Geschriwwen den 27/02/2011 vum Chris12 Kommentaren
One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, deen ech hei op Pianocktail publizéiere wäert. D’Céline vun La Poupée Russe an den Nic, laang verschollene Co-Blogger deelen nieft mir mat, wat déi beschte Filmer vum Joer 2010 sinn.
Mir schwätzen iwwer Schwulepornoen, driwwer vum Matt Damon den Aasch “gespankt” ze kréien, iwwer dem Céline seng Wënsch bestued ze ginn, a Waasser wat een a Brand stieche kann. Niewebäi nach d’sozial Grënn déi aus engem e Bankreiber maachen – mir ginn allem op de Grond. An net ze vergiessen iwwer déi Filmer déi d’Céline a mech kräische gedoen hunn!
Lauschtert iech et un. Et ass laang, mä hoffentlech dowäert.
A fir déi, déi ze liddereg sinn fir sech dat schéint Stéck unzelauschteren, nom Broch kënnt der iech d’Lëschten eng Kéier duerchliesen. Mä dat wier natierlech oncool.
Ech hunn sou eppes nach ni gemaach, dofir entschëllegt d’technesch Mängel. D’Highlight ass natierlech wéi een no bal enger Stonn meng Noperen am Hannergrond héiert, déi hir Party op de Balkon verluecht hunn. Geleeëntlech Tipp- a Skypegeräicher sinn och net wierklech professionell, ech weess. Mä bon.
Musek:
Trent Reznor an Atticus Ross – Hand Covers Bruise
Grizzly Bear – While You Wait for the Others
Geschriwwen den 9/11/2010 vum Jacques13 Kommentaren
Ech hat am Fong net wëlles eppes zum Film „The social network“ ze schreiwen, vue datt mer awer am Moment e bëssi langweileg ass, kënnt elo awer e klenge Post.
Wéi ech a mengem Kommentar zum Chris sengem Post schonn ugedeit hat, hält sech d’Begeeschterung zu dësem Film bei mir a Grenzen, och wann ech e fir ganz gelongen halen. Ee vun de Grënn war sécher och meng Erwaardungen, déi vum Chris a vum Céline (deenen hir Kritiken ech immens schätzen), wéi och vun der Press a vun deenen déi um Film matgeschafft hunn, ze héich geschrauft goufen.
Ee klenge Problem deen ech mam Film hunn, ass datt ech en net fir esou relevant hale, wéi e vu ville gemaach gëtt. Et gi Begrëffer benotzt wéi „e Portrait vun eiser Generatioun“, an ech fannen net, datt dat zoutrëfft. Ech erkennen d’Protagonisten aus dem Film net a menger Ëmwelt, a scho guer net a mengem Frëndeskrees zréck. Ech kenne kee vun den Nerds, den Harvard-Aristokraten, an ech kenne keng Leit, déi a fancy Diskoen hire Business beschwätzen.
Et soll ëm Facebook goen, dee Site, deen eis Generatioun an eis Art a Weis ze kommunizéieren definitiv immens geprägt huet, mä dat ass net de Fall. Et geet vill méi ëm de Mark Zuckerberg, de Grënner vun deem Site. Den Afloss, dee Facebook op eis Gesellschaft huet, gëtt (wann iwwerhaapt) nëmme marginal ugeschwat, an dat wier genee dat gewiescht, wat ech mer ënnert engem „Portrait vun eiser Generatioun“ erwaart hätt. „A capitalist society“ hätt als Titel menger Meenung no méi gepasst (och wann deen Titel definitiv manner interessant kléngt, a manner Leit ugezunn hätt).
Mä bon, ech sichen an engem Film haaptsächlech no enger gudder Story a gudde Schauspiller, oder ech wëll einfach nëmme gutt laachen. Doran ass de Film definitiv immens staark (d’Schauspiller si grandios), an och aus technescher Siicht ass näischt drun auszesetzen. Allerdéngs huet mech de Film net matgerappt. D’Dialoger sinn herrlech geschriwwen an an Zeen gesat, ech hunn oft iwwert deen een oder deen anere Sproch gelaacht, mä ech konnt fir d’Personnage wéineg Sympathie oder Empathie empfannen. En huet mech net wierklech beweegt.
