The Accidental Billionaires
Et war emol op Pianocktail eng Diskussioun an där hu mer gestridden. Déi Diskussioun huet mir keng Freed bereet an iech och net. Allerdéngs huet se mech zum Entschloss bruecht e Buch ze liesen. Dat Buch heescht The Accidental Billionaires (Amazon Link), ass vum Ben Mezrich, an ass d’Virlag fir de Film The Social Network vum David Fincher.
Vue dass ech säit e Sonndeg zu Glasgow sinn a gëschter bëssen Zäit hat, sinn ech mer an de Waterstone’s ëm puer Bicher siche gaang, ënnert anerem eben d’Geschicht iwwer d’Grënnung vu Facebook. A lo kënnt dat, wat iech alleguer interesséiert: nee, den Zuckerberg gëtt net glorifizéiert. E gëtt fair an oppen behandelt an et geet just ëm d’Businesssäit vun der Geschicht, also net ëm d’Moral vum Site selwer. A virun allem: jo, d’Geschicht ass sou, dass een e Film draus maache kann. Also eigentlech net just een, mä eben speziell de Mann deen aus Zodiac – enger net spannender Geschicht – ee vun de beschte Filmer vum Joerzéngt gemaach huet.
