Bäitrag getagged ‘stanley kubrick’

Reader Request: 25 grouss Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt

Geschriwwen den 20/02/2009 vum Chris9 Kommentaren

Iwwert eise Pianocktail Wonschphone op Facebook huet eisen treien Pianocktailfrënd Joël well fir d’zweet no enger Lëscht vu Filmer gefrot, déi een onbedéngt gesinn hu muss. Eng Kanoniséirung vun där Zort gëtt bekanntlech allsäits bedriwwen: sief et d’Imdb Top 250, déi genial Aarbecht vun They Shoot Pictures, Don’t They? oder och dat allsäits beléiftent Buch 1001 Movies You Must See Before You Die.

westsidestory25Mat sou enger Kanoniséirung dinn ech mech allerdéngs schwiereg. Éischtens, denken ech net, dass et e Geheimrezept gëtt fir Leit, déi wëllen hire Filmhorizont erweideren, fir dat op iergendeng Aart a Weis séier hinzekréien an deem een eng 20-50 Filmer kuckt, an da bescheed wees. Zweetens fannen ech et ëmmer e bëssen umoossend anere virzeschreiwen, wat se kucke, liesen, läuschtre sollen. Goûte si verschidden, an ënnert ménge 25 Filmer, déi ech fir de Joël ausgewielt hunn, sinn der, déi munch aneren net op déi Plaz gesat hätt an et feelen der, déi wuel soss Leit onbedéngt jidderengem recommandéire géifen.

Natierlech ginn et méi Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt, wéi déi 25, déi ech hei opzielen. Zum engen hunn ech allerdéngs opgrond vun der Schwieregkeet vum Thema decidéiert just ee Film pro Regisseur zouzelossen. Do geet Film einfach Hand an Hand mat ménger Astellung zur Literatur: probéier villes, a wat der gefällt, kanns de dech weider drop alossen. Kee wees op en den Emir Kusturica gutt fënnt, bevir en e gesinn huet – allerdéngs sollt jidderee probéiren säin Horizont z’erweideren. De 14. Hitchcock Film ass nach ëmmer technesch brillant, mee beaflosst déng Filmkompetenz net nei, wéi et  däin alleréischte Film vum Jane Campion mecht. Dofir jidderee soll a méngen Aen probéiren vast Kino ze kucken, wann en sech dofir interesséiert, an da rauspicken wat séng Pärele sinn. Mir zum Beispill gefällt den Akira Kurosawa wéineg, dofir orientéiren ech mech anescht. D’Meenung hunn ech mer awer als éischt gebild, bevir ech decidéiert hunn aneschters weider ze kucken.

e_t_the_extra_terrestrial_25An do komme mer bei dat Anert wat d’Leit am Kapp hale mussen: éischtens ginn et bei ménge Proposen hei nach ëmmer Grënn vu perséinlecher Preferenz am A ze behalen, zweetens hunn ech probéiert net an Nischen ze denken. Kloer, “Stand by Me” ass ee vu méngen absolute Lieblingsfilmer, mee muss jiddereen e gesinn hunn? Ech gleewe kaum – et steigert d’Filmverständnis manner, wéi déi 25 Filmer hei ënnendrënner et man.

A schlussendlech hunn ech nach decidéiert nëmme Filmer bis 1999 ze berücksichtegen, vu dass ech spéider am Joer nach méi en détail op d’Filmer vun desem Joerzéngt wëll zréckkucken.
(more…)

#3 Dr. Strangelove or: How I Learned to Stop Worrying and Love the Bomb

Geschriwwen den 15/02/2007 vum Chris2 Kommentaren

43 Joer laang, war dëst de Film mam längsten Titel, dee je fir en Oscar nominéiert gouf, du koum: “Borat: Cultural Learnings of America For Make Benefit Glorious Nation of Kazachstan”. Souvill dozou.

Okay, Kubrick-Film an der Lëscht Nummer 5 an ech soen iech et alt, et ass och de läschten. Dat nennt een och eng Obsessioun, mee dovunner sinn ech jo souwisou komplett ageholl.

“Dr. Strangelove” ass déi beschte politesch Satir, déi et get. Et ass jo am Fong e ganzt serieuxt Thema, mee dat get sou herrlech vum Peter Sellers a vum George C. Scott an d’Lächerlecht gezunn, dass een dobäi all d’Suerge vergësst an sech einfach köstlech iwwer d’Idiotie vun de Sowjets an Amerikaner ameséiert. Klenge Gimmick ass natierlech och, dass een beim Mister Perfect Kubrick bei de Flijheren iwwer Russland d’Fiedem erkennt, un deenen se hänken. Dat deet dach gutt, wann de grousse Meeschter och net alles zu 100 Prozent hikritt.

Sou, lo hunn ech de Kubrick mengen ech genug ugebied. 48 down, 2 to go.

#9 A Clockwork Orange

Geschriwwen den 4/02/2007 vum ChrisKee Kommentar

De véierte Kubrick an der Lëscht.

