Bäitrag getagged ‘the wrestler’

Pianocktail Awards 2008: Gewënner

Geschriwwen den 24/08/2009 vum ChrisEe Kommentar

Uaaaaah. Den Nic alias Hugo Stiglitz huet mech de mëtten wéi mer Inglourious Basterds mat Harespele gespillt hunn, dorop opmierksam gemaach, dass ech et bis ewell vergiess hunn d’Gewënner vun de Pianocktail Awards z’annoncéieren. Dofir hei elo, mat 6 Méint Verspéidung d’Gewënner, just fir dass alles seng Richtegkeet huet:

(more…)

Filmer 2008: Éierbar Erwienungen

Geschriwwen den 6/02/2009 vum Chris3 Kommentaren

the-visitor1War 2007 e Filmjoer wat absolut sensationell war, sou ass 2008 gréisstendeels enttäuschend. Ouni Zweifel – munch Film war brillant, d’Top 10 huet villes ze bidden, Animéiertes, 2 Documentairen, vill Europäesches an en Hond als Haaptduersteller. Mee am Groussen a Ganzen huet de Flair gefeelt, deen 2007, an och 2006 sou genial gemaach hunn.Na ni virdrun hunn ech souvill Filmer an engem Joer gesinn, na ni virdrun war ech sou midd vu Filmer, an ech gleewen net, dass ech mer dat heien nach emol undinn. Net dass ech Filmer manner gäer hätt – am Géigendeel – ech wëll mer méng Léift schützen an net zu engem reng analytesche Betruechter ginn, wéi ech et scho laang riskéiren. Néchst Joer kucken ech manner Filmer, huele mer méi Zäit fir se sénken ze lossen a lossen och mol eppes sausen, egal ob et vill Luew kritt oder net.

Méng Top 10 sinn ze Grousse Stécker relativ düster geroden. Wat mech selwer wéineg iwwerascht, vu dass anerwärteg dest Joer wéineg erbauleches ervir komm ass. An och wann ech Tonne Filmer gesinn hunn, sou awer net all. Munchereen hunn ech och dest Joer verpasst, déi bekannteste wieren: Der Baader Meinhof Komplex, Doubt, Entre les Murs, Gran Torino, Rachel Getting Married an Synecdoche, New York. Ofgesi vum franséische Palme d’Or Gewënner an dem Charlie Kaufmann séngem Regiedebut gleewen ech souwéisou net, dass ee vun deene Filmer eng gréisser Roll gespillt hätt.

Mee op alle Fall: déi 11 Filmer, deenen ech soss eng Éier wëll matdeelen, och wann se net an d’Top 10 rakomm sinn, stellen ech hei vir:

(more…)

Pianocktail Awards 2008: Bescht Lidd

Geschriwwen den 26/01/2009 vum ChrisEe Kommentar

Okay, ech hunn zwar nach 3-4 Filmer ze gesinn dest Joer, mee vu dass kee vun hinnen en originalt Lidd huet, denken ech kann ech dat jo scho mol als Zéckerche virschécken. Jo, d’Oscars hunn dest Joer just dräi Lidder nominéiert a komescherweis hunn déi et souguer allen dräi op méng Lëscht gepackt – allen dräi komme se aus Filmer, an deenen ondenkbar Léiften ugesprach ginn: Slumdog Millionaire an Wall·E.

Komplettéiert gëtt de Line-up duerch zwou ménger Meenung no absolut dilletantesch Omissiounen vun der Academy, déi eng war sou definitiv z’erwaarden, vu dass Forgetting Sarah Marshall net onbedéngt deen Hit war, déi aner war e grousse Schock, vu dass The Wrestler dach e beléifte Film ass, an de Boss souguer schon en Oscar an eng weider Nominéirung fir sech beasproche kann. Net ze schwätzen dovunner, dass en e Golden Globe fir d’nämlecht Lidd krut. Wat déi fënnef Lidder verbënnt, ass, dass se all eppes wierklech zum Film bäisteieren, oder wéi am Fall vu läschterem e wonnerschéine Résumé dovunner iwwert den Schlusscredits zitt.

An domadder net berücksichtegt hunn ech dat woerscheinlech bekannteste Filmlidd vum Joer: “Another Way to Die” vum Jack White an Alicia Keys, aus Quantum of Solace. Dest aus zwee Grënn: éischtens hunn ech de Film net mol gesinn, zweetens fannen ech et net sou genial, wéi een et vun zwee sou immense Muséker erwaarde kéint. Och knapp gescheitert ass méng Léift fir Poppuupsmusék an “The Call” vum Regina Spektor aus The Chronicles of Narnia: Prince Caspian.

An domadder en Héich op déi 5 Nominéierter:

(more…)

The Wrestler

Geschriwwen den 17/01/2009 vum Chris2 Kommentaren

Eigentlech sinn ech jo e grousse Fan vum Darren Aronofsky – an ech denken dofir huet mer The Wrestler och e Krack besser gefall, wéi de Film et gemaach hätt, wann e vun engem onbekannte Regisseur gewiescht wier.

Wat natierlech opfällt ass, wéi moossgeschneidert d’Roll vum Randy “The Ram” Robinson op de Mickey Rourke ass: e gescheiterte Star aus fréieren Deeg, dee weider a sénger aler Welt probéiert Fouss ze faassen, mee awer iergendwéi net viru kënnt. Sou ass de Ram en interessante Personnage, mee am Endeffekt leider ouni Konsequenzen – näicht, wierklech null ännert sech un em – an déi liicht Verbesserungen vu séngem Zoustand, den Antrëtt an d’Normalt op der Welt verpufft am Endeffekt duerch séng Toxegkeet.

Dat kéint fir de Film gutt sinn, et kéint dat Meeschterwierk sinn als dat vill Leit e bezeechnen, mee eigentlech ass dach d’Bewonnerung mat deem dat Scheiteren vum Skript begleet gëtt en Dar am A vum Film. Well (an do sinn ech eventuell ganz eegen, an et ass gutt méiglech, dass dir mir widderspriecht), d’Onasiichtegkeet an d’Retrospektiv vum Charakter sinn fir mech net bemierkenswert, oder interessant, mee einfach just traureg an onsënneg. An et ass halt extrem schwiereg sech engem Film verbonnen ze fillen, deen extrem op säin Haaptpersonnage fokuséiert ass, wann een desen net verstoe kann.

Domadder ass allerdéngs net gesot, dass ech de Film schlecht fannen: nee, e schildert e richtegt Liewen mat richtege Mënschen, huet extrem Stärkten an der Begéignung tëscht dem Ram a sénger Duechter an schildert de Wrestling Sport mat all sénger Mënschlechkeet a Brutalitéit. Leider just hunn ech mech zemols an der zweeten Halschent vum Film ze distanzéiert vun deem wat geschitt gefillt. Wat schued ass, mee awer net bedeite soll, dass ech en net jidderengem wärmstens recommandéire géif. Ech si mer sécher, aner Leit kënne méi domadder ufänke wéi ech.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags