Bäitrag getagged ‘p2p’

Spotify

Geschriwwen den 15/12/2009 vum Thorben22 Kommentaren

Ech krut gëscht iwwert dem Fede (firwat bloggt de Fede hei eigentlech net) seng Matbewunnerinn en Invite fir Spotify. Nodeems Spotify 3 Joer u mir laaschtgaangen ass.

Ech hunn e Problem mat deenen Web 2.0 Applikatiounen: Fréier hunn ech en MP3 Player gebraucht, dann hunn ech mir WinAmp besuergt. Ech hunn en Video Player gebraucht, ech hu mir VLC roofgelueden, ech hun en Textprocessor gebraucht, ech hu mer Word roofge…erm…kaaft! Am Web 2.0 ass dat anecht: Ech hu mäi Liewen, ech si frou domat an et feelt mir un näischt. Dann kréien ech en neit Stéck Software (Twitter, Facebook, Spotify…) an dann muss ech fir t’éischt mol an d’Wikipedia kucke goen, wat et ass an wat ech domat man. Fréier hunn ech e Bedürfnis gehaat, an dann Software dofir besuergt. Am Web 2.0 leeft dat aanecht: Ech hu Software, déi erstellt dann e Bedürfnis, déi et dann och selwer stëllen kann.

An sou wor et och mat Spotify: Ech hu keng Aanung wat dat sollt sinn. Et ass kuerz erklärt eppes tëscht Last.fm, Pandora, iTunes an Napster (deen aalen, Web 2.0, sorry wann dir dee net méi kennt).
Vun iTunes huet et, dass et e Programm ass, mat deem ee ka Musek lauschteren a kaafen.
Vu Pandora an Last.fm huet et déi Geschicht mat Radio, Recommandatiounen etc.
Vu Napster huet et, dass et P2P ass.

Spotify ass also en Musékplayer, dien eng rieseg Library huet, déi een ka gratis a legal benotzen an kann ob sengem Computer streamen. Dat ass richteg sou: Gratis Musék lauschteren ouni Hoken an ouni Aschränkung, dat wat ee wëll, wéini ee wëll an wou een well.

Wat net sou einfach geet ass: Späicheren, et kann een Musék net einfach rooflueden, mä vue dat Spotify e gudden Musékplayer ass, geet dat jo och duer. Fir £9.99 kann een d’Reklammen ausblenden (do laafen richteg Radioreklammen) an d’Songs späicheren, fir se zum Beispill op en MP3 Player ze setzen. Wow.

Saachen, déi ech géing op iTunes fannen, fannen ech och op Spotify. Hieren Katalog ass immens, mä natierlech fënnt een net alles (den neien St. Jude’s Law Infirmary Album deen ech ëmmer besser fannen zum Beispill net).

Spotify ass all d’Musék zum lauschteren. Elo. Direkt. An do stéiert mech e besschen, dass deen Effort fir Musek ze kréien quasi Null ass. Ech si kee Purist an näischt, mä ech froe mech op Musek devaloriséiert gett, doduerch, dass de Präis (an den Obwand) fir se ze kréien op Null duergeet. Op iTunes hunn ech missen en Euro dofir ausginn, op YouTube haat ech schlecht Qualitéit an en onméiglechen Player, mä Spotify kënnt wierklech dohier wéi eng rieseg Bibliothéik. Wat ass meng iTunes Library wäert, déi 7433 Lidder déi ech an Rouh zesummengesicht hunn, wann ech all déi Musék ka gratis hunn? Mä Pathos mol op d’Säit, ech fannen Spotify genial, an ech weess, dass et fir mech net kann ersetzen wat eng LP mir bidd, an eng CD kann déi net ersetzen, den iPod kann d’CD net ersetzen, an sou wäert Spotify och näischt dovunner kennen komplett ersetzen. Mee awer a groussen Deeler. Dat eenzegt, wou ech Musek net vun Spotify wellt hunn, wier fir speziell Versiounen, seelen Musek oder sou. Mä fir de Rescht ass dat dach zimmlech egal?

Ech haassen Predictiounen, mä hei ass keng: Wann se clever genuch sinn, ka Spotify iTunes killen an den MP3 Player, wéi mir e kennen, mat. Et gëtt Spotify Mobile fir Symbian an iPhone (ech haassen den iPhone nach emmer, mä en huet einfach déi besser Apps). An wann ech 95% vun der Musék déi ech well, plus 1.5 Milliounen Lidder déi ech potentiell kéint wellen, ka mathuelen, firwat brauch ech dann en iPod, just well dee mir déi 5% Musek gett, déi ech och nach well, awer net op Spotify fannen. An ech schätzen dass fir den normalen iPod User déi 5% éischter bei 0% leien. Sou Indie si mir jo alleguerten net. Krankheeten déi bis dohinner nach ze bekämpfen sinn, sinn lues 3G Netzer an 3G Coverage. Mee a Stied ass dat scho bal geklärt a kee Problem méi. An de Rescht zitt noo. Handyen ginn emmer méi zu Computeren mat Internet an eiser Täsch. Wann Spotify dann nach zougänglech gëtt an aaneren Länner ausser Groussbritannien, Schweden etc, an iergendwann den Mobile Data Roaming der Vergaangenheet ugehéiert (go Viv! oder ween lo do setzt), dann sinn d’Konditiounen perfekt. A wa Spotify d’Uewerhand behällt, kennen se deen Virdeel fir sech notzen.

Ween d’Chance op en Invite huet, fuert duer! Spotify ass genial. An en huet AudioScrobbler Integratioun.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék Tags:,

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags