Bäitrag getagged ‘Pantomime’

Dreams Off

Geschriwwen den 2/03/2010 vum Lynn6 Kommentaren

Et ass een opgereegt obwuel een eigentlech guer näischt ze maachen huet.  Et gesäit e Leit rem bei deenen et engem rem bewosst get weivill een dat hei alles vermësst huet. An da setzt een an dem Sall wou een och no zwee Joer nach éischter gewinnt ass op der Bühn ze stoen wei am Publikum ze setzen. Beim Bléck op de Programm kennen ech scho bal kee mei, just e puer Gesiichter si nach bekannt. Nach ëmmer opgereegt, wéi geet et dann de Leit hannert der Bühn? Ech vermessen de Geroch vu Schmink, an de Leit nach eng kéier an d’An ze kucken a ’merde’ ze soen.

Wat ech hei sou pathetesch ukënnegen ass dat Theatersteck dat läschte Weekend a nach dësen a menger aaler Schoul, dem LCD opgefouert gëtt. De Grupp MiR huet ee neit Stéck kreéiert, ee Stéck ouni Text, also Pantomime, ënnert der Leedung vum Bob Flammang. Et as di éischte kéier dass ech souee Stéck aus der Vue vum Publikum gesinn, well ech soss ëmmer matgespillt hunn, an et versteet een ob eemol déi Leit, di soss ob een duerkomm sinn a gefrot hunn wat dat da lo alles sou genau ze bedeiten hätt. Well et ass effektiv nit ëmmer evident alles ze verstoe wann et keen Text gëtt. Grad sou schwéier as et fir d’Acteuren; et ass schon nit einfach mat Wierder sech sengem Publikum matzedeelen, nach vill méi schwéier as et wann et keen Text, mee just säi Kierper gëtt.

D’Stéck heescht ‚Dreams Off’, an as als Hommage un den Akira Kurosawa an säi Film ‚Dreams’ geduecht. Zouginn, ech haat och keng Ahnung ween den Akira Kurosawa war, hee war ee japanesche Regisseur deen eng 30 Filmer gedreint huet an och een Oscar fier sai Liewenswierk krut, 1910 gebuer. ‚Dreams’ (1990) besteet aus enger Série vun aacht Dreem, déi de Kurosawa selwer zu verschiddenen Zäitpunkten a sengem Liewen gedreemt huet. Si baséieren éischter op Biller, et gëtt kaum Dialog. Vun dësem Film huet sech d’MiR inspiréiere gelooss a selwer sechs Dreem geschriwwe fier déi op der Bühn duerzestellen.

All Draam huet säin Dreemer, an di sechs Dreem ginn vun je engem Ausschnëtt aus dem Film getrennt. Scho wann een zur Entrée rakënnt setzt do eng Äisprinzessin, dei em d’Äerderwiermung, een Thema dat sech am Stéck widderhëlt, kräischt. D’Bühn ass, wi ëmmer, mat Léift dekoréiert, wäisse Stoft as wéi Äisbierger lenks a rechts vun der Bühn drapéiert. Eng bal duerchsichteg stofte Leinwand kennt e Stéck virun der Mauer vun uewe rof. Op déi Leinwand gi während dem ganze Steck Biller projezéiert an och di Filmstecker tëschent den Dreem.

D’Dreem selwer si wonnerschéin ëmgesat. All Draam huet sain Thema; d’Rementdeckung vun der Kandheet, Angscht a Verrecktheet, Magie oder en Draam an engem Land voller Iwwerraschungen vun engem Meedchen dat Alice heescht. D’Biller déi op der Bühn entstinn sinn einfach wonnerschéin a kaum ze beschreiwen, et muss een et scho gesinn. Hannert der bal duerchsichteger Leinwand as ob emol eng Schaukel an op der anerer Säit vun dem faarwegen projezéierte Bild schaukelt ee Meedchen. Dann hänkt un der Mauer e Stull an en Hiem, spéider stinn do zwee Liegestill an zwee Aisbieren drénke Kaffi. Dat ganzt get dat ganzt Stéck iwwer duerch ausgewielte Musik ënnerstrach di et och akkustesch zu engem wonnervollen Optrett maachen; vun Björk bis Bach, a virun allem Schloflidder.

Et ass dat läscht Stéck dat de Grupp MiR mam Bob opféiere wäert. Hien huet 40 Joer lang mat honnerten vu Schüler sou Stécker mat vill Léift a ganz vill Aarbecht op d’Bühn bruecht an huet mat desem Steck ee wonnerschéint läscht Stéck kreéiert. Et gëtt nach dese Freiden a Samsden opgeféiert (Detailer hei), ech wärt nach eng zweete kéier am Publikum setzen a nervös sin, an duerno un de Fond de Teint schnoffele goen.

MiR


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags