The Lovely Bones (Jackson, ***1/2)
The Lovely Bones, d’Geschicht vun engem 14jährege Meedchen, dat vergewaltegt an ëmbruecht gëtt a senger Famill vum Himmel aus nokuckt, wéi se versicht mat der Situatioun ëm ze goen. Wann een dem Peter Jackson eppes loosse muss, dann ass et, dass en a senger Regie kompromisslos ass: de Film, dee mir gesinn, ass seng Visioun, déi duerch näischt gedréift gëtt. A sou gëtt aus dem Alice Sebold sengem vill méi däitlechen Roman eng extrem bildlech Erfuerung – den Jackson gëtt eis just sou wéineg u Material, de Rescht musse mer eis selwer denken. Emotional matrappend ass de Film, mat un der Spëtzt perfekte Performancen vum Saoirse Ronan, Rachel Wiesz, Susan Sarandon, Mark Wahlberg an Stanley Tucci an hannendrun enger visueller Experienz, déi senges gläiche sicht.
The Wolfman (Johnston, *)
LOL. (Jo, dat ass meng Kritik.)

500 Days of Summer (****)
Säit e puer Joer hunn ech schon en heemleche Crush wat d’Zooey Deschanel betrëfft, dat läit wahrscheinlech och dorunner, dass et meeschtens getypecast gëtt, an déi Zort Dramgirl ouni wierklech Substanz a ville Filmer anhëllt. Sou och hei, mä egal wéi negativ dat kléngt, de Film ass brillant. D’duerchschnëttlech Performance vum Deschanel zesumme mam Joseph Gordon-Levitt senger immenser schauspillerescher Leeschtung sinn d’perfekt Mëttel fir dat clevert a wonnerbart Dréibuch iwwert eng Koppel där hir Bezéiung net funktionnéiert zum Liewen ze bréngen. Dëst zesummen mat der schier perfekter Regie vum Marc Webb mécht aus (500) Days of Summer de perfekte Film fir de Summer. Ech géif bal soen, et wier déi innovativsten Rom-Com zënter Annie Hall, mä noolt mech net dorop fest.
(more…)
Ech hu keng Zäit fir vill ze schreiwen, mä wann den Trailer fir dem Peter Jackson (Peter Jackson!) säin neie Film The Lovely Bones rauskënnt, da muss ech dee jo wuel bréngen. Souvill sinn ech menge Lieser schëlleg.
Ah jo, meng Meenung zum Trailer: gesäit no engem extreme Fall vun “hit or miss” aus, d’Häerz seet “hit”, de Kapp “miss”. D’Biller si wonnerbar, mä den Trailer schlecht geschnidden.
UPDATE: Den Trailer do ass weg, dofir gitt en op Apple kucken.