon e Pouster vum Joer?
Ech si sou, sou, sou gespaant, wéi den neie Film vum Judd Apatow am Endeffekt si wäert. Desen Trailer gesait engersäits fuerchtbar aus, anerersäits huet e meng Erwaardung nach emol gesteigert. Erklär mir een dat.
PS: E Méindeg, meng alljährlech Filmvirschau, mat den 10 meeschterwaartete Filmer vum Joer.
A méngem éischte Bäitrag zu den Oscars virun em puer Wochen hunn ech de Film schon erwient. An iergendwéi steigt mäin Interesse drunner ëmmer méi, net nëmmen well de Film den héchste Präis beim Réimer Film Festival gewonn huet. En handelt vun engem 16jährege Meedchen, dat schwanger gëtt a säi Kand ausdréit fir et enger Koppel dono ze ginn. Regisseur ass den Jason Reitman (zweete Film no “Thank You for Smoking”), an d’Dréibuch ass geschriwwen vum Diablo Cody.
Diablo Cody? Komeschen Numm. Jo, well et ass e Pseudonym, deen hatt sech ginn huet wéi et ugefaang huet ze bloggen. Richteg gelies, eng Bloggerin um Wee zum Oscar. En Triumphzug vum Web 2.0 géif ee jo scho bal soen.
Mee vu dass sou Gedanke mech net intresséiren, mee ech extrem gespaant op de Film sinn, hei den Trailer fir ee vun de méigleche Gewënner vum Oscar fir de beschte Film 2008.