D’Riede vum Owend
Genéisst se soulaang AMPAS se na net rogeholl huet:
Genéisst se soulaang AMPAS se na net rogeholl huet:
00:52 Red Carpet Show. D’Joffer op Sky schwätzt nëmme Brach. Den David Frost war fuerchtbar cool. Lo just huet eent gesot d’Angelina Jolie sollt gewannen – I don’t think so.
00:53 Schéine gudden Owend awer nach, d’Marisa Tomei gesäit … hach … aus.
00:56 “A Hi to anyone who’s mad enough to stay up and watch this!” D’Kate Winslet huet mir gewénkt!!
00:58 Am Internet kurséiert d’Gerücht, dass Waltz with Bashir géint de japanesche Film Departures den Oscar verléire kéint. Ech gleewen drun, dass Waltz gewënnt, mee vu dass ech ëmmer enttäuscht ginn, wier ech o net iwwerascht. Ech soe just Gomorra.
01:07 Ech hu grad gelies, dass bis halwer all d’Teléssender mussen vum Red Carpet wegschalten. Dat ass okay, ech hu grad d’Natalie Portman an engem wonnerschéine rosa Rack gesinn. Dat geet mir duer.
01:12 D’Kate Winslet dréit en Yves Saint-Laurent Rack, falls et iergendeen interesséiert. Ah jo.
01:15 Ech froe mech grad firwat d’Heidi Klum bei d’Oscars dierf, an ech net. D’Liewen ass net fair. Wat huet d’Heidi Klum do verluer? D’Miley Cyrus hält jo och keng Ried bei der TED Konferenz.
01:21 Oh Merde, déi wäerten haut jo na ophalen iwwer d’Kleeder ze schwätzen. Ech gi mer eppes ze drénke sichen.
01:22 En Zesummeschnëtt iwwer britesch Oscargewënner, a wéiee Lidd leeft am Hannergrond? Natierlech “Viva la Vida” vu Coldplay. Dat Lidd a “Gobbledigook” sollte fir sou eppes verbuede ginn.
The Curious Case of Benjamin Button

01:32 An et geet lass! Wëllkomm zu den 81. Academy Awards! Vill Gléck Hugh Jackman, dass de dat gutt hikriss.
01:39 Coolsten Optakt ever! Standing Ovations.
01:44 Eng Montage iwwer Supporting Actresses. Meh. Dat ass e riesegeN Downer nom Jackman sengem Danz a Gesang, deen absolut brilliant war.
01:46 Oscar fir d’Niewenduerstellerin. Fënnef Presentatricen, déi mol de Präis gewonn hunn. Go Penélope.
01:49 Féck, wann se sou viru fueren, geet déi Show bis an d’Onendlechkeet weider. 20 Minuten a nach näicht iwwereescht. Déi fënnef Dammen schwätze jo ganz schéin, mee et hält net op.
01:50 The Oscar goes to… Penélope Cruz. Hatt seet dem Pedro Almodóvar merci. Sweet. :)
01:54 D’Screenplay Awards komme lo. Tina Fey a Steve Martin. “It has been said that to write means to live forever.” – “The man who said that is dead.”
01:58 Den Oscar fir Original Screenplay geet un Milk. Den Dustin Lance Black mat enger schéiner Prop 8 Kritik. Genial Ried.
02:01 Adapted Screenplay. Alles anescht wéi de Simon Beaufoy wier eng rieseg Iwweraschung.
02:03 Voilà. Slumdog Millionaire gewënnt alt rem e Präis. Ech son lo mol, dass et ee vun 7-9 den Owend ass.
02:05 D’Jennifer Aniston an den Jack Black presentéiren beschten animéierte Film.
02:08 Eng Montage iwwer animéierte Film a Waltz with Bashir kënnt net dra vir. Niewebäi ass et komesch, dass den Jack Black presentéiert, vu dass heen d’Haaptroll a Kung Fu Panda geschwat huet.
02:09 Wall-E huet gewonn. Let’s move on.
02:11 Animéierte Kuerzfilm. La maison en petits cubes. Ah tient. E Japaner huet de Film gema a säin Englesch ass net gutt.
02:14 Okay, eng kuerz Paus, da kann ech jo mol soen, dass den Hugh Jackman immens ass bis well, d’Bühn gefällt mer ganz gutt an d’Präisser ware bis ewell wéi z’erwaarden.
02:16 Art Direction. Go Ben Button! D’Carrie Breadshaw (wéi heescht et scho méi?) an den James Bond iwwereeschen de Präis. D’Bühneshow ass sou cool.
02:18 Yes, yes, yes. Ben Button gewënnt de Präis an huet e wierklech, wierklech verdéngt.
02:19 Baussen gi grad Leit grölend laanscht. Se feiere wuel Ben Button. Lo kënnt Costume Design.
02:21 The Duchess gewënnt de Präis fir d’drëtte Kéier an de läschten dräi Joer. (Marie Antoinette an de Film, deen net genannt gëtt si jo wuel den nämlechte Film wéi desen.)
02:24 A sou séier geet et. Ben Button huet schon den Oscar fir Makeup gewonn. Yes.
02:25 Uuuuuh, déi zwee aus Twilight. *gaaaaaps*
02:26 Eng Montage iwwer Romance 2008. Rot mol wéieng Musék spillt! Genee: Coldplay. “Lovers in Japan”.
02:30 Forgetting Sarah Marshall an Nick and Norah’s Infinite Playlist gehéiren zu de Romanze vum Joer a kommen an enger Montage bei den Oscars vir. Interessant.
02:32 Best Cinematography. Ben Stiller an Natalie Portman (hach). De Stiller mecht den Joaquin Phoenix no. Cool.
02:35 An d’Slumdog Wackelkamera gewënnt. Wéi Children of Men nominéiert war hu se nach d’Schéinheet vum Bild an net d’Innovatioun gewielt. Lo ass et anescht, an eigentlech net wierklech verdéngt. Schued. De Wally Pfister hätt et verdéngt gehat.
02:40 D’Jessica Biel schwätzt iwwer d’Sci-Tech Awards. Hatt ass ontalentéiert, mee schéin. Dofir duerft et déi iwwereeschen. Mee déi Idiote vu Sky weisen se net mol. Respektlos.
02:46 Ech verstinn dat lo grad net. Ech mengen, et ass dem Judd Apatow seng Comedy-Montage. Mee et ass komesch. Schlechten Empfang kënnt na dobäi.
02:47 Den James Franco, Seth Rogen an Janusz Kaminski iwwereeschen den Oscar fir beschte Kuerzfilm an et ass Spielzeugland.
02:49 De Regisseur vum Film ass aus Ostdäitschland an huet eng Glatz. Aha.
02:53 Empfang ass lo richteg fuerchtbar. An den Hugh Jackman sengt an danzt rem. Sou wéi ech et gäer hunn. Just dat Beyoncé do op der Bühn misst net sinn.
02:56 An d’High School Musical Kanner sinn och well do. Gott bewahr.
02:59 Sou villes ass anescht. Herno wäert souguer d’Queen Latifah d’Original Song Kategorie net presentéiren. Dat ass jo awer well eng Institutioun zënter opmannst 1953. An op Sky TV schwätzen se rem nëmme Schäiss.
03:02 Ech menge lo kritt den Heath Ledger säi Präis. Christoper Walken, Kevin Kline, Cuba Gooding Jr, Alan Arkin an Joel Gray iwwereeschen. Gëtt och Zäit, dass mol rem e Präis iwwereescht gëtt. Ech wëll an d’Bett.
03:08 Lange Rede, kurzer Sinn. Den Heath Ledger huet den Oscar fir déi beschte Performance vum Joer gewonn. Säin Joker ass eng Roll fir d’Geschichtsbicher. Meng Aen si ganz éierlech liicht wässreg. Sou e wonnerbart Talent huet eis verlooss. Ech hoffen, dass et a sengem klenge Matilda weiderlieft.
03:12 Beschten Documentaire. Déi Musék am hannergrond ass fuerchtbar schéin. Doduerch gi meng Tréinen net zréck. Man on Wire… boah, all Kéier s wann ech de Petit um Seel gesinn kënnt dat immenst Gefill rem rop. An de Werner Herzog ass dat Intelligentst wat et an der Filmwelt gëtt.
03:14 De Bill Maher presentéiert. Ech si sauer mat em, well en e Freideg net ganz fein iwwer d’Kate Winslet geschwat huet.
03:15 A gewonn huet Man on Wire. Kuckt en, Jongen a Meedercher! Dee Philippe Petit ass sou en arrogant coolen Typ. A lo direkt Documentaire Kuerzfilm.
03:18 De Gewënner ass Smile Pinki. Muss deen dann iergendwou fannen. Ech wëll, dass méi Kuerzfilmer an de Kino kommen. Se sinn oft immens, a wann net, huet ee manner Zäit verluer, wéi wann een Changeling oder Defiance kuckt. Brrrrr.
03:21 Wann op Sky TV nach eng Kéier ee seet The Dark Knight wier dest Joer “slightly ignored” ginn, geheien ech mäi Macbook d’Fënster raus. 8 Nominéirungen, krëtjëft. “If Heath would have been nominated had he been among us, is to be debated.” Fuck off, a lies e Buch. Vu Film an Oscars, keng Anung.
03:23 Okay, de Stream ass hänke bliwwen. Panik setzt an.
03:25 An et geet rem. Eng Montage iwwer Actionfilmer. MTV Movie Awards oder Oscars? Ech wees et net méi.
03:26 Uh, uh, uh. De Will Smith.
03:27 Visual Effects. The Curious Case of Benjamin Button. Oh yeah, bescht Effekter aller Zäiten. Ech soe just. Fir déi, déi sech nach dovun iwwerzeege wëllen.
03:29 D’Soundkategorien si lo drun. The Dark Knight gewënnt Editing.
03:31 An d’Bild hänkt nees. Sound Mixing wier lo drun.
03:32 Slumdog Millionaire huet gewonn. Mir deet et haut nach wéi vun deem Kaméidi, deen am Film war. Ech verstinn net, wéi dee Film do konnt nominéiert ginn.
03:34 Beschte Schnëtt. Meng Lieblingskategorie nieft dem original Dréibuch.
03:35 Ech hu well op Auto-Complete emgeschalt, ëmmer wann ech Oscar Slumdog Millionaire aginn, schreift mäin neiste selwer geschriwwene WordPress Plugin direkt Slumdog Millionaire hannendrun. Dat mecht et fir mech wesentlech méi liicht.
03:39 Ech froe mech grad wéieng Kategorien nach ausstinn, vu dass Slumdog réicht véier gewonn huet. Regie, Film, wat nach?
03:40 Ze séier geschoss, lo fällt et mer nees an: d’Musékkategorien kommen nach, déi e gewënnt.
03:42 Den Jerry Lewis gewënnt den Humanitarian Award, deen ech bis haut net verstinn. A rot wéiee Lidd an sénger Montage leeft? Genee: “Viva la Vida”.
03:44 Et war awer léif vun hinnen, dass den Eddie Murphy de Präis iwwereeschen duerft. Hat en och mol en Oscar Slumdog Millionaire an der Hand.
03:48 D’Sky TV Leit si rem um sabbelen. Nëmme Schäiss. D’Beyoncé huet anscheinend just “Dreamgirls” gedréit bis well. Hey, wat ass mat “Austin Powers: Goldmember”?
03:51 Best Original Score. Dem Alexandre Desplat séng Aarbecht fir Button ass sou wonnerschéin. Genee sou Defiance vum James Newton Howard. Milk war immens. Wall-E bezaubernd. Slumdog Millionaire kléngt besser vum Orchester bei den Oscars wéi am Film.
03:53 A scho rem D’HSM Kanner. An d’Gréit huet den Alexandre Desplat “Alejandre” ausgeschwat. Domm Klont. Slumdog huet natierlech gewonn.
03:56 Best Original Song. D’M.I.A. trëtt net op. An den John Legend séngt “Down to Earth”.
03:58 Also ech menge mol, dass dat den John Legend war.
03:58 Firwat wees ech eigentlech wen den John Legend ass?
04:02 Oscar Slumdog Millionaire. Sensationell wéi deen Auto-complete funktionnéiert. An “Jai Ho”, dat schwächsten nominéiert Lidd huet gewonn. Den Dev Patel verbréngt séng Zäit iwwregens domadder de Mond net zouzekréien a bléckt permanent ronderem sech.
04:06 De Liam Neeson an d”Freida Pinto iwwereesche lo beschten auslännesche Film.
04:07 A wéi ganz um Ufank ugekënnegt huet Departures wierklech gewonn. Major fuck-up nennen ech dat do lo mol. Mee ech hunn de Film jo net gesinn. Dese Japaner ka grad sou wéineg Englesch wéi dee virdrun.
04:11 In Memoriam. An d’Queen Latifah séngt dozou.
04:15 Schéi gema, d’Kameraschwenks ware liicht hektesch. Mee wéi all Joer si rem vill grouss Leit vun eis gaang, déi bekannt Nimm, an déi, déi am Schied fir d’Schéinheet vum Film zoustänneg waren.
04:19 D’Reese Witherspoon iwwereescht geschwënn dem Danny Boyle den Oscar Slumdog Millionaire, deen dem David Fincher zousteet, ass wéi ëmmer witzeg, mee huet e Rack un, deen deen Numm net verdingt huet.
04.21 Oscar Slumdog Millionaire.
04.23 Séng Tigger Ried war immens. Déif a méngem Häerz fannen ech den Danny Boyle jo schon immens. Mee, David Fincher…
04:25 Bescht Schauspillerin. Ass et endlech um Kate? Oder gewënnt d’Meryl Streep säin drëtten? Oder iwwerascht d’Melissa Leo?
04:27 Sofia Loren, Shirley McLaine, Halle Berry, Nicole Kidman, Marion Cotillard presentéiren.
04:28 No beschte Schauspiller ginn ech iwwregens an d’Bett.
04:29 NOT.
04:32 KAAAAAAAATE! :)
04:36 Ried vum Owend. Subjektiv an objektiv. An et geet virun bei de beschte Schauspiller.
04:37 Robert de Niro, Ben Kingsley, Anthony Hopkins, Adrien Brody a Michael Douglas heeschen d’Presentateuren. Wat e Line-up.
04:43 Ech mengen deen Typ aus Twilight ass wierklech e Vampyr. An de Sean Penn gewënnt säin zweeten Oscar!
04:45 De Sean Penn ass witzeg an den Dustin Lance Black kräischt. Dat zweet ass net sou iwweraschend, dat éischt extrem. Wat ass dann hei lass?
04:53 An de Steven Spielberg iwwereescht Slumdog Millionaire lo hieren aachten Oscar. Keng Iwweraschung. Bis d’néchst Joer. Gutt Nuecht.
Dir hutt et sécher gemierkt (oder éier net), mee ech hunn dest Joer kaum iwwer d’Oscars geschwat. Och wa mäi Lieblingsfilm vum Joer alt nees nominéiert ass, sou war dest Joer einfach net interessant fir mech. Wa Filmer wéi Frost/Nixon fir all eenzelne Präis nominéiert ginn, a Slumdog Millionaire all eenzelne Präis gewënnt, dann vergeet engem einfach de Spaass. Mee ech ka jo net e Sonndeg d’Show kucken (a livebloggen) ouni meng Pronosticen ofginn ze hunn. An éierlech gesot: et schéngt dest Joer vill ze einfach ze sinn fir Pronosticen ofzeginn. Niewebäi nach méng Pianocktail Awards Nominéirungen fir dest Joer, fir dat Ganzt e bëssen opzepeppen.
A ménger Review zu “The Painted Veil” hat ech virun em puer Méint geschriwwen, dass een e Film dorunner miesse kann, wéi oft ee während em op d’Auer kuckt an dass ee wann ee guer net drop kuckt mat engem saugudde Film gesegent ass. “Into the Wild” ass souee Film. Et ass e Film, an deem ee sech éischter dobäi erwësche géif, op d’Auer ze kucken an der Hoffnung, dass en nach éiweg viru geet.
Wien, mäi Bäitrag iwwer d’Oscars gelies huet, ka sech vläicht erënneren, dass ech do gesot hunn, ech hätt keng héich Erwaardungen an dëse Film. Ech ka guer net beschreiwen, wéi schlëmm ech widderluecht gi sinn. Ech schumme mech scho bal.
Zum Film: De Sean Penn befënnt sech alt rem eng Kéier hannert der Kamera, do wou ech en och léiwer hunn, an huet dem Jon Krakauer säi Bestseller iwwert e jonke Mann (Emile Hirsch), dee just vun der Uni kënnt an decidéiert säi Liewen an der moderner Zivilisatioun opzeginn a sech amplaz ouni Identitéit oder Geld einfach op de Wee mécht fir d’Welt z’entdenken. Säin ultimativt Ziel ass Alaska, wat e schliesslech och erreeche soll. Eng Saach, déi de Sean Penn ganz interessant mécht, ass wéi en d’Alaskastory parallel zu sénger zwee Joer laanger Rees dohin lafe léisst. Et gëtt dem Spectateur d’Gefill, dass alles, wat dem Christopher Johnson McCandless alias Alexander Supertramp geschitt op de Schlusspunkt zouleeft. Deen ech natierlech net verroden, ech wees jo net ob jiddereen d’Buch gelies huet.
Och d’Narratioun vum Film ass brillant emgesat. Mir verfollegen prinzipiell den Chris/Alex op sénger Rees, mee zäitgläich kréie mer ëmmer him sénger Schwëster (Jena Malone) séng zimmlech poetesch Gedanken zu der Rees ze héiren, an hatt beschreift wéi sech d’Liewen vu séngen Elteren, déi net woussten wou hiere Jong wier verännert. Bal als drëtten Aspect vun der Narratioun gesellt sech d’Musék vum Eddie Vedder dozou, déi eng herrlech Symbios mat Bild an Text ageet.
An enger Geschicht déi d’Schéinheet vun der Natur zu souengem Extrem afänke muss, gehéiert natierlech och eng gutt Cinématographie. Dës hunn ech um Ufank als stéirend empfond, mee no an no ass mer kloer ginn, dass d’Aarbecht mat extrem ville Close-ups, déi mat verschiddene Groussastellungen vun der Natur kontrastéiert gëtt, genee de richtege Choix ass. Zwee zentral Biller ginn doduerch festgehal: de Mënsch an der Natur, an de Mënsch u sech. Et ass dat, wat de Chris op séngem Trip erliewe wollt. E wollt un eng Zort vun Urmënschheet, eens mat der Natur, zréckkommen an dat kéint net besser duergestallt ginn wéi an dësem Film.
Den Emile Hirsch ass zu groussen Deeler vum Film op sech alleng gestalt a meeschtert dës Herausfuerderung mat Bravour. Den 22 Joer alen Acteur, dee bis dohin just mat Filmer wéi “The Girl Next Door” bekannt war, weist, dass heen iergendwann emol e ganz grousse gi kann. Séng Chancen fir den Oscar nominéiert ze ginn, ginn awer net nëmmen duerch säin jonkt Alter, mee virun allem doduerch verréngert, dass him wéineg Interaktioun mat anere Schauspiller gegönnt ass, déi weise kéin, dass en dat ganzt wierklech spillt an net just erliewt. Wann en awer op aner Mënschen trëfft, sou iwwerzeegt net nëmmen heen, mee och säin Schauspillkolleg vun deem Moment. Sief et de Vince Vaughn, d ‘Catherine Keener oder dat jonkt, mir bis dohin am Fong onbekannt Kristen Stewart, alleguer spillen se zentral wichteg Elementer vum Alex sénger Rees, an alleguer sinn se extrem iwwerzeegend.
Den Héichpunkt vum Film sinn awer déi 3 Méint, déi e mam Rob Friends (Hal Holbrook) verbréngt. Den Hal Holbrook, mat séngen iwwer 80 Joer bréngt eng Leeschtung vun enger onbeschreiflecher emotionaler Déift. Net nëmmen den Alex, de Rob, mee och de Spectateur léiert villes iwwer Léift, Frëndschaft an d’Liewen u sech, duerch deenen zwee hier Konversatiounen. Wann et ee Moment am Film gëtt an deem ech eventuell hätt kënnen den Tréinen nokommen, wier et déi läscht Szen tëschent deenen zwee gewiescht, bevir den Alex an Alaska geet.
Mee dat wat mer aus dem Film léiren, ass, dass et kee Grond gëtt ze kräischen, äusser vläicht Freed. D’Schéinheet vum Liewen u sech, an d’alldeeglecht Gléck, wat ee mat anere Mënschen deele kann si Saachen, déi de Film engem méi nobréngt. De Film ass en immensen emotionalen Rëtt an eng Onbekannt, op deem engem ëmmer rem nei Leit begéinen, déi engem weiderhëllefen, déi hier Wäisheet mat engem deelen, déi ee Léift spiere lossen. De Film, kuerz a knapp, fänkt d’Liewen an a beschreift et a Form vun engem zwee Joer dauernden Trip.
Bewertung: ****/****