Ech kommen nach eng Kéier op den Titel zréck, well e mech wierklech stéiert. Den Titel, sou wéi och deen éischten Teaser, huet säi Publikum op e „Facebook-Film“ virbereet, als wat en och oft bezeechent gouf. Et ass awer kee „Facebook-Film“ mä et ass de „Mark-Zuckerberg-Film“, e Biopic. Ech ginn elo vläit ze wäit, mä mir ass Facebook an dësem Film iwwer grouss Strecke wéi e McGuffin virkomm. Wier et elo e fiktive Site gewiescht, hätt et mer wahrscheinlech manner ausgemaach. Mä Facebook ass e wichtegen Deel vun eisem Alldag, vill Leit widmen deem Site e puer Stonne pro Dag. Ech fannen dat Phänomen vill méi interessant oder beängschtegend, wéi déi historesch oder fiktiv Origine vum Site.
Ech klenge méi negativ, wéi ech denken. Ech ginn dem Film 3 vu 4 Stären, dat heescht datt ech e gutt fannen. De Film ass saugutt inszenéiert, d’Schauspiller si grandios, an un der Technik ass och näischt auszesetzen. Meng Enttäuschung war minimal, mä se war do. Meng Begeeschterung och. Voilà.
Geschriwwen den 24/10/2010 vum JacquesEe Kommentar
Ech si leider bis elo nach net dozou komm den ‘The Social Network’ kucken ze goen, an ech schumme mech och dofir. Ech hunn allerdéngs een e bëssi méi kuerze Facebook-Film gesinn, deen ech relativ amüsant fonnt hunn.
Et war emol op Pianocktail eng Diskussioun an där hu mer gestridden. Déi Diskussioun huet mir keng Freed bereet an iech och net. Allerdéngs huet se mech zum Entschloss bruecht e Buch ze liesen. Dat Buch heescht The Accidental Billionaires (Amazon Link), ass vum Ben Mezrich, an ass d’Virlag fir de Film The Social Network vum David Fincher.
Vue dass ech säit e Sonndeg zu Glasgow sinn a gëschter bëssen Zäit hat, sinn ech mer an de Waterstone’s ëm puer Bicher siche gaang, ënnert anerem eben d’Geschicht iwwer d’Grënnung vu Facebook. A lo kënnt dat, wat iech alleguer interesséiert: nee, den Zuckerberg gëtt net glorifizéiert. E gëtt fair an oppen behandelt an et geet just ëm d’Businesssäit vun der Geschicht, also net ëm d’Moral vum Site selwer. A virun allem: jo, d’Geschicht ass sou, dass een e Film draus maache kann. Also eigentlech net just een, mä eben speziell de Mann deen aus Zodiac – enger net spannender Geschicht – ee vun de beschte Filmer vum Joerzéngt gemaach huet.
Den éischten Teaser zum David Fincher sengem “Facebook-Film” The Social Network hunn ech net interessant genuch fonnt fir en hei ze bréngen. (Dovun ofgesinn, dass ech ze liddereg gewiescht wier.) Dësen zweeten Teaser, deen sech de Facebook theme zu Notzen mécht, huet mech awer komplett iwwerzeegt. Sou hunn ech Trailer an Teaser gär – wa se kreativ sinn an net all ze vill eweg ginn. Sécherlech nieft Toy Story 3, Scott Pilgrim vs. the World, Somewhere an The Tree of Life dee Film op deen ech mech 2010 am meeschte freeën.
UPDATE (10/07/10; 18:24): Fir déi, déi de Kommentaren no eventuell der Meenung waren, dass de Film eng “Glorifizéierung” vum Mark Zuckerberg kéint sinn, hunn ech hei zur Berouegung en Artikel vu /Film.