Bäitrag getagged ‘sofia coppola’
The King’s Speech (Hooper, **1/2)
Den George VI (Colin Firth) gëtt Kinnek, well säi Brudder ofdankt fir mat senger amerikanescher Frëndin liewen ze kënnen. A well dat net problematesch genuch ass, ass den neie Kinnek och nach en Tuddeler. A well dat nach ëmmer net problematesch genuch ass, geschitt dat Ganzt och nach an den 30er Joeren, also grad an där Zäit wou de Kinnek ufänke muss iwwer Radio Rieden ze halen, an dat während dem Krich och nach relativ oft. Dofir kritt den George en Sproochtherapeut aus Australien (Geoffrey Rush) zur Säit gestalt, fir dass en sech bessert.
Sou wäit, sou gutt. Mat där Geschicht kann een eigentlech e gudde Film maachen, deen sech iwwer soe mer quasi zwou Stonnen zitt. Eng interessant Prämiss, e bësse Krich, schéi Kostümer, schéin Décoren, etc. Et ass alles do wat ee brauch. Just leider ass dee Film esou schei, esou ongewollt iergendengem op d’Féiss ze trëppelen, dass en einfach extrem bluttaarm dohir kënnt. Vue dass iwwerhaapt keen sozialen Dialog agaang gëtt, muss een sech d’Signifikanz vun deem wat geschitt dobäi denken, wann een dat da brauch – a jo, dat brauch ech an dësem Fall. De Film gëtt sech net d’Méi fir der do ze hëllefen, mä erzielt der léiwer eng léif, plüscheg Geschicht driwwer wéi e Kinnek an säi Sproochtherapeut – no der zweete Kéier, dass en de Kinnek mate genannt huet, war et mer zevill – bescht Frënn ginn. Fir eng Kéier war et gutt, och dank dem exzellenten Colin Firth an der Energie vum Guy Pearce, mä e wonnerbare Film ass et net. Ech froe mech wat draus gi wier, wann en anere Regisseur/Auteur déi Geschicht hätt kënnen erzielen. D’Potential zu méi war do.
Somewhere (Coppola, ***1/2)
Streng geholl huet een am Trailer jo schon alles gesinn. Well de Film ganz einfach keng Handlung huet, näischt weider dra geschitt, de Personnage sech net verännert, an de Film net mol wierklech ufänkt, respektiv ophält. Vu Film zu Film schéngt d’Sofia Coppola méi op Handlungen ze päifen, well verglach heimat war Marie Antoinette Ulysses an Lost in Translation À la recherche du temps perdu. An awer huet de Film – deen, maache mer eis näischt vir, déi meeschte Leit der Dout langweileg fanne wäerten – eng extrem stëmmungsgelueden Ambiance, déi en ëmmer um Liewen hält. Ee vun de beschte Filmer vum Joer.
Während ech nach an engem regelrechten Delirium wéinst all deenen neien Arcade Fire Lidder sinn, déi am Internet rëm schwirren, an der leschter Episod vu ‘Breaking Bad’ (wéini ass Mäerz 2011?) servéiert d’Internet mir dat nächst un deem ech mech net sat kucke kann.
An dem Sofia Coppola senger Carrière, déi bis well 3 Filmer ëmspaant, ass bis well villes richteg gelaf. Mat The Virgin Suicides huet et en wonnerbar onscheinbart Debut gefeiert, duerno huet Lost in Translation et zum Star an Oscar-Gewënner gemaach. Marie Antoinette ass vu ville Kritiker zerrass ginn, mä eigentlech fannen ech dee Film och sauméisseg interessant, wat d’Konzeptioun an d’Kompositioun betrëfft. Matrappend ass en definitiv net, mä dofir gëtt en engem eng Zort Gefill, déi eigentlech just Sofia Coppola Filmer verspriechen.
