
Vu dass, ech gesot krut, dass éischtens Interesse un den Oscars besteet an zweetens, ech méi schreiwe soll, fänken ech haut da mol mat engem Introduktiounsstéck fir d’Oscars un.
D’Oscars wierklech verfollegen, fänkt net mat der Red Carpet Show un an hält mam Schluss vun der Telésemissioun op. Nee, et heescht e ganzt Joer laang Artikel liesen, spekuléiren, Theorien opstellen, a mat aneren, wéi och mat sech selwer streiden, wat a virun allem wéi d’Academy wielt. Eng wichteg Saach däerf een dobäi nie vergiessen: Kee wees iergendeppes. Well och wa jidderee mengt, en hätt se duerchkuckt, mer ginn dach all Joer nees iwwerrascht mat sensationelle Gewënner an Nominéirungen. An natierlech och mat kierperlech Péng verursaachenden Omissiounen.
(more…)
D’Geschicht vum Ian Curtis dierft méi oder manner bekannt sinn. Geplot vun Depressiounen, ënnert sénger Epilepsie an dem Erfolleg leidend a vun der Iddi besiess, jonk ze stierwen, huet den Ian Curtis, Sänger vun der Band Joy Division sech1980 am Alter vu just 23 Joer d’Liewe geholl.
Den Anton Corbijn, Regisseur vu “Control”, war deemols 25 Joer al a Photograph fir den NME. Als solchen huet en och Fotoen vun der hautesdags legendärer Postpunkband gema an den Ian Curtis perséinlech kannt. 27 Joer no séngem Dout huet en dem Curtis säi kuerzt Liewen fir de Kino festgehal, d’Geschicht baséirend op dem Debbie Curtis séngem Roman iwwert hiere verstuerwene Mann.
“Control” fänkt un mat engem typesche Bild vum Ian Curtis. E fëmmt. Emsou méi interessant geréit d’Cinematographie doduercher, dass de Corbijn decidéiert huet de Film a Schwaarz/wäiss ze halen, wat en extreme Kontrast tëscht Liicht an Däischtert bidd, genee sou wéi et och beim Curtis séngem Liewen, der Musék vun Joy Division an der Handlung vum Film de Fall ass. Et schwankt een ëmmer tëschent dem düstere Sound vun der Musék an dem Humor vun de Bandmemberen. Dat Erstaunlecht um Film ass neemlech, dass obwuel den Ian Curtis als extrem negativ Perséinlechkeet agestuft dierf ginn, de Film vun humorvolle Szenen lieft. Engersäits gëtt dat dem Wierk eng gewëss Frëscht, anerersäits gëtt d’Tragik vum Curtis séngem Ausgang domadder verstärkt.
Wier des Welt gerecht (an dat ass se numol net), kéint de Sam Riley sech sécher sinn am Januar am Januar fir den Oscar nominéiert ze ginn. Den Jamie Foxx krut en Oscar fir séng Performance als Ray Charles, den Joaquin Phoenix war nominéiert als Johnny Cash, mee allebéid erreechen se net d’Déift déi de Sam Riley sénger Interpretatioun vum Ian Curtis verleet. Sief et de bizarren Danzstil, oder just säin ëmmer zweifelnden, ängschtleche Bléck, de Sam Riley leet eng Leeschtung hin, déi een nëmmen an den héchsten Téin luewe kann. D’Samantha Morton iwwerzeegt och als Debbie Curtis, während d’Bandmemberen vun Joy Division hier humoristesch Alagen ouni Makel spillen. Enttäuschend ass just d’Alexandra Maria Lara an der Roll vum Annick Honoré. Et keeft een him d’Roll vum Fan, genee sou wéineg of, wéi séng Léift fir den Ian. Hatt ass an der Roll einfach feelbesat.
Alles an allem huet den Anton Corbijn en erstaunlechen Debut als Regisseur higeluegt an e Film gedréit, deen net nëmmen Fans vun Joy Division gefalen dierft. Allerdéngs ass et eben en Artfilm, mat engem ganz spezielle Sujet, an net jiddereen kann eppes domadder ufänken. Fir Leit, déi keng Aanung vun der Postpunkszen oder Rockmusék u sech hunn, ass de Film sécherlech net empfielenswert, well en dach ze fokuséiert op säin Thema ass a wéineg Spillraum no baussen huet, zemols well dem Curtis séng Liebeleien zwar permanent ugeschnidde ginn, mee fir en neutrale Spectateur kaum novollzéibar sinn dierften. Sou bleift niewebäi just na d’Musék a ween déi o net gäer huet soll d’Fanger vum Film lossen.
Wertung: ***/****