One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, deen ech hei op Pianocktail publizéiere wäert. D’Céline vun La Poupée Russe an den Nic, laang verschollene Co-Blogger deelen nieft mir mat, wat déi beschte Filmer vum Joer 2010 sinn.
Mir schwätzen iwwer Schwulepornoen, driwwer vum Matt Damon den Aasch “gespankt” ze kréien, iwwer dem Céline seng Wënsch bestued ze ginn, a Waasser wat een a Brand stieche kann. Niewebäi nach d’sozial Grënn déi aus engem e Bankreiber maachen – mir ginn allem op de Grond. An net ze vergiessen iwwer déi Filmer déi d’Céline a mech kräische gedoen hunn!
Lauschtert iech et un. Et ass laang, mä hoffentlech dowäert.
A fir déi, déi ze liddereg sinn fir sech dat schéint Stéck unzelauschteren, nom Broch kënnt der iech d’Lëschten eng Kéier duerchliesen. Mä dat wier natierlech oncool.
D\’Pianocktail Filmer vum Joer 2010
Ech hunn sou eppes nach ni gemaach, dofir entschëllegt d’technesch Mängel. D’Highlight ass natierlech wéi een no bal enger Stonn meng Noperen am Hannergrond héiert, déi hir Party op de Balkon verluecht hunn. Geleeëntlech Tipp- a Skypegeräicher sinn och net wierklech professionell, ech weess. Mä bon.
Musek:
Trent Reznor an Atticus Ross – Hand Covers Bruise
Grizzly Bear – While You Wait for the Others
(more…)
Ech géif léien, wann ech soe géif, dass ech net scho mol dovu gedreemt hunn bei Pixar ze schaffen. Ech géif och do botzen, wann et bedeite géif, dass ech e bësse vun hirem Feeëstëbs matkréien. Dass d’Aarbecht bei Pixar immens si muss, hat ech iergendwéi schon am Gefill, mä wéi vill Spaass een an dem Bürokomplex vu Pixar Studios nieft der Aarbecht hu kann, huet mech trotzdem erstaunt.
D’New York Times duerft Pixar besichen, an huet gesinn a wéi engen Halen Toy Story 3 zu Stan komm ass. Hei ass de Video:
Okay, sorry, ech wäert net wierklech iwwer Sense & Sensibility schreiwen, och wann dem Ang Lee seng Verfilmung vum Jane Austen sengem Roman natierlech e Genoss ass. (Dat wier mol eng Idee, en Artikel iwwer Austen Verfilmungen. Any takers?) Wat hei geschitt ass, ass, dass ech mer en Titel gesicht hunn, deen iergendwéi op eng spilleresch Aart a Weis Inception an Toy Story 3 ëmschreift, déi zwee wuel am meeschten erwaarte Filmer vum Summer 2010. An ech soen iech dann och mol am Viraus, dass der vum drëtt- respektiv aachtbeschte Film aller Zäiten net wäert enttäuscht sinn. (*houscht*)
(more…)
Déi lescht dräi Deeg hunn ech sou gutt geschlof, wéi säit Wochen net méi. Et war e Genoss, an doduerch ass och rëm e bësse Liewen a mäi Kierper gehaucht ginn. Du gëschter Owend hunn ech endlech Up gesinn, an ech muss soen ech war e bëssen enttäuscht. Net, well de Film schlecht gewiescht wier – em Gottes Wëllen, et ass Pixar! – mä well en einfach deelweis vun der Narrativ hir Schwächte gewisen huet, déi ech mer als verwinnte Pixar-Fan net erwaarden. En plus hunn ech d’Faarwen duerch den 3D Brëll e bëssen ze matt fonnt, an méi wéi eng Kéier am Film de Brëll einfach ofgesat, well ech déi ganz Herrlechkeet erliewe wollt. Sou ass et eben. Wann s de ëmmer wonnerbar bass, an eng Kéier just säugutt, fänken d’Leit u mat soueren. Ech bekenne mech schëlleg.
A vu dass mer well 10 Pixar-Filmer hunn, an der wësst, wat sech a mengem Kapp ofspillt soubal wéi ech vun iergendeppes 10 zesumme kréien, dann hei de kuerze Résumé.
- Toy Story 2
- Finding Nemo
- Ratatouille
- Toy Story
- Monsters, Inc.
- Wall-E
- Up
- The Incredibles
- A Bug’s Life
- Cars
Mä egal, weider zum eigentlechen Thema: Toy Story 3. Am Februar wäert ech rëm meng Lëscht vun de meeschterwaartene Filmer 2010 bréngen, an naja, ech däerf wuel scho verroden, dass den neiste Film vu Pixar wuel oder iwwel d’Nummer 1 wäert sinn. Vu dass ech weess, wéi brilliant se déi éischt zwee Deeler gehandhabt hunn, an doduerch, dass de Michael Arndt als Auteur u Bord bruecht ginn ass, si meng Erwaardungen am Moment sou héich, dass se net mol getraff kéinte ginn, wann ech bis dohin eng Amnesie hätt. Op alle Fall, et deet mer fuerchtbar leed, dass ech et bis well ënnerlooss hunn menger Pflicht nozekommen an den Trailer op Pianocktail ze bréngen. Hei ass en.