Bäitrag getagged ‘tim burton’

You’ve got a very important Date

Geschriwwen den 8/08/2009 vum Lynn5 Kommentaren

A well et su schéin as hei nach den Trailer vun engem Film op deen ech mech extrem freeen. Alice in Wonderland, vum Tim Burton. Wonnerschéin Biller a natiirlech, wéi kéint et aanescht sin, mam Johnny Depp.

YouTube Preview Image

Sweeney Todd

Geschriwwen den 27/11/2007 vum ChrisKee Kommentar

Den Tim Burton huet sech jo bekanntlech entschloss dem Steven Sondheim séng legendär Operett “Sweeney Todd” ze verfilmen. Den Johnny Depp spillt d’Haaptroll vum Demon Barber Sweeney Todd, deen op Revanche aus ass. D’Helena Bonham-Carter d’Mrs. Lovett, eng Metzlerin, déi dem Sweeney zur Säit steet. Den Alan Rickman spillt den Judge Turpin, deen de Sweeney fir 15 Joer an de Prisong geschéckt huet, séng Fra vergewaltegt huet, a séng Duechter bestuede wëll. A schließlech ass o na de Sacha Baron Cohen dobäi, deen dem Sweeney säi Rival Pirelli spillt.

Kléngt wonnerbar, denkt dir? Denken ech och.

Hei fannt der 9 kuerz Extraiten aus dem Film, 3 Featurettes, an 2 Videoen déi weisen wat sech hannert de Szenen ofgespillt huet.

Road to Oscar: Contenders

Geschriwwen den 15/10/2007 vum Chris5 Kommentaren

2268829905.jpg

Vu dass, ech gesot krut, dass éischtens Interesse un den Oscars besteet an zweetens, ech méi schreiwe soll, fänken ech haut da mol mat engem Introduktiounsstéck fir d’Oscars un.

D’Oscars wierklech verfollegen, fänkt net mat der Red Carpet Show un an hält mam Schluss vun der Telésemissioun op. Nee, et heescht e ganzt Joer laang Artikel liesen, spekuléiren, Theorien opstellen, a mat aneren, wéi och mat sech selwer streiden, wat a virun allem wéi d’Academy wielt. Eng wichteg Saach däerf een dobäi nie vergiessen: Kee wees iergendeppes. Well och wa jidderee mengt, en hätt se duerchkuckt, mer ginn dach all Joer nees iwwerrascht mat sensationelle Gewënner an Nominéirungen. An natierlech och mat kierperlech Péng verursaachenden Omissiounen.

(more…)

Once, a glimpse (Angora)

Geschriwwen den 19/04/2007 vum ChrisEe Kommentar

edwood.jpg

- How long have you been doing this?
- Since I was a kid.

#48 Edward Scissorhands

Geschriwwen den 18/11/2006 vum ChrisKee Kommentar

E Jong mat Schéiren amplaz vun Hänn kann nëmme vum Tim Burton verfilmt a vum Johnny Depp gespillt ginn.
Ech denken, dat ass eng Regel vum Spill, wat sech Hollywood nennt.

Den Edward get an d’Gesellschaft integréiert, e fänkt un de Leit d’Hoer an Hecken ze schneiden, a verléift sech souguer an dat jonkt Kim (gespillt vum Winona Ryder, wee wëll et dem Jong verdenken). Mee sou séier, wéi et mat sénger Existenz biergop geet, geet et och rem rof…

Et ass laang hir, dass ech de Film gesinn hunn, leider. Mee ech wees nach, dass ech vum Edward sénger Onschold verzaubert war. Ech denken, dass de Film d’Themata vun Toleranz, mee och vun der Perversioun vun eiser Gesellschaft, déi den Edward zum Schluss zerstéiert, op sou eng clever Aart a Weis behandelt, dass de Film eigentlech misst e Pflichtprogramm sinn fir FOMOS-Coursen. Den Edward ass sou en atypeschen Held, deen an der Welt net eens get an dorunner zebrécht a sou konschtvoll, wéi an desem Film ass sou eng Geschicht bis ewell seelen a Szen gesat ginn. Dat läit natierlech och um Burton séngem Stil, deen net vun deser Welt ze si schéngt a vu faarwefroue, surrealen Personnagen an Décoren liewt.