Bäitrag getagged ‘radiohead’

Lotus Flower.

Geschriwwen den 18/02/2011 vum Chris3 Kommentaren
YouTube Preview Image

Thom “Napoleon Dynamite” Yorke.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék Tags:

Harry Patch

Geschriwwen den 11/08/2009 vum Thorben11 Kommentaren

harrypatch

Den Harry Patch wor dee leschten Veteran aus dem éischten Weltkrich, deen am schéinen Alter vun 111 Joer virun engem gudde Mount verstuerwen ass. Dat ganzt wor ob der Insel en riesen Evenement, ma d’Briten hunn en nawell speziellt Verhältnis zum éischte Weltkrich.

Dat ass Pianocktail awer keng Meldung wäert, mir sinn keng Journalisten, mä virun allem eppes: Fanboys (d’Pianocktail Frauenbeauftragte huet mir grad matgedeelt, ech misst elo Fanboys and Fangirls soen). Fanboys/girls vu Filmer, awer och Fanboys/girls vu Musek, besonnesch vun Heulsusen wéi den Smiths, Damien Rice oder Radiohead. An eben genau leschter hunn elo e Lidd namens “Harry Patch” erausbruecht. Den Thom Yorke séngt/schmiert/säuselt e puer Zeilen aus engem 2005er Interview mat engem offensichtlech traumatiséiertem Harry Patch, a wann een et net wéisst, géing ee mengen, et wier effektiv en Radiohead Text. Dat ganzt kléngt wéi Radiohead ob hiren méi spéiden Alben, love it or hate it.

i am the only one that got through
the others died where ever they fell
it was an ambush
they came up from all sides
give your leaders each a gun and then let them fight it out themselves
i’ve seen devils coming up from the ground
i’ve seen hell upon this earth
the next will be chemical but they will never learn

All Sarkasmus ob der Säit fannen ech et en staarken Geste vun Radiohead an fannen d’Auswiel vun den Zitater vum Harry Patch, den och eng bewegend Biographie hat, entwaffnend. Kaafen kann een dat ganzt bei Radiohead fir een briteschen Pond dee gespend gëtt (Bono?) oder et kann een einfach hei ob Pianocktail de Clip kucken

YouTube Preview Image

D’Foto ass CC-Frai an weist e pickegen Drot aus dem éischten Weltkrich, den bis haut nach iergendwou a Schottland steet.

Le Réservoir

Geschriwwen den 26/11/2007 vum Chris2 Kommentaren

Et ka sinn, dass ech mech lo als kompletten Idiot erweisen opgrond vu méngem Onwëssen. Wann ech gelifft schlot mech net, falls et sou ass.

Mäin englesche Matbewunner, den John, séngersäits grousse Fan vu Radiohead huet mech op d’Lidd “Fog (Again)” opmierksam gema, en zwou Minute laangt wonnerschéint Stéck, wat als B-Side op der “Knives Out” Single war. Op Wikipedia hunn ech du rausfonnt, dass d’Lidd an däer Versioun wou ech et kennen op engem vun Arte organiséierten Akkustikconcert vum Thom Yorke an Jonny Greenwood opgeholl ginn ass. Dorobshin sinn ech op Youtube gaang an hu mer all d’Videoen vum Concert ugekuckt. A vu dass ech iech alleguer gäer hunn, kënnt der iech se all déi ech fonnt hunn hei lo ukucken.

I Might Be Wrong

YouTube Preview Image

(more…)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék Tags:

Plazen 70 – 61

Geschriwwen den 17/11/2007 vum ChrisKee Kommentar

A firwat soll ech net heimadder weiderfueren, während ech de Liveticker op kicker.de liesen. Forza Italia!
(Domadder hunn ech mer bestëmmt rem Frënn gema…)

(more…)

Plazen 125 – 101

Geschriwwen den 4/11/2007 vum Chris7 Kommentaren

Sou, da fänkt et lo sou lues un interessant ze ginn. De läschte Schrëtt virun den Top 100, an déi gi réicht immens, oh mei, wann dir wéisst…

(more…)

In Rainbows: Liveblogging

Geschriwwen den 16/10/2007 vum Chris6 Kommentaren

D’CD ass ukomm. Merci un den Thorben. An ech fannen den Aband wonnerbar kreativ, an weess, dass de der eppes dobäi geduecht hues. Bass e gudde Jong, mee soll ech der déng Noten zum Homo Faber an déng Mathé net besser zréchschécken?

Also, ech hale mech nach zréck et ze läuschteren. Den Owend, 16.10.07, ab 21:00 CET (20:00 GWT) gëtt “In Rainbows vu Radiohead an dësem Post livegebloggt.

Wann eppes net funktionnéiert: Kommentarfunktioun benotzen, ech liesen déi sporadesch duerch. Haalt iech mat Kommentarer zum Geschriwwenen also w.e.g. bis zum Schluss zréck, well ech soss eventuell net méi 100 Pro nokommen.

(more…)

Déi beschte Songzeilen: Part II

Geschriwwen den 11/11/2006 vum Chris4 Kommentaren

Ech hunn decidéiert, dass ech mech net umudden dierf, déi beschte Songzeilen ze bestëmmen. Dat kréin ech net hin an ech fille mech herno schëlleg, wann ech eppes wichteges vergiessen. Dofir besteet méng Lëscht aus 10 subjektiv als essentiel agestuften Zeilen, vun däer ech aus Bequemlechkeet, d’Häre Lennon a McCartney mol ausgeschloss hunn.

“Des armes et des poètes de service à la gâchette pour mettre le feu aux dernières cigarettes au bout d’un vers français… brillant comme une larme.”
Autor: Bertrand Cantat Léo Ferré

“The killer in me is the killer in you.”
Autor: Billy Corgan

“How does it feel to be without a home? Like a complete unknown? Like a rolling stone?”
Autor: Bob Dylan

“See, I’m going to buy a gun and start a war, if you can tell me something worth fighting for.”
Autor: Chris Martin

“It hurts to set you free, but you’ll never follow me, the end of laughter and soft lies, the end of nights we tried to die.”
Autor: Jim Morrison

“If I could start again a million miles away, I would keep myself, I would find a way.”
Autor: Trent Reznor

“Half of the time we’re gone, but we don’t know where.”
Autor: Paul Simon

“Est-ce que tout recommence, avons-nous perdu la raison, car j’ai vu le mal qui s’installe sans aucune morale.”
Autor: Martial Tricoche

“When I am king, you will be first against the wall with your opinion, which is no consequence at all.”
Autor: Thom Yorke

An déi zéngten Zeil dierft der dann ganz uewen noliesen.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags