Bäitrag getagged ‘scrubs’

Genius! Genius! Geek!

Geschriwwen den 8/09/2009 vum ChrisKee Kommentar

Den Thorben wollt Perséinleches. Hei ass es.

Ech läuschtren grad Musek mam Genius am iTunes (wat eng Ausdrocksweis!), do lafen zwee Lidder hannereneen: “Dreaming of You” vun The Coral an “Ever Fallen in Love” vun de Buzzcocks, an do fällt mir op: hey! Dat sinn dach d’Lidder zu deenen den J.D. an d’Elliott a Scrubs sech fir d’éischte Kéier, an fir d’éischte Kéier no hirer éischter Trennung kréien.

Fazit: Genius = Genius, Chris = Geek.
PS: als nächst Lidd koum “Superman” vum Lazlo Bane.
PPS: d’Top 10 Teléserien wéi vun iech gewielt, gi geschwënn hei publizéiert. Sidd prett fir Iwwerraschungen.

Scrubs, En Noruff

Geschriwwen den 13/05/2009 vum Nic12 Kommentaren

scrubs-soul-on-fire1Déi lescht Episode ass gelaf. Et ass riwwer. An et war immens.

Virun 8 Joer hunn ech, an bestëmmt och vill vun iech, fir d’Éischt iwwer eng Reklamm op Pro7 vun Scrubs héieren. Verschiddener vun iech wäerten, grad wéi ech, och glat an guer naicht dervun gehal hunn. Klamauk. Iwwerflächlech Charakteren. Geschmaachlosen Humor. Trash eben.

(more…)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: TV Tags:,

Scrubs (Best of – Deel 2)

Geschriwwen den 12/05/2009 vum Chris4 Kommentaren

scrubs-2No deem ech viru well bal enger Woch hu missen iwwert de Schluss vun der beschter Telésserie kräischen, bréngen ech dann hei den zweeten Deel vu mengem perséinleche Best of.

1.4. My Old Lady
Den Nic huet Recht. D’Tatsaach, dass ech dës Episod vergiess hunn war e major fuck-up mengersäits. Dofir huelen ech et well hei no. Den J.D. huet Angscht fir seng éischt Patientin där e méi no komm ass, goen ze loossen, wann déi decidéiert, dass et fir si un der Zäit ass – kritt vun hir allerdéngs mat op de Wee d’Liewen ze genéissen, fir dass en iergendwann och sou berouegt kann draus scheede wéi si. Eng wonnerbar Episod an där gewise gëtt, wéi schwéier et ass fir Dokteren mam Dout vun hire Patienten emzegoen.

5.7. My Way Home
Nach eng Episod, déi ech d’läscht Woch vergiess hunn, mä déi ech lo nach emol héich luewe muss. Déi 100. Episod vu Scrubs an d’Hommage vun der Crew un The Wizard of Oz ass einfach nëmme wonnerbar aus villerlee Grënn: d’Charaktäre gi virun Défie gestallt, déi se alleguer léisen – mee dat clevert dobäi ass, dass dat ganzt eben als Beaarbechtung vun dem wonnerbare Film vun 1939 geschitt, deen an Amerika de wichtegsten Deel vun der Popkultur iwwerhaapt ausmécht.

(more…)

Scrubs/Star Trek

Geschriwwen den 7/05/2009 vum Chris8 Kommentaren

Scrubs war traureg.

Star Trek war brantasmic. (Bewertung: ****/****)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film, TV Tags:,

Scrubs (Best of – Deel 1)

Geschriwwen den 6/05/2009 vum Chris8 Kommentaren

scrubs-1Gëschter ass op der amerikanescher Telé déi virläscht Episod vu Scrubs gelaf. An och wann de Bill Lawrence d’Chance, dass mat engem neie Cast weider gefuer gëtt op 50:50 betitelt, sou ass d’Serie fir mech domat am Fong sou gutt wéi riwwer. An de leschten 9 Joer, an domat bal meng ganz Zäit als Eruwuessenden huet Scrubs en Deel vu menger Kultur ausgemaach. Ech hu mam J.D., mam Turk a mat den anere matgeféiwert, a mech bei all eenzeger Episod sou gutt ameséiert, wéi do virdrun just bei Friends. Wann ech ganz melodramatesch wier, géif ech soen, dass mat Scrubs en Deel vu menger Jugend zu Enn geet. Wat sécher ass, ass dass ech de perfekte Mix aus Witz an Drama, fuerchtbar vermësse wäert.

Dofir wëlle mer Scrubs gedenken, an dräi Bäitreeg. Ech loossen déi bescht Episoden an zwee Deeler Revue passéieren, während den Nic en Noruff op dës groussaarteg Serie wäert verfaassen.

1.1. My First Day
Dem J.D., Elliot an Turk hiren éischten Dag. Mat vill Selbstvertraue gestart gi se séier vun der Wourecht ageholl a mierken, dass Dokter sinn e knallhaarde Beruff ass, deen net vill Glamouréises u sech huet. Den J.D. fënnt am Dr. Cox säi Mentor, den Turk mécht sech fir d’éischte Kéier un d’Carla erun an déi legendär Penny-Szen begrënnt dem Janitor säin Haass op den J.D. Dës Episod ass ouni Zweifel de grousse Klassiker ënnert de Scrubs-Episoden, a wéi sollt et och anescht sinn: et ass déi éischt.

(more…)

Charlie Brown Christmas

Geschriwwen den 15/12/2006 vum ChrisKee Kommentar

Alt rem eppes schéins fir eis Scrubs Fans.

An zwar en Charlie Brown Filmchen, ageschwat vum Cast vu Scrubs. Eng schéin nei Versioun ménger Meenung no.

YouTube Preview Image

“I like to get my holiday rectal exam.” Herrlech.

Guy Love

Geschriwwen den 2/12/2006 vum Chris4 Kommentaren

Fir all d’Fans vu Scrubs, en Ausschnëtt aus der Musical-Episode, déi an der neier Staffel, déi en Donneschdeg an US of A ugelaf ass virkënnt.

Mir alleguer wësse jo, dass den Turk an den J.D. eng platonesch Léift pflegen an dat heie Lidd ass e schéinen Ausdrock dovunner, a wann dat net d’Lidd vum Joer ass, wees ech o net.