Um Venedeger Filmfestival 2010 wäert dem Coppola säin neie Film, Somewhere, seng Première feieren. Hei ass den Trailer dozou:
Sinn et wierklech schon 3 Joer zënter dass d’Sofia Coppola Marie Antoinette gedréit huet? Oh Gott, wéi d’Zäit vergeet, an ech vermëssen meng léifste weiblech Regisseurin all Woch op mannst eng Kéier. Gutt, Marie Antoinette war net sou immens wéi seng zwee Virgänger, mee trotzdem huet de Film onnéideg Kritiken astieche missen. Et ass eng Reflektioun iwwer Weiblechkeet gewiescht an doraner vläicht ze laang an fir d’Längt ze roueg, mee trotzdem méi interessant, wéi munchereen em zousprecht.
Op menge Sträifzich duerch d’Internet sinn ech haut op des Reklamm fir “Miss Dior Chérie” gestouss (wat wéi ech unhuelen e Parfum ass, nee?), an rot ween Regie gefouert huet: d’Sofia Coppola. A wa mech den Inhalt vun der Reklamm och absolut iwwerhaapt glaat a guer net interesséiert, sou war ech awer hin a weg, well et typesche Coppola ass. Hei eng Referenz rageheit, do e schéint Bild ageworf, a virun allem leeft e schéint, blond Meedchen duerch d’Bild a kuckt eng Fënster raus. Ech wëll rem schéi, blond Meedercher am Kino gesinn, déi dreemeresch d’Fënster rauskucken. Ëmmerhin: meng Konfirmatioun, dass et näicht verléiert huet. (via StalePopcorn)
Nach kuerz, bevir ech eppes iwwert de Film soen: 1. Méng Lëscht mat de Filmzitater kënnt geschwënn no. 2. An der Vakanz kënnt mäi Bäitrag zum Thema, Filmer déi ech net erwaarde kann.
A lo zum Film: “Lost In Translation” ass verglach mam Rescht aus der Top 10 e Winzling mat wéineg Handlung. Dofir deelt en awer eng gewëssen Atmosphär mat, déi ech als Spectateur ëmmer rem opsauge wëll. Dat faarwegt, hektescht vun Tokyo, wat ëmmer rem kontrastéiert get duerch d’Rouh an der Bar an d’Verhältnis tëschent dem Bob (Bill Murray) an Charlotte (Scarlett Johansson) ass phänomenal. D’Sofia Coppola huet sécher net de Stil vu séngem Papp, mee e ganz eegenen, deen Dramwelte schaft, an déi ee sech raversetze wëll a kann.
Sollt et dem Sofia Coppola geléngen “Lost In Translation” nach iergendwann ze toppen, geet et fir mech op jidfer Fall als de gréisste Coppola an d’Filmgeschicht an.

D’Sofia Coppola huet nieft Lost in Translation virun allem nach The Virgin Suicides opweises, deen et zur bekannteste Regisseurin aus Hollywood mëcht.
D’Geschicht handelt vun enger Grupp vu Jongen an hirer Bewonnerung fir d’fënnef Lisbon-Schwësteren. Nodeems dat jénkste Meedchen sech embréngt, mussen déi véier aner sech dem strenge Regelen vun hiren Eltere beugen, déi se no an no ëmmer méi anenken, a schließlech d’Ursaach dofir sinn, dass déi véier sech och embréngen.
De Film hunn ech fir d’éischte Kéier nuets op ARD gesinn. (Firwat weisen ARD an ZDF gutt Filmer ëmmer réicht owes spéit? Dat wëll mer net an de Kapp goen.) Normalerweis ginn ech, egal wéi gutt de Film ass, e bësse schléifreg, mee hei war dat net de Fall, ech sinn ëmmer kloer bliwwen an nom Film war mäin eenzege Gedanken “Wow”.
The Virgin Suicides ass en extrem calme Film, dee virun allem duerch déi kloer a kill Kameraféirung bestëcht. Niewebäi dierf een natierlech net d’Schéinheet vun der Musék vergiessen, déi vun Air extra fir de Film produzéiert gouf. Eng Geschicht, déi déif beréiert an ënner d’Haut geet, mat dem Kirsten Dunst mat enger vu sénge bis well beschte Leeschtungen an enger Regisseurin, déi bei hirem Debät direkt all Konventioune brëcht.