Bäitrag getagged ‘the international’

Star Wars

Geschriwwen den 9/01/2010 vum Chris8 Kommentaren

Wéi de Jacques mer sot, ass e wichtege Grond firwat hien sech iwwert “Avatar” hei um Blog geiergert huet meng a sengen Aen ze héich Bewertung vum Film mat dräi Stären. Mir ass opgefall, dass dat net déi éischte Kéier war, dass mäi Stäresystem d’Leit gestéiert huet, an dofir wëll ech dann hei lo no 3 Joer wou ech e scho benotzen vläicht och mol eng Erklärung dofir ofginn. (Dorun hätt ech och éischter denke kënnen, ech ginn et zou.)

Véier Stären ass de Maximum, deen ee kréie kann. Dat ass fir munchereen, dee weess wéi besiess ech mat ronnen Zuele sinn vläicht iwweraschend, mä vu dass ech bei engem Stär an net bei null Stären ufänken, gëtt dat mir siwe Valeuren, déi ech Filmer gi kann. An ech denken, dat ass och genug. D’Feinofstëmmung bannent all méiglecher Note gëtt an eventuelle Fäll duerch explizit Kritike gemaach an anere Fäll eben net.

Wann ech mer d’2009er Filmer ukucken, déi ech bis well gesinn hunn ukucken, sou fällt mer op, dass ech effektiv all Note op mannst eng Kéier verginn hunn. Dir kënnt och hei noliesen, wéi eng Bewertungen ech all Film ginn hunn. Beispiller sinn, an ech wiele Filmer wou ech denken, dass vill Leit se gesinn hunn:

**** The Princess and the Frog
***1/2 Zombieland
*** Public Enemies
**1/2 Where the Wild Things Are
** Away We Go
*1/2 X-Men Origins: Wolverine
* The International

Wéi der gesitt ass domat Where the Wild Things Are de Film, deen souzesoen eng Grenz Bild. An och wa fir de Roger Ebert zwee an en halwe Stär thumbs down bedeit, sou ass dat fir mech déi Kategorie an déi d’Filmer falen, déi ech respektéieren, mä net wierklech gutt fannen. Et ass souzesoen d’Kategorie an déi déi Filmer falen vun deenen ech mer wënschen, dass ech se besser fanne géif. Ab dräi Stären sinn also d’Filmer déi mer gefalen, un deenen ech definitiv Saachen auszesetzen hunn, mä déi mech awer insgesamt iergendwéi iwwerzeegen. Op lëtzebuergesch Schoulnoten ëmgerechent kéint een dat Ganzt also sou kucken, dass dräi Stären assez bien bis nidderege bien ass, während zwee an en halwen Stär suffisant bis eng kleng Datz duerstellt. Alles ënner zwee an en halwe Stär wëll ech dogéint net méi rëmgesinn. Dat sinn déi richteg Datzen, wou gréisser Makel dra sinn, déi heinsdo duerch kleng Elementer ugehuewe ginn, mä leider ganz oft och net.

Déi wierklech gutt Filmer kréien dräi an en halwe Stär, wann et soe mer wierklech just eppes bedeitendes gëtt, wat mech un hinne stéiert, an véier Stären, wann kleng Feeler net wierklech an d’Gewiicht falen. Sou ass et kloer, dass ech dëst Joer aacht Filmer eng Wäertung vu véier Stäre ginn hunn, mä dat awer net bedeit, dass ech all déi Filmer um Niveau vun de beschte Filmer vun allen Zäite gesinn. Fir et ganz däitlech ze soen: (500) Days of Summer ass keen 8 1/2 oder 12 Angry Men, mä awer e Film deen op ganzer Linn iwwerzeegt, an deen dofir och d’Beschtwäertung verdéngt.

