Bäitrag getagged ‘sam mendes’

Away We Go

Geschriwwen den 18/03/2009 vum Chris3 Kommentaren

Dass ech de Sam Mendes fir de villsäitegsten an och fir ee vun de beschte Regisseuren vun eiser Zäit halen, hunn ech schon em puer mol erwient. Dass en allerdéngs eng kleng Indie-Comédie dréie géif hätt ech mer nimols vun em erwaart. Op jidfer Fall huet en et gema, an dat Ganzt nennt sech “Away We Go” a kënnt wuel an de Summerméint a Lëtzebuerg an de Kino.

YouTube Preview Image

Revolutionary Road

Geschriwwen den 1/02/2009 vum ChrisEe Kommentar

Vu dass ech lo zwee Deeg laang krank war, sinn ech e bëssen a Verzug geroden mat allem – Filmer kucken, Uniaarbecht, de 50 Muséker vum Joerzéngt. Sou hätt bis ewell scho missen d’Nummer 40 an 39 vu läschterer Lëscht bekannt sinn, ech hätt wëllen Milk gesinn hunn an ech hätt sollen eng 200-300 Säite weider am James Joyce séngem Ulysses sinn. Mee bon, dat ass halt Pech an et kann een näicht drun änneren.

E Film, deen ech allerdéngs gesinn hunn, a sou séier wéi méiglech rem gesi wëll, ass dem Sam Mendes séng villdiskutéiert Reunioun vum Kate Winslet a Leonardo DiCaprio op der Leinwand. Déi zwee, déi viru well schon 11 laange Joer mat hirem Schëff ënnergaang sinn, hu jo, wann iwwerhaapt meeschtens nëmmen wéinst deem Film der an d’Schnëss krut. Ech gehéiren net zu deene Leit – ech sinn nach ëmmer der Meenung, dass Titanic e méi wéi okayen Action/Dramafilm ass, dee virun allem duerch séng opulent Optik iwwerzeegt. A wat d’Kate an de Leo aus hirem dach bescheidene Script man, ass jo awer méi wéi faszinant. Ouni d’Rahmenhandlung wier de Film souguer genial. Mee bon, Kitsch muss anscheinend sinn.

Mee ech schwäifen of, eigentlech wëll ech jo iwwer Revolutionary Road schwätzen, e Film iwwert eng Koppel, déi géint dem Enn vun de 50er um Zerbriechen ass, a sech un en Dram klamert, dee se sech selwer aus Feigheet net erfëlle kënnen. De Film ass extrem intensiv – e Sträit ass numol e Sträit, an do gëtt et ellen, an et gëtt och keng Wischi-waschi-Versöhnungen. Wat sou schrecklech ass: des Leit si real, se hu Problemer, déi se zu Katastrophen opbauschen, net well se net z’evitéire sinn, mee well se an enger Zäit liewen wou Trennung net existéiert. De Frank an d’April Wheeler gehéiren net beieneen, well alles Gutts, wat se deelen, man se duerch Egoismus a permanent Angscht nees futti.

De Schlësselpersonnage am Film, ass awer den vum Michael Shannon exzellent gespillten John – e psychesch gestéierte fréiere Mathematiker, deen d’Virstadtrauma vun de Wheelers mat sou enger Präzisioun duerchbléckt, dass et bal beängstegend ass. Amplaz dass si allerdéng dorauser de Schluss zéien der Normalitéit z’erleen, gleewen se endlech ee fonnt ze hunn, dee se versteet, a mierken net, dass ronderem se alles d’nämlecht ass. An dat obwuel se dem Virstadliewen dach sou onbedéngt entfléie wëllen, fir am Endeffekt awer rem Feeler ze begoen, déi se doranner fesselen.

De Sam Mendes ass wuel den ofwiesslungsräichste Regisseur, deen et an Hollywood gëtt, erënnert Revolutionary Road op en éischte Bléck vläicht u säin éischte Film American Beauty, sou ass et trotzdem eng komplett aner Geschicht. Qualitativ bleift en allerdéngs sénger Linn trei ni e schlechte Film ze man, well no Road to Perdition an Jarhead ass och Revolutionary Road rem en absolute Succès. Dest souwuel duerch d’brilliant Adaptatioun vum Richard Yates sénger Romanvirlag, wéi och duerch d’schauspilleresch Leeschtunge vum Kate Winslet, Leonardo DiCaprio a Michael Shannon, déi allendräi eventuell souguer déi bescht Leeschtunge vun hirer Carrière bréngen. Dat ganzt ofgerond mat der wéi ëmmer genialer Kameraaarbecht vum Roger Deakins an mer hunn ee vun de wierklech beschte Filmer vum Joer 2008.

Road to Perdition

Geschriwwen den 4/03/2007 vum Nic5 Kommentaren

Well den Chris en zwanghaften Lëschtenschreiwer an Uerdnungsfanatiker ass, hun mer eis iwwerluecht des Sait braicht en Geigengewiicht. En onzouverlässegen Chaot. Do kommen ech an d’Spill.

Ech orienteieren mech net un Lëschten fier eppes ze schreiwen mais bai mier leeft daat eben beschen aanescht. Ech kucken an den Télécran, gesinn dass “Road to Perdition” leeft, an denken mer dass ech deen schon laang net mei gesinn hun. Also kucken ech en. Awer op DVD, an der Originalsprooch an ouni Werbung. Genau daat hun ech geschter gemaach.

Road to Perdition ass een vun deenen weinegen Filmer, deenen een wierklech naicht fierwerfen kann. Alles un deen Film ass gudd, daat meescht zeguer extrem gudd. Ungefaang baim Regisseur. En huet just 3 wierklech brilliant Kinofilmer bis lo. Daat ass net vill, mais wann een bedenkt dass en JUST dei 3 Kinofilmer gedreit huet ass et schonrem eng aaner Saach. Weivill Regisseuren kennen schon vun sech behaapten direkt bai hierem eichten Optrett op der grousser Leinwand den Oscar mat heem geholl ze hun? Den Sam Mendes ass lo schon een vun deenen ganz groussen an en ass een vun deem een nach ganz vill kann erwaarden.

Dann d’Schauspiller. Den Tom Hanks (wann ech en “Lieblingsschauspiller” hätt, dann wier hien et) kann keen schlechten Mensch spillen, gouf oft gesoot wei den Film an den Kino komm ass. Ech denken daat stemmt zum Deel, mais daat mecht seng Roll an deem Film hei dach graad interessant. Ass en schlecht? Ass en gudd? Den Hanks packt et eben genau daat net ze verrooden, net mol unsaatzweis, an daat, fannen ech, mecht dass den Film net nemmen gudd, mais eben ganz gudd ass.

Den Film kruut deen leider ondankbarsten Oscar deen een iwwerhaapt kreien kann. “Bescht Kamera”. Daat interesseiert dach keen Mensch, woubai ech awer denken dass graad een Oscar zu deenen “wichtegen” sollt zielen, well mier just daat gesinn waat d’Kamera gesait an mier gesinn et sou wei d’Kamera et gesait. Et gett net vill waat mier mei wichteg schengt wei Kamera am Kino. An dei ass an dessen Film wierklech absolut oscar-würdeg. Den Conrad Hall geheiert do och zu deenen ganz groussen an daat mierkt een zu all Moment vum Film. Weem dei Szen hei net am Kapp bliwwen?

YouTube Preview Image

Fier mech also een vun deenen Filmer dei wierklech zum beschten geheieren waat net am Chris sengen Leschten ass.

Ah jo, befier ech et vergiessen, den Paul Newman wor och ganz gudd.

#5 American Beauty

Geschriwwen den 13/02/2007 vum Chris2 Kommentaren

Zitat vun engem Jong aus ménger Klass: “De perfekte Film.” Ech stëmmen em zou.

An “American Beauty” stëmmt alles, d’Geschicht, de Kevin Spacey (déi beschte schauspilleresch Leeschtung aus op mannst de läschten zwanzeg Joer), de Rescht vum Cast, d’Technik, d’Musék.

“American Beauty” ass perfekt, net nëmmen dem Thierry säin Zitat draus, wat ech virdrun nach geluewt hunn, mee och de Rescht vum Dialog (deen ech mol auswänneg matschwätze konnt, muss mol kucken ob et nach geet). Et war no “Forrest Gump” mäin zweeten absoluten Lieblingsfilm, deen ech abgöttesch gäer hat.

Alleng scho, well méng Mamm bei der éischte Kéier gesouert huet, dass de Kevin Spacey sech dach net an dat Meedche verléiwen dierft. Wéi se en du gesinn huet, ouni dobäi anzeschlofen, war se genee sou hell op begeeschtert.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags