Bäitrag getagged ‘peter sarsgaard’

Oscar Liveblog 2010

Geschriwwen den 7/03/2010 vum Chris39 Kommentaren

19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.

(more…)

An Education

Geschriwwen den 1/11/2009 vum ChrisKee Kommentar

Erwaardungshaltungen sinn eppes komplizéiertes. Stellt iech vir, dir liest 9 Méint laang, dass e Film immens ass a freet iech deementspriechend drop, just fir festzestellen, dass et ass, wéi mat engem Blind Date, wat der vu Frënn arrangéiert kritt. Virun deem der d’Persoun trefft, gitt der gebrieft fir ze wëssen wéi immens, schéin, witzeg, intelligent déi Persoun ass. Dir freet iech, kënnt et knapps erwaarden. Dann trefft der se, a verknallt iech direkt an se, denkt et wier dat Richtegt, denkt et wier dat. Mä no enger gewëssen Zäit mierkt der, dass d’Häerz net ganz do matspillt wou de Kapp iech hindiktéiert. Sou ass et mir gëschter gaang. Mat engem klenge Film, deen sech An Education nennt.

An Education-1D’Jenny ass 16, intelligent, schéin, a soll nächst Joer op Oxford goen. Hatt ass verréckt no allem wat Franséisch ass, no der Musek, de Bicher, dem Kino – iergendwann wëll et zu Paräis liewen a seng Fräiheet genéissen, déi him säin englescht Virstadliewen him net versprëcht. Duerch en Zoufall, trëfft et den David, e Mann, dee wesentlech méi al ass wéi hatt, an dësen stellt him dat Liewen an Aussiicht, ouni dass et sech duerch Studie quäle muss, déi déi Fraen, déi et kennt, net wesentlech weider bruecht hunn.

Dat ass d’Premiss vum Lone Scherfig senger Verfilmung vum Lynn Barber senge Memoiren an enger Adaptatioun fir de groussen Ecran vum Nick Hornby. D’Carey Mulligan iwwerhëllt d’Haaptroll vum Jenny a spillt dës och mat enger absoluter Iwwerzeegung, et brauch sech net emol a senge puer Szene mam Emma Thompson ze verstoppen. Wat dat ganzt nach méi remarkabel mécht, ass, dass et sech wierklech net scheit fir d’Meedchen sou ze spillen, wéi et geduecht ass: wéi eng domm Zatz. E Problem mam Cast vum Film ze fannen ass eigentlech wéi déi berühmten Nol am Heekoup ze sichen: den Alfred Molina verbënnt Witz, Sympathie a Matleed am Rôle vum Jenny sengem Papp, de Peter Sarsgaard ass absolut haassenswäert an awer interessant als de mysteriéisen David, während d’Rosamund Pike an d’Olivia Williams och wonnerbar Performancen bréngen, mat dem wéinegen a liicht eesäitege Material wat se hunn. Souguer den Dominic Cooper kënnt engem an desem Film wéi en talenéierte Schauspiller vir, et gleeft een et kaum.

Mä, wéi gesot, do läit net dem Film säi Problem. De Problem ass eppes, wat vill Filmer hautesdags als gréisste Schwächt hunn: Timing. Während déi éischt Stonn vum Film sou zimlech dat Groussaartegst ass, wat ech dëst Joer gesinn hunn, geet duerno alles vill ze séier an chaotesch virun. Ech denken, ech hunn dat schon öfters a Filmkritiken geschriwwen: et ass oft schéi wa Chaos d’Thema ass, et ass oft schlecht wa Chaos d’Method ass. Et gëtt dee Punkt wou den David d’Jenny mat op Paräis hëllt, bis dohin ass de Film e Meeschterwierk an duerno verléiert en sech am Versuch eng ganz Rei Evenementer mat Zäiten am Film ënner ze bréngen. An dat ass onnéideg. Et gëtt seelen e Film, wou ech denken, dass d’Lafzäit wuel déi richteg war, mä u Schneidbriet, déi falsch Decisioune getraff goufen. Sou verfällt An Education no engem gewësse Punkt dem klassesche Rom-Com Muster, an effektiv gëtt et den typeschen “Musek spillt während vill Zäit vergeet an den Protagonist sech ännert”-Moment am Film. An ech muss soen: ech haassen dee Moment. En ass bescheuert, an oninspiréiert. An do läit mäi Virworf un de Film: wonnerbart Material, net grad esou wonnerbar Ausféirung.

A wee lo mengt, dass ech An Education net gutt fonnt hunn, deen iert sech. Et ass nach ëmmer ee vun e beschte Filmer vum Joer, just et hätt kënne mat Liichtegkeet dee beschte sinn. Dat huet en allerdéngs net gepackt.

Bewertung: ***1/2 /****


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags