EFW: The Rules of Attraction
EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi éischt Episode.
“The Rules of Attraction” (2002)
Regisseur: Roger Avary (Oscar fir d’Dréibuch zu “Pulp Fiction”)
Dréibuch: Roger Avary, baséirend op dem Roman vum Bret Easton Ellis (“American Psycho”)
Cast: James van der Beek (jo, den Dawson aus der Creek), Shannyn Sossamon (aus de Klassiker “40 Days, 40 Nights” an “A Knight’s Tale”), Kip Pardue (de Ben aus “E.R.”), Ian Somerhalder (“Lost”, TV), Jessica Biel (“The Illusionist”), Clifton Collins Jr. (“Tigerland”, “Traffic”, “Capote”) an d’Kate Bosworth (“Superman Returns”) sinn déi Nimm, déi ee scho mol héiren hu kéint.
D’Geschicht dréit sech em em puer jonk, verwinnte Studenten um Camden Art College iergendwou an New England. Hir Zäit verbrénge se mat Saufen, Drojhen huelen a Sex. An iergendwéi ass d’Geschicht fiirchterlech konfus, a voller béiser Wierder. Am Zentrum steet, wat IMDb e “love triangle” nennt, ronderem en Drogendealer, eng Jongfra an e Bisexuellen.
Kléngt dach spannend, oder net? Ass et och. D’Handlung ass… naja, mee den Erzielstil ass ganz gutt, an de Schluss resp. Ufank (interconnected storylines gouf et och schon 2002 genug, a vu dass de Roger Avary u “Pulp Fiction” matschëlleg ass…) ass erschreckend, mee och bezeechnend fir déi absolut dekadenten a verwerflech Gesellschaft. Besonneg gutt gefällt mer d’Tatsaach, dass de Film, wéi dem Ellis säi Roman matzen an engem Saz ufänkt an och matzen an engem Saz ophält. Gutt gema.
A wem dat nach net duergeet: Am Film gëtt et e Lidd vun der däitscher Gangsterraplegend Der Wolf. Dofir: kucken. Ween en net gutt fënnt, ass dono wéinstens vu Laachen um Buedem oder prett fir op Ettelbréck.
