Bäitrag getagged ‘Pushing Daisies’

Pushing Daisies

Geschriwwen den 23/03/2010 vum Lynn6 Kommentaren

Pushing Daisies as eng Telésserie déi 2007 vum Bryan Fuller kreéiert gouf an vun där zwou Staffele gedréint goufen, déi bis 2009 ausgestrahlt goufen. An obwuel dei Sendung scho laang ofgesat gouf well ech iech dovun erzielen well et eng wonnerschéin, faarweg a verzaubernd Serie ass, déi leider vill ze frei vum Sender ABC gecancelled gouf.

De Protagonist Ned stellt als Bouf fest dass hien ee ganzt besonnescht Talent huet; hee kann Doudeger rëm zum Liewen erwächen, nëmmen andeems hien se upäckt. Sai magesche Fanger entdeckt hien wei säin Hond Digby vun engem Camion iwwerrannt gëtt an hien en rëm zum bille bréngt. Leider huet dee Cadeau och Niewewierkungen, déi hee schmäerzhaft erausfënnt wei seng Mamm onerwaart stierft. Hee kann zwar di Doudeg rëm zréckbréngen, mee soubal hien se eng zweete kéier upäckt stierwen se rëm, fir ëmmer. Ausserdeem kann hee nit nëmmen Liewen ginn, mee hien hëllt och Liewen, sou dass en aus Versinn de Papp vu sengem Childhood Sweetheart ëmbréngt wei en seng Mamm méi laang wéi eng Minutt um Liewen hält. Aus Angscht viru sengem ongewinnten Talent, versicht de Ned ee normaalt Liewen ze feieren ouni dovun ze profitéieren, a sou gëtt hien zum Taartebäcker, deen a sengem ‘Pie Hole’ onopfälleg säi Liewe lieft.

Bis ee Privatdetektiv, den Emerson Cod, rausfennt wat de Ned alles kann ausser Taart baaken, a vue dass et vill méi einfach ass rauszefannen vu weem e Mënsch ëmbruecht ginn ass wann een e froe kann, ginn di zwee Partner.

An an der éischter Folg taucht dann bei der Opklärung vun engem Mord dem Ned seng al Léift, d’Chuck op, an hee bréngt et nit fäerdeg hat rëm ëmzebréngen nodeems en hat gefrot huet ween et erwiergt huet. Hien hält hat um Liewen mee kann et awer nie mei upaken well et jo soss rëm géif stierwen. Lo kann d’Chuck nit méi heem bei seng zwou agoraphob an depressiv Tattaen an hëlleft sou dem Ned an dem Emerson hier dacks mysteriéis Fäll ze léisen.

Wat d’Serie sou besonnesch mécht, si nit nëmmen d’Geschichten déi erzielt ginn, vun Nonnen, Liichtierm, Clownen, Synchronschwemmerinnen an ëmmer mat ganz vill Taarten mee virun allem d’Opmaachung an déi vill Detailer. Alles ass faarweg, dem Ned säin Taarterestaurant huet en Taartendaach, d’Nimm hu Widderhuelungen an Alliteratiounen, wei Charlotte ‘Chuck’ Charles, Boutique Travel Travel Boutique oder The Darling Mermaid Darlings. D’ Personnagen fueren mat Oldtimeren a schwätzen heiansdo sou séier dass een se knapps versteet an den Erzieler seet engem nit nëmmen wei al ee Personnage grad a Joer ass, mee och d’Wochen, Deeg a Minutten.  Eng Fra schmëlzt op enger grousser Luucht nodeems se ëmbruecht gouf a gesäit dann wei ee riesegt Spigelee aus dat an der Morgue gebrode gouf. Hier Ausflich an d’Morgue sinn iwwerhaapt ëmmer skurril a liicht makaber well di doudeg déi de Ned rëm fir eng Minutt zum Liewen erwächt jo ni enges normalen Dout gestuerwe sinn.

All dëst mécht Pushing Daisies zu enger wonnervoller, léiwer Sendung, déi een direkt verzaubert, wuertwiertlech. D’Schauspiller iwwerzeegen, den Erzieler huet eng angenehm Stemm, d’Musik ass flott an d’Visual Effects si gutt gemaach. Ech kann déi Serie vun där am Ganzen nëmmen 22 Folgen gedréint goufen wierklech wäermstens u jiddereen deen et gär faarweg an e bëssi verréckt huet empfielen.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags