The Darjeeling Limited
De Wes Anderson ass wahrscheinlech ee vun dene kontroverseste Writer/Director eiser Zäit. Et ass net sou, dass en kontrovers, komplizéiert oder ustoussend Themen a sénge Filmer géif opgräifen, mee un dësem Regisseur scheeden sech wierklech d’Geeschter. Déi eng haassen en, déi aner fannen en immens. Ech gehéiren zum zweete Grupp, mee och ech muss zouginn, dass wann ee kee Fan vum Wes Anderson ass, een et no “The Darjeeling Limited” och net gëtt.
Dräi Bridder, den Francis (Owen Wilson), den Jack (Jason Schwartzman) an de Peter (Adrien Brody) wëllen op engem spirituellen Trip duerch Indien am Zug “The Darjeeling Limited” rem zouenee fannen, nodeem se sech ee Joer laang net méi gesinn hunn. Déi dräi trauen sech net, an hu genug eege Problemer, dass se net o nach missten déi vun engem anere matdroen. A sou begi se sech also op en Tour an Indien mam Ziel hier Mamm ze fannen, op deem (natierlech) net alles sou leeft, wéi geplangt.
D’Geschicht ass ganz intressant, witzeg an entwéckelt super Personnagen, mee et gëtt een d’Gefill net lass, dass iergendeppes feelt. Iergendee klengt Detail stëmmt net an verréckt doduerch dat ganzt Bild vum Film. Vläicht läit et dorunner, dass d’Geschicht ganz vill (ménger Meenung no ongewollt) Parallelen zu “Little Miss Sunshine” opweist, déi zwar flott sinn, mee awer och dem Wes Anderson sénger Geschicht séng Grenzen opweist. De Film ass ganz gutt, mee kënnt net un den Niveau vu “Little Miss Sunshine” run. Munch Szenen sinn awer sou staark (zum Beispill de Schluss), dass een am Fong liicht iwwer d’Schwächte wegkucke kann.
Ëmmer rem erstaunlech ass dem Wes Anderson séng Metaphorik. Sou schleefen déi dräi Bridder während dem ganze Film d’al Valissen vun hierem verstuerwene Papp mat sech, se kënne sech net vum Vergaangene léisen. Eng weider Schwächt, wann een se dann als sollech gesi wëll, ass dowéinst de Fait, dass een sou munches am Film a punkto Metaphorik net verstoe géif, wann een “Hotel Chevalier” net gesinn hätt. Vill vum Witz, a vum Jason Schwartzman séngem Personnage géifen doduercher verluer goen. Mee vu dass de Kuerzfilm prinzipiell virum Haaptfilm gewise gëtt, ass déi Schwächt och scho rem ze vergiessen. (Dat ass eigentlech just en Tipp fir déi, déi en net an de Kino kucke ginn, an op DVD kafen/léinen. Fir d’éischt “Hotel Chevalier” kucken!)
Dat wat een net bestreide kann, ass dass et dem Wes Anderson, mat séngem ganz perséinleche Stil vu Kameraféirung a sénger exzentrescher Art Direction geléngt wonnerschéi Kulissen ze schafen. “The Darjeeling Limited” ass wéi dem Wes Anderson séng méi al Filmer visuell komplett duerchduecht, keen Detail gëtt dem Zoufall iwwerlooss an d’Bild ass einfach nëmme wonnerschéin a voller Saachen, déi et z’entdecke gëlt. Natierlech ass et hëllefräich, dass déi indesch Kultur eng zimmlech verspillten Opfaassung vun der Notzung vu Faarwen huet entgéint der typesch chrëschtlech/europäescher Askese.
Och aus de Schauspiller hëlt de Wes Anderson en Optimum raus. Ech verstinn nie firwat kee vun de Schauspiller fir hier Rollen a sénge Filmer fir Präisser nominéiert ginn. Den Adrien Brody ass wahrscheinlech dee stärkste vun deenen dräi Bridder. Hee brilléiert a sénger Roll a kënnt bal un de Richie Tenenbaum vum Luke Wilson run, wat fir mech nach ëmmer déi beschte Leeschtung bis elo an engem Anderson-Film ass. Den Owen Wilson bréngt business as usual, mee wéi ëmmer wann en an engem usprochsvolle Film matwierkt, erkennt ee séng schauspilleresch Qualitéiten. Mee et gëtt eng Szen mat em, wou engem wierklech den Otem stockt, net wéinst sénger schauspillerescher Prestatioun, mee wéinst deem wat en ze soen huet. (Ech verroden näicht, selwer erliewen.) Den Jason Schwartzman anerersäits bréngt déi beschte Leeschtung, déi ech bis haut vun em gesinn hunn. Säi Personnage ass de verbannende Charakter vun der Geschicht, a sou dréit en eng enorm wichteg Roll, déi em absolut net iwwert de Kapp wiisst.
Alles an allem ass “The Darjeeling Limited” e Film mat Schwächten, deen awer jidderengem, deen eppes mam Wes Anderson ufänke kann, gefale misst. Wahrscheinlech ass et e Film, deen een em puer Mol gesi muss, fir wierklech ranzekommen, well den Anderson einfach vill schéi Biller mat anere gudden Iddie verkneppt an dofir vläicht iwwert säin Ziel erausschéisst. Mir huet et gefall.
Bewertung: *** 1/2 / ****
