Bäitrag getagged ‘the virgin suicides’

Somewhere

Geschriwwen den 15/06/2010 vum Chris2 Kommentaren

Während ech nach an engem regelrechten Delirium wéinst all deenen neien Arcade Fire Lidder sinn, déi am Internet rëm schwirren, an der leschter Episod vu ‘Breaking Bad’ (wéini ass Mäerz 2011?) servéiert d’Internet mir dat nächst un deem ech mech net sat kucke kann.

An dem Sofia Coppola senger Carrière, déi bis well 3 Filmer ëmspaant, ass bis well villes richteg gelaf. Mat The Virgin Suicides huet et en wonnerbar onscheinbart Debut gefeiert, duerno huet Lost in Translation et zum Star an Oscar-Gewënner gemaach. Marie Antoinette ass vu ville Kritiker zerrass ginn, mä eigentlech fannen ech dee Film och sauméisseg interessant, wat d’Konzeptioun an d’Kompositioun betrëfft. Matrappend ass en definitiv net, mä dofir gëtt en engem eng Zort Gefill, déi eigentlech just Sofia Coppola Filmer verspriechen.

Um Venedeger Filmfestival 2010 wäert dem Coppola säin neie Film, Somewhere, seng Première feieren. Hei ass den Trailer dozou:

YouTube Preview Image

#44 The Virgin Suicides

Geschriwwen den 23/11/2006 vum Chris10 Kommentaren

 

D’Sofia Coppola huet nieft Lost in Translation virun allem nach The Virgin Suicides opweises, deen et zur bekannteste Regisseurin aus Hollywood mëcht.

 

D’Geschicht handelt vun enger Grupp vu Jongen an hirer Bewonnerung fir d’fënnef Lisbon-Schwësteren. Nodeems dat jénkste Meedchen sech embréngt, mussen déi véier aner sech dem strenge Regelen vun hiren Eltere beugen, déi se no an no ëmmer méi anenken, a schließlech d’Ursaach dofir sinn, dass déi véier sech och embréngen.

De Film hunn ech fir d’éischte Kéier nuets op ARD gesinn. (Firwat weisen ARD an ZDF gutt Filmer ëmmer réicht owes spéit? Dat wëll mer net an de Kapp goen.) Normalerweis ginn ech, egal wéi gutt de Film ass, e bësse schléifreg, mee hei war dat net de Fall, ech sinn ëmmer kloer bliwwen an nom Film war mäin eenzege Gedanken “Wow”.

The Virgin Suicides ass en extrem calme Film, dee virun allem duerch déi kloer a kill Kameraféirung bestëcht. Niewebäi dierf een natierlech net d’Schéinheet vun der Musék vergiessen, déi vun Air extra fir de Film produzéiert gouf.  Eng Geschicht, déi déif beréiert an ënner d’Haut geet, mat dem Kirsten Dunst mat enger vu sénge bis well beschte Leeschtungen an enger Regisseurin, déi bei hirem Debät direkt all Konventioune brëcht.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags