Bäitrag getagged ‘the smashing pumpkins’

Plazen 125 – 101

Geschriwwen den 4/11/2007 vum Chris7 Kommentaren

Sou, da fänkt et lo sou lues un interessant ze ginn. De läschte Schrëtt virun den Top 100, an déi gi réicht immens, oh mei, wann dir wéisst…

(more…)

Plazen 175-151

Geschriwwen den 2/09/2007 vum Chris4 Kommentaren

Anscheinend ginn déi Saache jo souguer vu munche Leit gelies, also denken ech mer, dass lo wou d’Wieder sou gutt ass de richtege Moment ass sech virun de Computer ze sëtzen a weider drun ze schaffen, gell?

Nom Broch komme se.
(more…)

Pukkelpop – Retrospektive

Geschriwwen den 20/08/2007 vum Chris2 Kommentaren

Gëschter sinn ech dunn, vu méngem 5 Deeg daurenden Ausflug an d’Belsch remkomm, op deem ech probéiert hunn gutt Musék z’erliewen an ze liewen. Virun deem iergendee mech freet, wéi et war, schreiwen ech et also einfach a gekiirzter Form nidder. (A Klammeren: Bewertunge vun de Concerten.)

Dag 1: E Mëttwoch um 15 vir 2 ass d’Rees ze Eechternoach op der Gare lassgaang, am Bus fir an d’Stad huet sech dunn den Tun zou mer gesellt, während mer de Joki an der Stad op der Gare getraff hunn. De Joki huet sech (am Endeffekt awer net) ausräichend mat Zigaretten ausgestatt, déi zwee hunn eng läscht gefëmmt a mer hunn eis um 15 op 3 an den Zuch bewegt, deen eis sollt op Liers bréngen. No 3 Stonne Fuert, an méi wéi engem domme Commentaire vum Joki, si mer dunn och ze Liers ukomm, mee d’Dieren vum Zuch sinn net opgaang, a sou si mer dunn mam Zuch an de Schapp gefuer. Do huet eis dunn en éier manner frëndleche belsche Schaffner entdeckt a gefrot wat mer nach a séngem Zuch verluer hätten. Nodeem mer en iwwert de Problem opgeklärt hunn, huet en eis dunn awer bewisen, dass d’Dieren wuel opgaang sinn – nodeem en se opgespaart huet a sot: “Mais elle s’ouvre!”

Eise Reesplang, war dunn bëssen duercheneen, mer souzen eng hallew Stonn am Zuch, bevir deen zréck op Liers gefuer ass, an dunn eng 3/4 Stonn ze Liers, bis dass mer den Zuch op Hasselt kruten. An ganz éierlech: Liers ass wuel dat ellensten, gottverloossente Kaff op der Welt. Et ass méi elle wéi Léck! Jo, du si mer op Hasselt gefuer, hunn eist Zelt opgeriicht, a pünktlech wéi mer fäerdeg waren huet et ugefaang ze reenen, wouropshin mir e Béier drénke waren an op dem Wee dohin eis Kollege, de Pit, de Jeff an de Vincent getraff hunn, déi quasi 50 Meter vun eis fort hiert Zelt opgeschlon haten. Alles an allem also e gelongenen éischten Dag.

(more…)

Plazen 250-226

Geschriwwen den 5/07/2007 vum ChrisEe Kommentar

A lass geet et.

(more…)

Déi beschte Songzeilen: Part II

Geschriwwen den 11/11/2006 vum Chris4 Kommentaren

Ech hunn decidéiert, dass ech mech net umudden dierf, déi beschte Songzeilen ze bestëmmen. Dat kréin ech net hin an ech fille mech herno schëlleg, wann ech eppes wichteges vergiessen. Dofir besteet méng Lëscht aus 10 subjektiv als essentiel agestuften Zeilen, vun däer ech aus Bequemlechkeet, d’Häre Lennon a McCartney mol ausgeschloss hunn.

“Des armes et des poètes de service à la gâchette pour mettre le feu aux dernières cigarettes au bout d’un vers français… brillant comme une larme.”
Autor: Bertrand Cantat Léo Ferré

“The killer in me is the killer in you.”
Autor: Billy Corgan

“How does it feel to be without a home? Like a complete unknown? Like a rolling stone?”
Autor: Bob Dylan

“See, I’m going to buy a gun and start a war, if you can tell me something worth fighting for.”
Autor: Chris Martin

“It hurts to set you free, but you’ll never follow me, the end of laughter and soft lies, the end of nights we tried to die.”
Autor: Jim Morrison

“If I could start again a million miles away, I would keep myself, I would find a way.”
Autor: Trent Reznor

“Half of the time we’re gone, but we don’t know where.”
Autor: Paul Simon

“Est-ce que tout recommence, avons-nous perdu la raison, car j’ai vu le mal qui s’installe sans aucune morale.”
Autor: Martial Tricoche

“When I am king, you will be first against the wall with your opinion, which is no consequence at all.”
Autor: Thom Yorke

An déi zéngten Zeil dierft der dann ganz uewen noliesen.