Bäitrag getagged ‘the tree of life’
Geschriwwen den 3/06/2011 vum LynnEe Kommentar

Ech hat mech eigentlech guer nit iwwer de Film informéiert viru gëschter. Ech konnt mech nëmme nach drun erënneren, dass de Chris hei eng kéier op Biller aus dem Film opmierksam gemaach huet an hat eng kuerz Beschreiwung gelies, déi guer näischt iwwert de Film ausgesot huet. An dass en zu Cannes sou eng Palm krut. Ech hat mol nit den Trailer gekuckt, oder konnt mech opmannst nit méi drun erënneren. Eigentlech sinn ech jo och nit dat wat hei iwwer Filmer schreift well ech jo souwisou keng Ahnung hunn. Mee vu dass soss hei grad keen eppes schreift maachen ech dat da mol.
Op jidde Fall kann ech soen, dass, och wann ech keng Erwaardungen haat, dat wat ech am Kino gesinn hunn nit am geréngsten dat war wat ech erwaart hat. Dee Saz mécht sou wéineg Sënn wéi de Film selwer di éischt hallef Stonn.
E fänkt un mat enger Fraestëmm, déi ganz douce vun zwee Weeër vum Liewen schwätzt. Do mierkt een direkt a wéi eng Richtung de Film geet: en ass fuerchtbar philosophesch. Wat de Film an dësem Fall nach méi schéi mécht. Et geet ëm de Sënn vum Liewen, de Laf vum Liewen sou wéi ëm d’Gerechtegkeet vu Gott. Sou kennt d’Geschicht vum Hiob e puer mol vir an dat ganzt erënnert natierlech u Genesis. Direkt um Ufank gesäit een di éischt sou lächerlech schéin Biller déi sech duerch de ganze Film zéien. Wierklech, wonnerschéin Biller. Ech fir mäin Deel war do scho gefaang, an och wann d’Geschicht an d’Schauspiller miserabel geweecht wieren, sou schéi Biller hätte mech awer iwwerzeegt.
Ech well eigentlech nit weider op d’Geschicht agoen well ech mengen dass den Opbau vum Film e groussen Deel vu senger Wonnerbarkeet ausmécht an wann een d’Geschicht scho ganz kennt dat vläicht futti gemaach gëtt. Ech kann awer soen dass d’Charakteren, engersäits déi engelhaft Mamm an dee strenge Papp, zwee krass Géigesätz perfekt mam Brad Pitt an dem Jessica Chastain besat sinn. Am Fong gëtt ee bal näischt iwwert si gewuer, mol keng Nimm, mä si loossen awer keng Froen op a kommen engem ganz no. Am androckvollsten ass d’Leeschtung vum jonken Jack, dem Hunter McCracken, deen engem zwar kann onsympathesch sinn mä mat deem een awer de ganze Film iwwer matfillt. De Sean Penn kennt e bessi ze kuerz. A wat ech nach ze beanstanden hätt ass de Schluss, deen e bessi méi fréi hätt kënne kommen. Mä dat ass just meng Meenung, an e passt sou wéi en ass.
D’Schlagsahn op deem sou schéine Film ass dann d’Musik. Och déi ass einfach nëmme grandios an passt op all Plaz wei d’Fauscht op d’An. Mahler, Bach, Brahms an de Soundtrack vum Alexandre Desplat. Hach. Et passt einfach sou gudd bei dee rouege Film an deem vill aus dem Off gepëspert gëtt. Genervt huet just di Box op der rietser Säit vum Sall di di ganz Zäit gekréckelt a gedauscht huet.
Leider mengen ech sinn ech dat eenzegt dat gëscht de Film an dem bal volle Sall am Utopolis gutt fonnt huet.Währenddeems sinn eng 10 Leit aus dem Sall gaang an zum Schluss huet een ‘Yay!’ geruff. Schued. Ech fannen en zwar och deelweis komesch an ech hu sécher och dat eent oder anert nit ganz verstan mä ech fannen et ass trotzdem ee wonnerschéint Wierk, fir ze genéissen an driwwer no ze denken. Gitt e kucken, fannt e sou schlecht wéi den Thorben a beschwéiert iech. Hei nach eng kéier den Trailer: 
Ech hu mech dëst Joer net esou vill informéiert, wat nei Filmer fir d’Joer 2011 betrëfft, wéi an anere Joeren, wat engersäits doru läit, dass ech méi ze dinn hunn an anerersäits dorun, dass ech ganz einfach keng Loscht hat. D’Filmer wäerte scho kommen, a wa se gutt sinn kucken ech se, a wann d’Kritike mech virun de Filmer warnen, dann dinn ech mer se och net méi un, net sou wéi bis elo (jo, ech schwätze vun iech Alice in Wonderland, an Wall Street: Money Never Sleeps). Ee Film, vun deem ech awer onweigerlech weess, dass en dëst Joer kënnt, well e säit enger Éiwegkeet an der Postproduktioun stécht, ass dem Terrence Malick säin The Tree of Life.
Ech hat virun puer Méint schon emol den Trailer hei bruecht, fir deen null, komma null Kommentaren koumen, entweder well keen e gekuckt huet, oder well der genee sou begeeschtert waart wéi ech an iech d’Wierder gefeelt hunn. Schmeechele mer eis alleguer, a gi vun dem zweeten aus. Op jidfer Fall hunn ech bei Slashfilm eng Rei nei Biller aus dem Film fonnt, déi eigentlech net vill weisen, wat een net scho gesinn huet, mä se gesinn awer schéin aus.
Soe mer sou: alleng fir dee Film hat ech mer iwwerluecht mer e Pressebadge fir Cannes unzefroen. Ech si verréckt.
PS: et kommen Dinosaurier am Film vir.
Ech kéint elo e laangen Artikel doriwwer schreiwen wéivill ech den Terrence Malick schätzen. Mä iergendwéi, denken ech, ass et besser den Trailer zu The Tree of Life fir sech selwer schwätzen ze loossen. Säit 2009 an der Postproduktioun, kënnt de Film nächst Joer op Cannes an ass endlech fäerdeg. An ech ka mer einfach net virstellen, dass de Film net op mannst interessant gëtt.
Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.
Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.
Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.
D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.
Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.
Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.
Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.
Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

Where the Wild Things Are
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:500 days of summer, 9, a christmas carol, agora, ang lee, antichrist, away we go, bright star, chéri, coraline, fantastic mr fox, funny people, green zone, harry potter, henry selick, invictus, jean-pierre jeunet, judd apatow, l'illusioniste, los abrazos rotos, mammoth, martin scorsese, micmacs à tire-larigot, nine, pedro almodóvar, pete docter, ponyo, public enemies, scott pilgrim, sherlock holmes, shutter island, soul kitchen, spike jonze, sugar, taking woodstock, terminator: salvation, the hurt locker, the imaginarium of doctor parnassus, the lovely bones, the soloist, the tree of life, up, up in the air, watchmen, whatever works, where the wild things are, wolverine, woody allen