Ech hat mol dovunner geschwat, dass de Kubrick fir mech an de Film-Götterhimmel gehéiert. Gutt, ech denken et get kee Regisseur, dee sou vernarrt op Perfektioun war, wéi de Kubrick. Doduercher huet e vill Schauspiller zur Verzweiflung, mee awer och zu Héchstleeschtungen gedriwwen.

Nach gëschter Owend hunn ech mech mat engem Kolleg iwwer “A Clockwork Orange” ënnerhal, a mer waren eis eens, dass de Film ëmmer rem nei Facetten ze bidden huet, déi engem virdrun net opgefall sinn. Kubrick-Filmer si visuell Erliefnisser wéi kaum eppes, et kann ee sech am Fong net dru sat kucken. Bei him gi souguer Rafäll wéi “Eyes Wide Shut” zu zineastesche Meeschterleeschtungen ouni eng gutt Geschicht z’erzielen.

“A Clockwork Orange” bestëcht duerch eng héich stiliséiert Erzielweis an Ausféirung, duerch déi scho bal surrealistesch Décoren, déi sécher och den Tim Burton spéider beaflosst hunn. Sougesinn ass “A Clockwork Orange” de Virreider vun enger Zort Konschtfilm, deen een als modernen, amerikanesche Surrealismus bezneechen dierft, ouni d’europäesch Grodlinegkeet an de Stoizismus vum Kubrick séngem Filmopbau ze vergiessen.

#20 2001: A Space Odyssey

Geschriwwen den 2/01/2007 vum Chris3 Kommentaren

An zack, si mer an den Top 20. Lo kënnt just nach Konsensfudder, huelen ech mol un.

An ech sinn am Stress, dofir ginn et am Moment och keng méi interessant Bäitreeg. Vakanz virbereeden, vill liesen, vill schaffen, good old Insomnia iergendwéi kompenséiren.

Mee e gudde Kubrick kann een ëmmer ubieden.

#27 Full Metal Jacket

Geschriwwen den 18/12/2006 vum Chris3 Kommentaren

Souguer manner gutt Filmer vum Stanley Kubrick si brillant. A “Full Metal Jacket” ass genau souee Film.

En erzielt vun amerikaneschen Zaldoten, hirer Ausbildung an dem Vietnamkrich selwer.  Kloer ginn et sou Filmer eng jett, mee eben net vum Kubrick, deen ganz heemlech vu mir gottähnlech veréiert get. Mee dat erklären ech vläicht spéider an der Top 50 nach emol, wann ech méi Loscht op Schreiwen hunn.

Op jidfer Fall fannen ech get et kaum e Film, deen den Horror vum Krich op déi Manéier afängt wéi desen, vu dass en eng vill méi perséinlech an op de Mënsch bezunne Perspektiv bitt, wéi déi meescht Filmer. Am Mëttelpunkt sti weder Kampfhandlungen oder Idealer, mee den Zaldot selwer.

#49 Barry Lyndon

Geschriwwen den 17/11/2006 vum Chris2 Kommentaren

D’Geschicht vun engem jonken Ir, deen onglécklech verléift ass, an nodeem s e säi Land verléisst a fir England an de Krich zitt, e kuerzen Ofstecher an Holland mecht, um däitschen Haff land, eng Carrière als Glécksspiller ufänkt a lues awer sécher an den Adel opsteigt…

Jidderee kennt aner Meeschterwierker vumStanley Kubrick: 2001: A Space OdysseyThe Shining oder A Clockwork Orange, d’Geschicht vum Barry Lyndon bleift awer iergendwéi ëmmer den net gäer gesinnene Brudder an der Rei vum Kubrick sénge Filmer. Dobäi ass et wuel de bildgewaltegste Film vun en allen, ass sou propper gedréit, wéi bal keen aus desem Perfektionist séngem Repertoire. Ech denken, dass de Film einfach doduercher, dass en eng manner schräg Geschicht erzielt, wéi déi meescht vum Kubrick sénge Filmer (obwuel se dach schon zimmlech mëll ass), an och en vue vu séngem pompöse Stil hautesdags manner Opmierksamkeet vun de Leit kritt. Ëmmerhin war et awer den deierste Film, deen de Kubrick jemols produzéiert huet.

Trotzdem hunn ech mech all Kéiers köstlech dobäi ameséiert fir mer unzekucken, wéi aus dem klengen, erbärmlechen Barry, de groussen, grad sou erbärmleche Barry get an ech fannen de Ryan O’Neal ass de perfekte Cast fir dem Barry säi relativ dompe Charakter duerzestellen. Ech ka mer awer gutt virstellen, dass eng ganz Rei Leit, keng Aanung vun desem Film huet. Kee Problem, ween e gesi wëll, ech verléine méng DVD gäer u Leit, denen ech trauen. Fir déi aner heescht et knapps 10 € investéiren a sech dese Klassiker aus der Stanley Kubrick Collection selwer besuergen. Eng wonnerbar Entwécklung, déi meeschterhaft a Szen gesat gouf.