A fir all déi, déi et interesséiert: (500) Days of Summer, Antichrist, Bright Star, Coraline, Duplicity, Fantastic Mr Fox, The Hurt Locker, Harry Potter and the Half-Blood Prince, The Informant!, In the Loop, Moon, The Princess and the Frog, Un prophète, A Serious Man, Star Trek an Zombieland sinn déi siechzéng Filmer vun den 53 déi ech vun 2009 bis well gesinn hunn, déi nach an der Course sinn fir eng Plaz op menger Top 10 vum Joer. Mä dozou méi an e puer Wochen, wann ech mat The Lovely Bones de leschte wichtege Release vun 2009 gesi wäert hunn.

De Clive Owen ass rosen

Geschriwwen den 2/03/2009 vum Chris28 Kommentaren

De Clive Owen ass ouni Zweifel ee vun de coolste Schauspiller déi et gëtt. Net nëmmen ass en talentéiert an huet an Children of Men matgespillt (ey, Children of Men!!!), mee e sicht sech och permanent Rollen aus an deenen e cool riwwer kënnt.

Cool a rosen. Seng Mëschung aus Eleganz an Delabréiertheet ass eng eegen, déi keen sou noman kann, deen Typ huet einfa Stil, mee gesäit trotzdem ëmmer aus, wéi wann en zënter véier Deeg am Bësch a sengem Kostüm net geschlof huet. A genee sou ass en och rem an The International: midd, hongreg, knaschteg, onraséiert, ongeféckt a rosen. Sou, sou rosen.

The Bourne Identity
An The Bourne Identity spillt den Clive Owen e Profikiller, deen ënnert anerem soll den Jason Bourne aus dem Wee raumen. Lo bräuch ech net vill Imaginatioun fir ze soen, dass een als professionelle Märder eng gewëss Grondroserei bräuch. Wee kéim do besser a Fro, wéi de Monsieur Ech-hunn-eng-enorm-Roserei-an-der-Panz Clive Owen.

King Arthur
Als King Arthur ass den Clive Owen och rem rosen: d’Wikinger gräifen un, heen ass net wierklech Kinnék, d’Guinevere wëllt en net, a säi Mentor, de Merlin ass permanent stoned. Ech hunn de Film net méi gesinn zënter dass en am Kino war, mee also dat do géif mech och rose man. Ech wier sou rosen, dass ech géif mat der Fauscht op en Toast schlon, dee mat der Gebeessesäit op de Buedem fällt.

Closer
Dass de Clive Owen a Closer rosen ass, ass verständlech: net nëmmen buppt säin Julia Roberts mam Jude Law, nee, d’Natalie Portman seet em o na net den Numm, deen et héire wëll, wann hien et am Stripclub an deem et schafft ublärt. Dass di Fraleit den Clive Owen awer ëmmer sou rosen maache mussen.

Sin City
A Sin City ass jo souwisou jiddereen iergendwéi rosen. De Mickey Rourke, de Bruce Willis, d’Rosario Dawson, mee keen ass sou rosen wéi de Clive Owen. En zappt dem Benicio del Toro säi Kapp an d’Toilett a beschützt Putten. Eng edel Roserei, indeed.

Inside Man
An Inside Man iwwerfällt den Clive Owen eng Bank, huet allerdéngs kee Grond rosen ze sinn, vu dass et geléngt. E blärt trotzdem heinsdo. De Clive Owen mecht dat eben. Perfid clever ass en iwwregens och nach. An zwar an all Film.

Children of Men
Ka sech iergendeen net drun erënneren wéi rosen de Clive Owen um Ufank vun desem Film ass? En trauert net mol em de Baby Diego, litt doriwwer zu séngem Boss, an säift wéi e Lach. Niewebäi ass e rosen mat senger Exfra an hirer Terrororganisatioun, well déi en nerven. Weider typesch Clive Owen Saachen: e gesäit aus wéi wann et kee Muer géif ginn, an en huet en Tinitus.

