Bäitrag getagged ‘the coral’

Genius! Genius! Geek!

Geschriwwen den 8/09/2009 vum ChrisKee Kommentar

Den Thorben wollt Perséinleches. Hei ass es.

Ech läuschtren grad Musek mam Genius am iTunes (wat eng Ausdrocksweis!), do lafen zwee Lidder hannereneen: “Dreaming of You” vun The Coral an “Ever Fallen in Love” vun de Buzzcocks, an do fällt mir op: hey! Dat sinn dach d’Lidder zu deenen den J.D. an d’Elliott a Scrubs sech fir d’éischte Kéier, an fir d’éischte Kéier no hirer éischter Trennung kréien.

Fazit: Genius = Genius, Chris = Geek.
PS: als nächst Lidd koum “Superman” vum Lazlo Bane.
PPS: d’Top 10 Teléserien wéi vun iech gewielt, gi geschwënn hei publizéiert. Sidd prett fir Iwwerraschungen.

#43 The Coral

Geschriwwen den 25/01/2009 vum ChrisEe Kommentar

OPGEPASST: Virun deem ech erklären wat The Coral hei an der Lëscht man, wëll ech iech op e Concours opmierksam man, deen ech heimadder als oppen erklären. Wat der man musst fir matzeman? Schéckt mer är Tipps fir d’Pianocktail Top 10 Muséker vum Joerzéngt op chris at pianocktail punkt lu an. Als Tiebreaker sot der mer nach wat äre Choix fir de Muséker oder d’Band vum Joerzéngt ass. Wat der gewanne kënnt? E Mixtape (op Kassett) mat den vu mir handgepickte beschte Lidder vun der Band vum Joerzéngt. Leet lass, a mat ärt bescht beim Errode vu méngen Top 10! De Concours leeft bis dass ech méng #30 bekannt ginn.

Ech héiren scho rem d’entsatent Stöhnen vu ménger Lieserschaft: “wéivill Britpop Bands wëll deen eis dann nach hei an déi Lëscht knätschen?”, an ech soen iech et direkt – sechs. Wee se all richteg an de Kommentarer erréit gewënnt mäin déifste Respekt.

The Coral allerdéngs sinn eppes spezielles, well se méi Rock’n'Roll a manner Pop sinn. Déi 6 Liverpooler hunn 2002 mat hirem eponymen Mercury Music Prize nominéiertem Debutalbum hu se als alleréischt britesch Band vum Rock-Revival, nach virun The Libertines, vu sech schwätze gedon. Zënter hir sinn nach 4 weider Alben (plus e Best of) nokomm, an d’Band ass op 5 Leit geschrumpft. Trotzdem sinn se eng vun de beléifteste Bands op der Insel bliwwen, well se a gewësser Hinsiicht déi traditionellst vun den neie britesche Bands sinn. “Dreaming of you”, déi zweet Single vun hinnen, ass haut nach net aus den Indiedissen wegzedenken:

YouTube Preview Image

Méi vun The Coral, virun allem och méi roueg a manner danzbar Stécker, fannt der natierlech op Myspace a op hierer Homepage. Passt op Myspace allerdéngs op, well se zwee Musékplayer hunn – also kuckt, dass der een dovunner ausmat virun deem der D’Lidder läuschtert, well et soss eng komesch Saach ki séint.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags