Bäitrag getagged ‘pta’

Tarantino iwwer “There Will Be Blood”

Geschriwwen den 29/08/2009 vum Chris5 Kommentaren

Déi Diskussioun iwwer den Tarantino seng Mériten an de leschten Deeg war ustrengend. Ech si kee Fan vum Tarantino als Regisseur, mä gesinn awer firwat d’Leit heen a virun allem “Pulp Fiction” genial fannen. Ech spieren dat selwer net bei deem Film, mä hey, et ka mir och net alles gefalen. Wat den Tarantino allerdéngs huet, ass, dass hie Filmer versteet an einfach e Fan ass. An dat ass dat, wat mech un deem Mann faszinéiert. Sou erfollegräich en och ass, hie bleift virun allem e Filmjunkie. An dat ass extrem cool.

Dëst beweist en an dëser Diskussioun iwwert e Film, dien ech – wéi ech eventuell mol eng Kéier kéint erwient hunn – brillant fannen: “There Will Be Blood”. Kuckt iech et un. Et ass intelligent a verständnisvoll.

YouTube Preview Image

Reader Request: 25 grouss Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt

Geschriwwen den 20/02/2009 vum Chris9 Kommentaren

Iwwert eise Pianocktail Wonschphone op Facebook huet eisen treien Pianocktailfrënd Joël well fir d’zweet no enger Lëscht vu Filmer gefrot, déi een onbedéngt gesinn hu muss. Eng Kanoniséirung vun där Zort gëtt bekanntlech allsäits bedriwwen: sief et d’Imdb Top 250, déi genial Aarbecht vun They Shoot Pictures, Don’t They? oder och dat allsäits beléiftent Buch 1001 Movies You Must See Before You Die.

westsidestory25Mat sou enger Kanoniséirung dinn ech mech allerdéngs schwiereg. Éischtens, denken ech net, dass et e Geheimrezept gëtt fir Leit, déi wëllen hire Filmhorizont erweideren, fir dat op iergendeng Aart a Weis séier hinzekréien an deem een eng 20-50 Filmer kuckt, an da bescheed wees. Zweetens fannen ech et ëmmer e bëssen umoossend anere virzeschreiwen, wat se kucke, liesen, läuschtre sollen. Goûte si verschidden, an ënnert ménge 25 Filmer, déi ech fir de Joël ausgewielt hunn, sinn der, déi munch aneren net op déi Plaz gesat hätt an et feelen der, déi wuel soss Leit onbedéngt jidderengem recommandéire géifen.

Natierlech ginn et méi Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt, wéi déi 25, déi ech hei opzielen. Zum engen hunn ech allerdéngs opgrond vun der Schwieregkeet vum Thema decidéiert just ee Film pro Regisseur zouzelossen. Do geet Film einfach Hand an Hand mat ménger Astellung zur Literatur: probéier villes, a wat der gefällt, kanns de dech weider drop alossen. Kee wees op en den Emir Kusturica gutt fënnt, bevir en e gesinn huet – allerdéngs sollt jidderee probéiren säin Horizont z’erweideren. De 14. Hitchcock Film ass nach ëmmer technesch brillant, mee beaflosst déng Filmkompetenz net nei, wéi et  däin alleréischte Film vum Jane Campion mecht. Dofir jidderee soll a méngen Aen probéiren vast Kino ze kucken, wann en sech dofir interesséiert, an da rauspicken wat séng Pärele sinn. Mir zum Beispill gefällt den Akira Kurosawa wéineg, dofir orientéiren ech mech anescht. D’Meenung hunn ech mer awer als éischt gebild, bevir ech decidéiert hunn aneschters weider ze kucken.

e_t_the_extra_terrestrial_25An do komme mer bei dat Anert wat d’Leit am Kapp hale mussen: éischtens ginn et bei ménge Proposen hei nach ëmmer Grënn vu perséinlecher Preferenz am A ze behalen, zweetens hunn ech probéiert net an Nischen ze denken. Kloer, “Stand by Me” ass ee vu méngen absolute Lieblingsfilmer, mee muss jiddereen e gesinn hunn? Ech gleewe kaum – et steigert d’Filmverständnis manner, wéi déi 25 Filmer hei ënnendrënner et man.