The International
An The International kulminéiert seng Roserei an enger Schéisserei am Guggenheim, an där en alles freckt mecht. Awer wierklech alles. Gutt, dass et keng Security an deem Gebai gëtt, soss wier et schwiereg ginn, souvill Waffen do ran ze kréien, fir dat alles sou hinzekréien. Während senger Zerstéirungswut blärt en nach een un, deen grad opmannst 17 Mol an d’Panz geschoss krut, dass desen net stierwe soll, wat deen natierlech frëndlecherweis doropshin verzögert, bis se dobausse sinn. Doropshin schléit en d’Läich mat der Fäuscht em puer Mol an de Broschtkuerw. Anger Management. Niewebäi wiergt en nach eng Fra, déi einfa just un em laanschtgeet, blärt mat diverse Leit (ënnert anerem sengem Chef), trëppelt deem säin Telefon ze Bräi an weist engem Patholog wéi ee säin Job mecht.

Et muss haart sinn, de Clive Owen ze sinn. Déi Roserei géif mech op laang Siicht fäerdeg man.

The International

Geschriwwen den 1/03/2009 vum Thorben3 Kommentaren

Aus zäitlechen Grënn hun ech meng Kinotickets fir “The Class” (Guardian – OPLZ – 5 Stäeren) géint “The International” emtauschten (3 Stäeren) missen. Ech kann keng Reviewen schreiwen, ech wëll iech just ob de Film obmierksam man.

Ech gin schon emmer e bessen “overexcited” wann am Kino am Trailer vun EUROPA CINEMAS am Cameo an am Filmhouse “Luxembourg” steet, an dofir krut ech mech am International nemmi an.

YouTube Preview Image

En bref geet et em eng Bank déi sech am Waffenhandel engagéiert an Waffen un Iran, Irak, Amerika, Syrien, Israel an allerhand afrikanesch Länner liwwert an dofir geleegentlech deen een oder aaneren kaal mécht (mat Uspillungen ob bulgaresch Dissidenten déi mat Prabbelien gekillt goufen an allerhand aaner politesch motivéiert Morder). Den Agent Salinger – exzellent gespillt vum Clive Owen – geet der Saach ob de Grond an reest dofir enner aanerem an d’Land wou déi Bank, d’IBBC, hier Zentral huet: Lëtzebuerg. An der Sich no Spueren fënnt den Salinger dann raus, dat een Informant an engem viirgespilltenen Autosaccident an der Uelzecht ersoff gouf an de Kappbänker sech a Lëtzebuerg obhält an mat der Luxair hin an hier flitt. Leider sin do e puer Feeler ennerlaaf, d’Szenen déi a Lëtzebuerg spillen, sin doudsécher net do gefilmt, och ass et net ganz korrekt dat den Salinger sech mat engem Lëtzebuerger Gendarm trëfft an sou weider. Egal, et freet een sech jo iwwer all Erwähnung vun eisem Land.

De Film ass vun der Story hier net wierklech innovativ oder déifgrënneg, mee einfach éischtklasseg Ënnerhaltung. Leit déi eng Oofhandlung iwwer d’knaschteg Implikatiounen vu Banken wëllen gesin, kaaft iech e Buch, mee wann een well e spannenden Actionfilm hun: here we go. Ech hun missen un dem Michael Mann säin Heat denken, dien ähnlech vill Spaß gemach huet. De Clive Owen spillt extrem gudd seng Roll als ultra-aggressiven awer humorvollen Gentleman, den Tom Tykwer mecht séch an sengem berühmten Laaf-Szenen all éier, den Armin Müller-Stahl spillt e béisen Preis, den Ulrich Thomsen (Festen) spillt e coolen Béisen an d’Naomi Watts spillt och mat.

Also: E spannenden Film ouni missen zevill noozedenken an masseg Referenzen ob Lëtzebuerg. Just déi 10 Minutten Ballerszene am Guggenheim wor e bessen vill. Mee ennerhaalsam.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags