De Problem, deen vill Leit mat dem Wes Anderson senge Filmer hunn, ass deen, dass se d’Gefill hunn, dass en Déiften erfuersche wëll, déi guer net am Film präsent sinn. Dat geet vun den Tenenbaums iwwer de Steve Zissou a seng Crew (bei deenen d’Déifte méi wéi wiertlech geholl ginn), bis hin zu de Bridder am Darjeeling Limited. Sou wäit, sou gutt: mä, déi Leit dierfte bei Fantastic Mr. Fox op hir Käschte kommen, well all Déift mat engem riesege Pinsel ugedeit an zerrass gëtt.
(more…)
D’Tenenbaums si keng normal Famill, vu dass di dräi Wonnerkanner, Chas (Ben Stiller), Richie (Luke Wilson) a Margot (Gwyneth Paltrow) a jonke Joeren zu Weltruhm opgestige sinn. Als Erwuessener kréien se awer näicht op d’Rei, wat och domadder ze dinn huet, dass hire Papp (Gene Hackman) d’Famill verlooss an zerstéiert huet. Dësen wëll lo mat Hëllef vu Lijhen séng Famill rem zréckgewannen…
Wéi ech dëse Film an de Kino kucke war, hat ech nach keng Aanung dovunner, wat e wierklech gudde Film géif ausman. Éierlech gesot, ech wollt de Ben Stiller kucke gon, well ech deen deemols wéi haut urkomesch fonnt hunn. Haut denken ech, dass The Royal Tenenbaums vläicht um Ursprong vu méngem cineastesche Bewosstsinn läit, wat sech em déi Zäit muss entwéckelt hunn. Mäi Lieblingspersonnage ass a bleift de Richie, de jénksten aus der Famill, deen onstierwlech a séng Adoptivschwëster verléift ass, an sou wéi den Edward Scissorhands dat Gutt representéiert. (Spoiler) Him gehéiert och d’Schlësselszen vum Film, wéi e sech versicht d’Liewen ze huelen, eng Szen bei däer ech ëmmer rem eng Héngerhaut kréien, net nëmmen wéinst dem Richie sénger ganzer Verzweiflung, déi hei sou drëschen a kal hire Klimax fënnt, mee och wéinst der Musék, déi dobäi leeft, “Needle in the hay” vum Elliott Smith, deen zwee Joer drop selwer no engem Selbstmord vun eis gaang ass (offiziell, ech denken séng Frëndinn huet en embruecht). (Spoiler)
The Royal Tenenbaums ass ee vun den originellsten Filmer, déi d’Amerikaner an de läschte Joeren ervir bruecht hunn a weist am grousse ganze gesinn d’Leed vun enger ganzer Famill, déi sech ausernee geliewt huet an iergendwéi rem probéiert zesummen ze fannen, an zesummen d’Péng vun all eenzelnem Member ze linderen.