Bäitrag getagged ‘star trek’

Oscar Liveblog 2010

Geschriwwen den 7/03/2010 vum Chris39 Kommentaren

19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.

(more…)

Top 10 Filmer vum Joer 2009

Geschriwwen den 25/02/2010 vum Chris6 Kommentaren

#10 THE INFORMANT!
(Steven Soderbergh)

Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast.
(more…)

Paramount Guilds

Geschriwwen den 6/12/2009 vum Chris3 Kommentaren

Et ass schon eng kleng Traditioun op Pianocktail, dass ech all Joer op meng Lieblingssäit verlinken, op där en Distributeur probéiert fir seng Filmer an d’Oscar-Course ze kréien. Fréier war dat VantageGuilds, mä no dem déi vun hirer Mammefirma Paramount gefriess gi sinn, nennt sech dat ganzt paramountguilds.com, an dir fannt do Infos zu Up in the Air vum Jason Reitman, The Lovely Bones vum Peter Jackson, Star Trek an natierlech dem absolute Frontrunner wat Oscars ugeet an dem beschte Film vum Joer: Transformers: Revenge of the Fallen.

Mä leider ass d’Säit net méi sou schéin, gesäit pupeg an oninspiréiert aus, an huet och net grad esou vill Goodies wéi fréier. Mä se ass okay.

Compensate the multidirectional polygraph scan with docking life support!

Geschriwwen den 9/05/2009 vum Jacques5 Kommentaren

Star Trek ass rem do, an d’Auteure vu pianocktail.lu si gréisstendeels begeeschtert (den Thorben huet de Film jo menges Wëssens nach net gesin). Ech selwer sin definitiv keen Trekkie, hun déi aal Enterprise-Filmer awer ëmmer gäre gekuckt. Ech kucke së souguer genee sou oft wéi d’Star Wars-Filmer, wann ech driwwer nodenken (1mol am Joër alleguer).

Deen heite Film allerdengs bedeit fir mech méi, well et effektiv Sci-Fi ass wéi ee se virdrun nach net – nët nëmme bei Star Trek – gesin huet. De Genre gouf nach eng Kéier opgefrëscht, d’Effekter sin nach eng Kéier besser wéi daat waat mer bis elo haaten. Äusserdeem gouf de Film méi accessibel fir Leit gemaach déi Star Trek nët kennen. Waat bedeit daat elo fir Trekkies? KENG ANGSCHT! Dir kritt waat der wëllt. All d’Elementer déi Star Trek äusmaache sin nach do, just besser! D’ Effekter si besser, d’Musek ass besser, den Treknobabble feelt net…

Treknobabble? Jo, ech hun dee Begrëff bis gëschter och net kannt. Erklärung: Et ass dee pseudo-technësche Kabes, dee bei Star Trek ëmmer erem tëscht Dialoger fällt (heiansdo faalen d’Dialoger och tëscht den Treknobabble).  Esou Sätz wéi ‘The magnetospheric ship recognition protocols are behaving abnormally!’ oder ‘Failure in the capacity clamp!’ héiert ee permanent. Den Treknobabble ass och am neie Film, se haale sech par rapport zu deenen éischte Filmer awer nach e bessi zreck, fir nët ofschreckend ze wierken.

Treknobabble kënnt rem an den Trend! Ech hun eng Websäit entdeckt, do kënnt dir Iech eng Rei Treknobabble-Sätz online generéiere loossen. Vill Spaass domat!

Live long and prosper!

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:

Scrubs/Star Trek

Geschriwwen den 7/05/2009 vum Chris8 Kommentaren

Scrubs war traureg.

Star Trek war brantasmic. (Bewertung: ****/****)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film, TV Tags:,

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags