Tintin
Hei déi éischt Fotoen aus deem éischten Tintin Film vun den Häre Spielberg an Jackson. Ech hoffen, deen een oder deen anere Lieser huet d’selwecht vill Spaass domat wéi ech.




Hei déi éischt Fotoen aus deem éischten Tintin Film vun den Häre Spielberg an Jackson. Ech hoffen, deen een oder deen anere Lieser huet d’selwecht vill Spaass domat wéi ech.




Antichrist (Lars von Trier)
De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff tour de force ze benotzen. Well dat ass dësen Film, deen gläichzäiteg déi schéinsten an zerstéierendste Biller vum Joer liwwert.
The Lovely Bones (Jackson, ***1/2)
The Lovely Bones, d’Geschicht vun engem 14jährege Meedchen, dat vergewaltegt an ëmbruecht gëtt a senger Famill vum Himmel aus nokuckt, wéi se versicht mat der Situatioun ëm ze goen. Wann een dem Peter Jackson eppes loosse muss, dann ass et, dass en a senger Regie kompromisslos ass: de Film, dee mir gesinn, ass seng Visioun, déi duerch näischt gedréift gëtt. A sou gëtt aus dem Alice Sebold sengem vill méi däitlechen Roman eng extrem bildlech Erfuerung – den Jackson gëtt eis just sou wéineg u Material, de Rescht musse mer eis selwer denken. Emotional matrappend ass de Film, mat un der Spëtzt perfekte Performancen vum Saoirse Ronan, Rachel Wiesz, Susan Sarandon, Mark Wahlberg an Stanley Tucci an hannendrun enger visueller Experienz, déi senges gläiche sicht.
The Wolfman (Johnston, *)
LOL. (Jo, dat ass meng Kritik.)
Et ass schon eng kleng Traditioun op Pianocktail, dass ech all Joer op meng Lieblingssäit verlinken, op där en Distributeur probéiert fir seng Filmer an d’Oscar-Course ze kréien. Fréier war dat VantageGuilds, mä no dem déi vun hirer Mammefirma Paramount gefriess gi sinn, nennt sech dat ganzt paramountguilds.com, an dir fannt do Infos zu Up in the Air vum Jason Reitman, The Lovely Bones vum Peter Jackson, Star Trek an natierlech dem absolute Frontrunner wat Oscars ugeet an dem beschte Film vum Joer: Transformers: Revenge of the Fallen.
Mä leider ass d’Säit net méi sou schéin, gesäit pupeg an oninspiréiert aus, an huet och net grad esou vill Goodies wéi fréier. Mä se ass okay.
Ech hu keng Zäit fir vill ze schreiwen, mä wann den Trailer fir dem Peter Jackson (Peter Jackson!) säin neie Film The Lovely Bones rauskënnt, da muss ech dee jo wuel bréngen. Souvill sinn ech menge Lieser schëlleg.
Ah jo, meng Meenung zum Trailer: gesäit no engem extreme Fall vun “hit or miss” aus, d’Häerz seet “hit”, de Kapp “miss”. D’Biller si wonnerbar, mä den Trailer schlecht geschnidden.
UPDATE: Den Trailer do ass weg, dofir gitt en op Apple kucken.
Zënter längerem ass jo well bekannt, dass den Steven Spielberg an de Peter Jackson, déi ech allebéid héich aschätzen un enger mo-cap Verfilmung vun eisem allsäitsbeléiften belschen Held Tintin schaffen. Anscheinend ass lo endlech d’Kaz aus dem Sak an den Jamie Bell (deem ech anscheinend eenlech gesi soll – who knew? Ech gleewen et net) kritt de prestigeträchtege Rôle vum éiergäizege Journalist uvertraut. An, ganz éierlech, de Choix ass immens, vu dass den Jamie Bell ee vun de gréisste jonken Talenter an Hollywood ass, dee souguer an enger Katastroph wéi Defiance mat séngem wéinege Material eppes aus dem Personnage mecht.
Den Andy Serkis als Haddock, an de Simon Pegg a Nick Frost als Thompson an Thomson si scho méi laang bekannt. Lo sinn ech gespaant op ween nach alles op den Zug sprange soll. Anscheinend ass den Daniel Craig als dem Tintin säi Géigespiller scho verpflicht. On verra.
