All Dag während der Weltmeeschterschaft schreift de Chris iwwer Fussball, d’WM a wéi hien se erlieft.
Hätten d’Englänner op den Dizzee Rascal gelauschtert a just bëssen souvill Asaz wéi hien, dann hätten se och gëschter gewonnen obwuel hire Golkipp net gutt genuch fir Luna Uewerkuer ass. Mä bon, ech zitéiere mäi Brudder: “Déi lescht Ekipp, déi op enger WM 1:1 géint d’USA gespillt huet ass Weltmeeschter ginn.” Wëllen d’Englänner dat packen, mussen se sech awer e bëssen um Rimm rappen, denken ech mol.
Um Rimm gerappt huet sech den Diego Armando Maradona, an ass zum Match komm. Net dass dat sou iwwerraschend wier, mä et hätt och kënnen anescht kommen. Säi legitimen Nofolger Lionel Messi huet an deem Match geschaten 172 Golchance gehat. Ouni ze treffen. Mä dofir haten d’Argentinier jo e Verteideger dee getraff huet.
Och getraff hunn zwee Koreaner – an dat huet mer richteg gutt gefall.Et muss een déi Südkoreaner einfach gutt fannen, denken ech. Nach besser hu mer allerdéngs meng 8 nei Panini-Biller gefall, déi ech haut krut, woumat mer well bei 32 feelende Biller wieren. Wat zimlech gutt ass op menger Panini/Coolheet-Skala, denken ech. Besser op alle Fall wéi d’Rap-”Analys” vu Blumentopf op ARD, déi dës als hip duerstelle soll. Et wëll einfach net a mäi Kapp eran firwat déi Däitsch ëffentlech rechtlech net verstinn, dass een net mat deem wat virun 10 Joer interessant war, lo punkte kann. Dat Onverméigen momentan Trends z’erkennen an sech ze änneren ass eigentlech scho bal rëm eng interessant soziologesch Studie wäert, déi ech opgrond vu mengem Desinteresse u Soziologie ni maache wäert.
De Match Algerien-Slowenien wäert ech haut verpassen, well Mammendag ass, an ech e bëssen e gudde Jong sinn a mat menger Mamm iesse ginn. D’Daumen ginn awer menge Kölner Novakovic a Brecko gedréckt. An muer schwätze mer dann driwwer ob ech dem Jogi Löw säi Schal richteg getippt hunn, ech soen: beige.
Depp vum Dag: Robert Green, England
Beschte Spiller vum Dag: Park Ji-Sung, Südkorea
Schlechteste Spiller vum Dag: Angelos Charisteas, Griechenland
Weblink vum Dag: Warten auf die Damenwahl bei 11Freunde.de
All Dag während der Weltmeeschterschaft schreift de Chris iwwer Fussball, d’WM a wéi hien se erlieft.

Wéi ech gëschter Mëtten bei menger Mamm op der Aarbecht ukomm sinn fir mat hir eppes iessen ze goen, huet si direkt an hir Posch gegraff fir mer dat ze ginn, wou se wousst, dass ech et wéilt. 22 un der Zuel waren et dës Kéier. Gutt getosch, duecht ech mer. Lo nach 40. Dëst Joer kéint et endlech klappen.
Säit 1996 sammelen ech well Panini-Biller, an ech hunn et nach ni gepackt en Album ze fëllen. 2006 hu mer der 11 gefeelt, an anere Joer méi oder manner. Dës Kéier also nach 40, an ech hu fest wëlles et hin ze kréien. Ee vu menge Sticker, an den ech mech direkt verléift hunn dëst Joer war deen vum Siphiwe Tshabalala, éischten Buteur vum Tournoi. Net dass ech de Spiller kannt hätt, et wier eng absolut Ligen dat ze behaapten. Mä den Numm ass sou cool. Eng vun de Saachen déi ech immens fannen un de Panini-Albummen, ass, dass een Spiller kenne léiert a souguer appreciéiere léiert, déi een nach ni spille gesinn huet. Sou war et bei mir mam Tshabalala.
Deementspriechend hunn ech mech dunn och gefreet, wéi ech gëschter d’Opstellung vun de Bafana Bafana gesinn hunn. Dass en duerno souguer e Gol schéisse géif – an e sensationell schéinen dobäi – konnt ech dee Moment nach net wëssen. Um Späicher hat ech mäi Südafrika-Trikot vun der WM 2002 opgedriwwen a sinn doranner an Iechternach an e Café gaang, wou ee wonnerbar konnt op der Terrass de Fussball kucken. Obwuel ech mech vun Ufank un als Supporter vun de Südafrikaner gesinn hunn, hunn ech wierklech réischt nom Rafael Marquez sengem 1:1 gemierkt, dass ech zu den Ausriichter halen. Dat Gefill néiergeschloen ze sinn, dass d’Ekipp net méi vir loung huet mech wierklech iwwerzeegt, dass ech de Bafana Bafana d’Daumen drécken.
Owes huet dunn och nach Uruguay géint 11 franséisch Spiller, déi fir soss kee wéi sech selwer untrieden, gespillt. Et war net déck a mäin Häerz ass just eng Kéier an d’Box gerutscht, wéi den Diego Forlán de Ball aus 13-14 Meter lénks laanscht gesat huet, a wéi den Luis Suarez ausgewiesselt gouf. Wat eng Schan.
Held vum Dag: Siphiwe Tshabalala, Südafrika
Beschte Spiller vum Dag: Giovani dos Santos, Mexiko
Schlechteste Spiller vum Dag: Nicolas Ankelka, Frankräich
Weblink vum Dag: When Bafana Wins
photo cc by Development Works Photos