Kuerz viirgestallt: 2 Podcasts aus Lëtzebuerg
Während mir al Männer (plus eng Fra) nach ëmmer mengen, bloggen wier in, an domat lues awer sécher den Trend vun der Zäit verpassen, wëll ech Iech haut e puer jonk Spunten virstellen, déi schon gecheckt hunn, wéi een dat richteg mécht.
Brainfood
Brainfood sin 3 Jongen an ee Meedchen aus dem Iechternacher Kolléisch an allen 3 op enger A-Sektioun (sinn ech eigentlech deen eenzegen Blogger op deser Welt deen en anstännegen Lycée gemaach huet?). Hire Site huet eng ganz Gamme u fäine Saachen, si hunn 2 Podcasts, een Themenpodcast an ee Musékpodcast, e Blog mat sporadeschen Artikelen, Fotoen an e Sammelsurium un Internetlinks. Hier Podcasts si gutt gemaach an interessant, an stellen sech Froen aus alle Beräicher. Dat ganzt mat flotten Invitéen wéi dem Serge Kollwelter, engem Philosproff oder Iwwerliewender vun Auschwitz. Ech géing et flott fannen wann, amplaz Musék a Podcast ze trennen, dat ganzt méi an engem Radiosendungsstil géing laafen. Mee si hu bestëmmt hier Grënn fir dat sou ze man, wéi se et man. Ech fannen d’Saachen déi am Podcast behandelt ginn wierklech relevant.
Wat ass gutt? Flotten Site. Vill Auswahl.
Wat stéiert? De Blog huet keen RSS Feed. HELLEF! Onreegelméissegkeet.L-Pod
L-Pod ass méi spezifesch an e puren Podcast. 9 Leit këmmeren sech hei ëm d’geeschteg Wuel vum Lauschter. Den Intro vun L-Pod ass wierklech bombastesch an e bal e bëssen over the top. De Site gesäit net esou flott aus wéi deen vu Brainfood, obwuel béid Siten sou oder sou net selwer entworf sinn, mee mat iergendwellechen viirgefäerdegten Designs oofgefiddert goufen. Den L-Pod schengt mam Marc Schoellen, lëtzebuerger Historiker mat enger Spezialisatioun am Gaardebau sou eppes wéi e Stammgaascht ze hunn. D’Podcasts vum L-Pod schéngen besser recherchéiert a befaassen sech vill mat Geschicht, awer och soss mat aneren kulturellen Themen.
Wat ass gutt? Méi reegelméisseg. Sauflott produzéiert.
Wat stéiert? Keen RSS Feed! Jongen! De Site ass net esou flott.
Egal wéi, déi 2 Podcasts sinn et derwäert. Brainfood ass vläit méi no un der Popkultur drun, während L-Pod méi seriö kennt. Wat opfällt ass, dass d’Siten technesch wéineg usprochsvoll sinn, engersäits sinn se all mat Baukëschten gemaach, anerersäits weisen se kaum Interessi fir Standards wéi RSS oder ATOM, wat se sécherlech e Stéck vun hirer Audience kascht. Trotzdem ass jo grad dat dat flott, dass jiddereen elo kann esou eppes man, an dofir ze verzeihen.


