Déi lescht dräi Deeg hunn ech sou gutt geschlof, wéi säit Wochen net méi. Et war e Genoss, an doduerch ass och rëm e bësse Liewen a mäi Kierper gehaucht ginn. Du gëschter Owend hunn ech endlech Up gesinn, an ech muss soen ech war e bëssen enttäuscht. Net, well de Film schlecht gewiescht wier – em Gottes Wëllen, et ass Pixar! – mä well en einfach deelweis vun der Narrativ hir Schwächte gewisen huet, déi ech mer als verwinnte Pixar-Fan net erwaarden. En plus hunn ech d’Faarwen duerch den 3D Brëll e bëssen ze matt fonnt, an méi wéi eng Kéier am Film de Brëll einfach ofgesat, well ech déi ganz Herrlechkeet erliewe wollt. Sou ass et eben. Wann s de ëmmer wonnerbar bass, an eng Kéier just säugutt, fänken d’Leit u mat soueren. Ech bekenne mech schëlleg.
A vu dass mer well 10 Pixar-Filmer hunn, an der wësst, wat sech a mengem Kapp ofspillt soubal wéi ech vun iergendeppes 10 zesumme kréien, dann hei de kuerze Résumé.
- Toy Story 2
- Finding Nemo
- Ratatouille
- Toy Story
- Monsters, Inc.
- Wall-E
- Up
- The Incredibles
- A Bug’s Life
- Cars
Mä egal, weider zum eigentlechen Thema: Toy Story 3. Am Februar wäert ech rëm meng Lëscht vun de meeschterwaartene Filmer 2010 bréngen, an naja, ech däerf wuel scho verroden, dass den neiste Film vu Pixar wuel oder iwwel d’Nummer 1 wäert sinn. Vu dass ech weess, wéi brilliant se déi éischt zwee Deeler gehandhabt hunn, an doduerch, dass de Michael Arndt als Auteur u Bord bruecht ginn ass, si meng Erwaardungen am Moment sou héich, dass se net mol getraff kéinte ginn, wann ech bis dohin eng Amnesie hätt. Op alle Fall, et deet mer fuerchtbar leed, dass ech et bis well ënnerlooss hunn menger Pflicht nozekommen an den Trailer op Pianocktail ze bréngen. Hei ass en.
Iwwert eise Pianocktail Wonschphone op Facebook huet eisen treien Pianocktailfrënd Joël well fir d’zweet no enger Lëscht vu Filmer gefrot, déi een onbedéngt gesinn hu muss. Eng Kanoniséirung vun där Zort gëtt bekanntlech allsäits bedriwwen: sief et d’Imdb Top 250, déi genial Aarbecht vun They Shoot Pictures, Don’t They? oder och dat allsäits beléiftent Buch 1001 Movies You Must See Before You Die.
Mat sou enger Kanoniséirung dinn ech mech allerdéngs schwiereg. Éischtens, denken ech net, dass et e Geheimrezept gëtt fir Leit, déi wëllen hire Filmhorizont erweideren, fir dat op iergendeng Aart a Weis séier hinzekréien an deem een eng 20-50 Filmer kuckt, an da bescheed wees. Zweetens fannen ech et ëmmer e bëssen umoossend anere virzeschreiwen, wat se kucke, liesen, läuschtre sollen. Goûte si verschidden, an ënnert ménge 25 Filmer, déi ech fir de Joël ausgewielt hunn, sinn der, déi munch aneren net op déi Plaz gesat hätt an et feelen der, déi wuel soss Leit onbedéngt jidderengem recommandéire géifen.
Natierlech ginn et méi Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt, wéi déi 25, déi ech hei opzielen. Zum engen hunn ech allerdéngs opgrond vun der Schwieregkeet vum Thema decidéiert just ee Film pro Regisseur zouzelossen. Do geet Film einfach Hand an Hand mat ménger Astellung zur Literatur: probéier villes, a wat der gefällt, kanns de dech weider drop alossen. Kee wees op en den Emir Kusturica gutt fënnt, bevir en e gesinn huet – allerdéngs sollt jidderee probéiren säin Horizont z’erweideren. De 14. Hitchcock Film ass nach ëmmer technesch brillant, mee beaflosst déng Filmkompetenz net nei, wéi et däin alleréischte Film vum Jane Campion mecht. Dofir jidderee soll a méngen Aen probéiren vast Kino ze kucken, wann en sech dofir interesséiert, an da rauspicken wat séng Pärele sinn. Mir zum Beispill gefällt den Akira Kurosawa wéineg, dofir orientéiren ech mech anescht. D’Meenung hunn ech mer awer als éischt gebild, bevir ech decidéiert hunn aneschters weider ze kucken.
An do komme mer bei dat Anert wat d’Leit am Kapp hale mussen: éischtens ginn et bei ménge Proposen hei nach ëmmer Grënn vu perséinlecher Preferenz am A ze behalen, zweetens hunn ech probéiert net an Nischen ze denken. Kloer, “Stand by Me” ass ee vu méngen absolute Lieblingsfilmer, mee muss jiddereen e gesinn hunn? Ech gleewe kaum – et steigert d’Filmverständnis manner, wéi déi 25 Filmer hei ënnendrënner et man.
A schlussendlech hunn ech nach decidéiert nëmme Filmer bis 1999 ze berücksichtegen, vu dass ech spéider am Joer nach méi en détail op d’Filmer vun desem Joerzéngt wëll zréckkucken.
(more…)