A schlussendlech hunn ech nach decidéiert nëmme Filmer bis 1999 ze berücksichtegen, vu dass ech spéider am Joer nach méi en détail op d’Filmer vun desem Joerzéngt wëll zréckkucken.
(more…)

There Will Be Blood

Geschriwwen den 28/09/2007 vum Chris5 Kommentaren

E bëssen iwwer Film schreiwen, muss och rem dra sinn.

Wann iergendee mech freet, wee mäi léifste Filmregisseur ass, da fale mer spontan dräi Nimm an: de Woody Allen an de Stanley Kubrick si Legende vum Geschäft, a stoussen an eng Gesellschaft vun illustren Nimm wéi Kurosawa, Fellini, Bergman, Welles, Hitchcock, Scorsese oder Coppola. Ech kéint nach viru fueren, zum Beispill, mat de grousse Fransousen, den Däitschen aus den 30er oder och dem oft kritiséierte Steven Spielberg. Punkt ass, mer schwätze vun den allgemeng hin unerkannte Meeschter vum Cinema. Ofgesi vum Scorsese, Allen a Spielberg, gehéiren awer all déi genannten der Vergaangenheet un. An och fir déi nach aktiv gëllt, dass bis op puer Ausnamen(The Departed, Match Point), déi grouss zineastesch Momenter aneren Zäiten ugehéiren.

Den drëtte Regisseur, deen ech gäer als mäi léifste bezeechnen, ass de Paul Thomas Anderson, e jonken, hoffnungsvolle Mann. De P.T. Anderson gesellt sech a méngen Aen net einfach an eng laang Rei vu moderne Writer/Director, zu deenen en zum Beispill den Darren Aronofsky oder de Wes Anderson ziele kann, mee hiewt sech duerch säin onwahrscheinlecht Gefill fir Bild, Atmosphär, an duerch säin Emgang mat Schauspiller vun hinnen of. Ech verweise bewosst op den Orson Welles, well zënter deem d’Amerikaner kee Regisseur méi ervir bruecht hunn, dee sou Erstaunleches a jonkem Alter produzéiert huet.

Ugefaang mam relativ onbekannten “Hard Eight” oder “Sydney” (de Film gouf géint de Wëllen vum Anderson vun der Produktiounsfirma embenannt, well den Haaptpersonnage Sydney heescht), dee keen epeschen Duerchbroch wéi dem Welles säin “Citizen Kane” war, huet de P.T. Anderson um Enn vun den 90er Joeren sech e staarken Numm gema, well en mat nach net mol 30 Joer, zwee vun de beschte Filmer vum Joerzéngt gedréit huet. “Boogie Nights” ass 1997 rauskomm, an huet net déi Opmierksamkeet kritt, déi em zougestan hätt. Dat Exzellent un deem Film läit dran, wéi de P.T. Anderson, Biller vu Succès a Verfall duerstellt, ouni dobäi säin Humor ze verléiren. Nëmmen zwee Joer méi spéit du “magnolia”. D’Wierk vun engem grad mol 28jähregen, dee scheinbar méi iwwer Liewe, Léift, Gléck an de mënschleche Misär wousst, wéi de Rescht vu sénge Kollegen. A vu dass de Film just 3 Stonne gedauert huet, verwonnert et och net, dass en d’Dréibuch banne knapp 2 Woche geschriwwen hat.

Dat Genialt um P.T. Anderson ass, dass en Konscht a Liewen a séngem Wierk verbënnt. En ass ganz no um Mënsch, analyséiert all eenzeg Por, an d’moralesch Wertvirstellungen, déi sech enger Existenz bidden. Gläichzäiteg geléngt em awer eng ästhetesch, sou wéi och dramaturgesch Eenzegaartegkeet, an deem e mam Bild spillt, an deem e Surreales afléisse léisst fir séng Aussoen u Gewiicht wannen ze lossen.

Vill héichgeluewte Regisseuren tendéiren dozou no ufänglechem Succès dem Jubel vun de Massen nozeginn, fir si ze schaffen a sech vun der Well vu groussen, mee wertlosen Szenerien am heitegen Hollywood matrappen ze lossen. Sou munch grousst Talent hätt no engem kolossale Wierk, wéi “magnolia” probéiert do weider ze fueren, deem eppes drop ze setzen, no Ruhm an Oscar gestriewt. Net sou de P.T. Anderson, säin néchst Wierk “Punch-Drunk Love” ass dee kënschtleresch gewotesten Film, deen e bis elo gema huet. Amplaz op grouss a bedeitend emzesattlen, decidéiert den Anderson e winzege, kuerze Film, mat engem klenge Cast ze produzéiren. An d’Iddi geet op. Säi Film ass vläicht wéineg betruecht, säin Numm raus aus de Schlagzeilen, mee heen huet weider Konscht geschaf mat engem Film, deen eng gutt schauspilleresch Leeschtung vum Adam Sandler weist, an dee mat sénger exzellenter Symbolik zu enger Zort vun intelligentem Kino gehéiert, deen een haut, och wa sou munchereen et versicht, seelenst fënnt.

No 5 Joer Kreativpaus, mellt den P.T. Anderson sech lo zréck mat séngem neieste Wierk “There Will Be Blood”, eng vag Adaptatioun vum Upton Sinclair séngem Roman “Oil!” vun 1927, an alleng den Titel vum Film kléngt schon elektriséirend. Wann een da weess, dass mam Daniel Day-Lewis, de wuel beschte Schauspiller vu sénger Generatioun a mam Paul Dano e jonkt opstriewend Talent als Haaptacteure verpflicht goufen, weess een och, dass den Anderson, bei engem héiche Risiko, trotzdem bal net doniewt hae konnt. Dozou gesellen sech den Johnny Greenwood vu Radiohead als Komponist, de Bob Elswit als Director of Photography an den Dylan Tichenor fir de Schnëtt, déi alleguer fir eng exzellent Ambiance suergen dierften.

Sou war et fir mech och net iwweraschend, dass déi éischt zwou Reviews vum Film, en eben (a sou schléisst sech de Krees) mam Orson Welles séngem “Citizen Kane” verglach hunn, an dem Film domadder dat gréisste Luew, mee awer och eng rieseg Bürd operluegt hunn. Ech si gespaant, ob de P.T. Anderson ab dem Joer 2008 sech zu den Häere Fellini & co. gesellen dierf oder ob ech mech weiderhin dofir rechtfertege muss, wann ech en als mäi léifste Regisseur uféiren.

Fir d’Reviews ze gesinn, klickt op mäi Link zu Awards Daily, do fannt der alles, wat et ze wësse gëtt.

Filmvirschau

Geschriwwen den 25/02/2007 vum Chris2 Kommentaren

Normalerweis hunn ech besser mech net op Filmer ze freen, virun deem iergendeen se gesinn huet. Et geet neemlech meeschtens grëndlech an d’Box. Rezent Beispiller: “Marie Antoinette” oder zwee Filmer op déi ech mech säit engem Joer freen, mee nach ëmmer net raus sinn. Kee gutt Zeechen. Mee a ménger Lëscht (scho rem eng) si se alt rem dobäi.

Ech hunn einfach mol, méi oder manner instinktiv 10 Filmer an enger Lëscht zesummegeklakt. Ech freen mech wierklech op se all, an ech mengen et si réicht zwee Stéck dovun dem Publikum virgestalt ginn. Een dovunner krut grauseg Kritike, den aneren wonnerbarer. Also, ech si gespaant.

Als éischt mol nach Filmer op déi ech mech freen, déi just na net a Lëtzebuerg ugelaf sinn: “The Fountain”, “Breaking and Entering” an “Clerks 2″. Déi missten awer geschwënn do sinn.

Dann em puer, déi am Laf vum Joer, oder och réicht Ufank 2008 misste kommen, déi et awer net a méng Lëscht gepackt hunn:

  • Sweeney Todd vum Tim Burton, mam Johnny Depp, Helena Bonham Carter, Sacha Baron Cohen an Alan Rickman. Iergendwéi trauen ech dem Tim Burton zou, heimadder e rieseg grousst Debakel ze produzéiren. Et kéint awer och genial ginn. Wann de Film do ass, wësse mer ob d’Geschicht vum mörderesche Coiffeur gutt bei him opgehuewen ass oder net.
  • My Blueberry Nights vum Wong Kar Wai mam Norah Jones, Jude Law, David Strathairn an Natalie Portman. Dem Wong Kar Wai säin éischten engleschsproochege Film, dofir sinn ech skeptesch. Dozou kënnt, dass d’Geschicht fiirchterlech no “Crossroads” oder “Glitter” kléngt. Mee kann de Wong Kar Wai e schlechte Film dréien?
  • Pirates of the Caribbean: At World’s End vum Gore Verbinski mam Johnny Depp, Keira Knightley, Orlando Bloom an Geoffrey Rush. Den zweete Film huet mer bei der zweete Kéier, dass ech e gekuckt hunn, awer nach gefall. En ass gutt. Mee wéi der Däiwel soll déi Geschicht lo weidergestréckt ginn? Gespaant sinn ech iergendwéi nach net.
  • Motherless Brooklyn vun a mam Edward Norton. D’Geschicht handelt vun engem Flic mat Tourette Syndrom. Ech si jo e grousse Fan vum Norton, mee “Keeping the Faith” war net sou den Hummer, dass ech hei och nach méng Zweifel hegen. Et kléngt fir mech bësse sou, wéi wann den Ed Norton sech séng Roll, mat däer en den Oscar gewanne wëll, selwer gecschriwwen huet. Firwat net, wann et gutt ass?

An nom Strëch da méng 10 Filmer.

(more…)

#11 Magnolia

Geschriwwen den 31/01/2007 vum Chris2 Kommentaren

3 vu 4 P.T. Anderson-Filmer an der Lëscht dran. Net schlecht, gell?

Et deet mer wierklech wéi, fir de Film net an d’Top 10 ze setzen. Ech wees neemlech wierklech net, ob ech je e Film gesinn hunn, deen op engem besseren Dréibuch baséiert. An “Magnolia” ginn eng ganz Rei verschidde Geschichte parallel a simultan gezielt am Géigesaz zum oft als Virbild genannten “Pulp Fiction”, deen eng eenzel Geschicht no der anerer entwéckelt, a bei deem d’Iwwerschneidungen net an engem weiderlafende Plot optauchen. Dat klappt perfekt.

Dozou kënnt d’Tagline “Strange things happen all the time”, d’Exodus 8:2 Referenzen, an déi onwahrscheinlech gutt Dialoger. Wann ee bedenkt, dass de P.T. Anderson dat Ganzt an nëmmen zwou Woche geschriwwen huet, get des Meeschterleeschtung nach méi opgewäert. Dovun ofgesinn, huet de gudde Mann de Film och nach selwer geschnidden, d’Poster designt, an den Trailer geschnidden.

Nach méi? Den Tom Cruise mat sénger beschter Leeschtung bis haut, den William H. Macy als sympathesche Loser, de Philip Seymour Hoffman an d’Juliane Moore wéi ëmmer brillant. D’Melora Walters bréngt ee vu ménge Lieblingsfilmzitater sou schéin an onverwiesselbar riwwer: “Now that I’ve met you, would you object to never seeing me again?” Den John C. Reilly, de Philip Baker Hall an nach vill weider iwwerzeegend Schauspiller maachen aus “Magnolia” och nach een vun de beschten Ensemble Casts, déi ech bis well erliewen duerft.

Nach e klengt Lidd vum Aimee Mann vun de Personnagen sangen lossen, eng jett Plastilinsfräschen verbrauchen, 200 Mol “Fuck” abauen an eng Ambulanz duerch d’Loft fléien dinn an zack huet een ee vun de beschte Filmer, déi et get.

Ech wëll, dass de P.T. Anderson nie en Oscar fir séng Regie kritt, fir dass en iergendwann an enger Rei mam Hitchkock, Kubrick a Scorsese (net méi laang) genannt get. A méngen Aen huet en dat verdéngt.

#14 Boogie Nights

Geschriwwen den 24/01/2007 vum ChrisKee Kommentar

“I’m a star, I’m a big bright shining star.”

De Marky Mark ass e Star, spéitstens zënter deem s e säit gëschter fir den Oscar nominéiert ass. Mee den Dirk Diggler war och schon e Star.

Dat, wat de P.T. Anderson a “Boogie Nights” fäerdeg bréngt schéngt mer schier onfaassbar. An zwou an enger halwer Stonn kënnt keng eng Sekonn Langweil op, e Riesecast trëtt op, vun dem jidfereen eng Berechtegung an der Geschicht ze sinn huet, a virun allem huet d’Geschicht an d’Ausféirung Kapp a Schwanz. (hihi)

E Film iwwer 70er an 80er Joere Porno, d’Heather Graham als Rollergirl, de William H. Macy als absolute Loser an déi coolste Klischeesprëch, déi et get: kann e Mann sech méi vun engem Film wënschen?

De Witz ass jo, dass de P.T. Anderson all d’Sprëch déi an de Pornoen benotzt ginn aus Originalfilmer iwwerholl huet, fir dass kee behaapte kann, dass d’Dialoger net echt klénge géifen. An dat gäilt Lidd, wat de Marky Mark an den John O’Reilly sangen ass e Lidd, wat wierklech an den 80er veröffentlecht gouf. Et ass einfach immens, wat de P.T. Anderson alles hikritt. Et muss een natierlech och bedenken, e war 27 wéi “Boogie Nights” veröffentlecht gouf an trotzdem huet e scho sou en intelligent a witzegt Wierk geschriwwen a gedréit. Respekt.

#36 Punch-Drunk Love

Geschriwwen den 1/12/2006 vum ChrisEe Kommentar

De P.T. Anderson ass e groussaartege Regisseur an Dréibuchauteur, deen absolut skurril an iwwerspëtzte Geschichten erzielt, an dat awer op eng Manéier hikritt, wéi keen et kann.

De Barry (Adam Sandler) ass e liicht beschränkten Loser, deen versicht séng Firma un d’Lafen ze kréien an dobäi dauernd vu sénge Schwësteren fäerdeg gemaach get. Säi Liewen verännert sech awer komplett, wéi en Telefonsexring ufänkt en z’erpressen, an hien sech gläichzäiteg verléift…

Adam Sandler Filmer si jo normalerweis net ze toppen u platte Witzer (ech kucke se trotzdem gäer), mee Punch-Drunk Love ass do scho ganz erfrëschend. Och wann de Sandler rem en Eefalt spillt, kënnt de Film des Kéier awer ouni Fäkalwitzer aus. De Film ass relativ kuerz a bréngt et awer fäerdeg déi zwee komplett verschidden Handlungssträng mateneen ze verbannen, ouni dass iergendeng Froen opbleiwen. Interessant sinn och dem Barry séng ëmmer rem kommend Wutausbrech, déi ëmmer dann optrieden, wann en emotional am meeschte matgerappt ass, wat an der wuel bizarrster Liebeserklärung mënd, déi ech je héiren hunn: “I’m lookin’ at your face and I just wanna smash it. I just wanna fuckin’ smash it with a sledgehammer and squeeze it. You’re so pretty.”

Wonnerschéin ass och wéi den P.T. Anderson verschidden Symboler abaut, wéi den Harmonium, deen dem Barry séng Léift duerstellt. Oder och déi rout Faarw, déi de Barry ëmmer vu geforen weg leed. An dann natierlech d’Spill mat Faarwen, Téin an onerwaarte Szenen, wat de Chaos am Barry séngem Kapp duerstellt.

Punch-Drunk Love get doduercher zu engem Film, deen een ëmmer rem kucke wëll, an deem een ëmmer rem nei Saachen entdeckt.