Bäitrag getagged ‘oasis’

Geschriwwen den 30/08/2009 vum ThorbenKee Kommentar

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék Tags:

Plazen 90 – 81

Geschriwwen den 12/11/2007 vum Chris4 Kommentaren

Ech sinn a Schreiwlaun, wéi der vläicht gemierkt hutt. Dofir geet et direkt virun, soulaang wéi et nach unhält.

(more…)

Plazen 125 – 101

Geschriwwen den 4/11/2007 vum Chris7 Kommentaren

Sou, da fänkt et lo sou lues un interessant ze ginn. De läschte Schrëtt virun den Top 100, an déi gi réicht immens, oh mei, wann dir wéisst…

(more…)

Plazen 150-126

Geschriwwen den 5/10/2007 vum ChrisKee Kommentar

Endlech fannen ech e bëssen Zäit fir dass et viru geet. A muer kënnt wuel säit ganz laanger Zäit mol nees eng Filmkritik op de Pianocktail. Méi dozou: muer.

(more…)

Plazen 200 – 176

Geschriwwen den 27/07/2007 vum Chris2 Kommentaren

A viru geet et, mat ménger (méi oder manner) immenser Lëscht. Mäi Concours ass iwwregens nach ëmmer aktuell, falls nach iergendee säi Gléck probéire wëll: einfach an de Kommentarer séng Meenung präisginn.

(A just sou niewebäi: all déi, déi “Hot Fuzz” net an de Kino kucke waren, hunn déi beschte Komödie vum läschte Joerzéngt verpasst.)

(more…)

Plazen 250-226

Geschriwwen den 5/07/2007 vum ChrisEe Kommentar

A lass geet et.

(more…)

Ech si krank

Geschriwwen den 9/05/2007 vum Chris8 Kommentaren

Ech sollt léiren. Mee wat man ech? Ech stellen en Archiv vun all méngen Alben (kaf a gebrannt) zesummen. Mat Bewertungen.

DAT ASS KRANK.

Dofir get de 15. Mee mäi PC weggespaart, fir dass ech net a Versuchung kommen, mech vum Léiren oflenken ze lossen (well och wann den Thorben, mer dat lo net gleeft: et ass guer net mol sou mann!).

Mee dofir wees ech awer lo folgendes:

  1. Ech besëtzen anscheinend iwwer 180 Alben (kaf oder gebrannt). Livealben, Best Ofs, OSTs net matgezielt. Dat hätt ech net geduecht, well ech ëmmer der Meenung war, net souvill Musék ze hunn.
  2. Méng fënnef Lieblingsalben (Bewertung 10/10) sinn Blur – 13; Coldplay – A Rush Of Blood The Head; My Bloody Valentine – Loveless; Oasis – [What's The Story] Morning Glory?; The Velvet Underground – The Velvet Underground.
  3. Déi fënnef schlechtsten sinn: Maroon 5 – Songs about Jane; Nelly – Country Grammar; The Calling – Camino Palmero; Silbermond – Verschwende deine Zeit; Royce Da 5′9” – Rock City.
  4. Vun den 12 Beck-Alben ass “Odelay” de beschten. Duerchschnëttlech ass en Album vum Beck sou gutt wéi zum Beispill “Winning Days” vun The Vines, oder “Menteur” vum Cali.
  5. Ech neigen dozou Leit aus Matleed besser wegkommen ze lossen, wéi se et verdéngt hunn. Dat wousst ech awer och schon éischter.

11 Fakten iwwer…

Geschriwwen den 20/11/2006 vum Chris2 Kommentaren

… Oasis, déi haut hiren éischte Best Of “Stop the Clocks” rausbruecht hunn.

  1. Oasis huet an UK 22 Singles rausbruecht, 20 dovunner waren Top 10, an zënter hirer fënnefter Single “Whatever” war keng Single méi net ënnert den éischte 4 vun den Charts vertrueden.
  2. Oasis hat 8 #1 Hits an UK. Paradox, dass hire gréissten Hit an den USA, den zäitglaich och hiert bekannteste Lidd ass, Wonderwall keen dovunner war.
  3. Be here now ass déi sech am séiertste verkafent CD an der britescher Musékgeschicht, mat 423000 verkafenen Exemplarer, den éischten Dag.
  4. Den Album, dee gutt 25 Minute méi laang ass, wéi hir reschtlech Alben am Duerchschnëtt, ass gréisstendeels ënnert groussen Alkohol- a Kokainafloss entstan. Dofir och de Bombastsound.
  5. Op Fade-in Out, engem Lidd vun desem Album spillt den Johnny Depp Gitar. Den Noel Gallagher war ze voll fir selwer ze spillen.
  6. De 5. Abrëll 1994 kënnt den NME mat dem éischten Interview mat Oasis raus an dem se behaapten, déi gréisste Band op der Welt ze ginn. Den nämlechten Dag hëllt de Kurt Cobain sech d’Liewen.
  7. D’Buch Soloalbum vum Benjamin von Stuckrad-Barre handelt vun engem Oasis-Fan. All d’Kapitel sinn no Lidder vun hinne benannt.
  8. Oasis hunn hiren ufänglechen Logo fir d’Alben Standing on the shoulders of giants an Heathen Chemistry emgeännert. Iwwerraschenderweis war no denen zwee “Flops” op Don’t believe the truth rem den ale Logo ze gesinn.
  9. Den Noel Gallagher behaapt, dass en a séngem Liewen bei engem eenzege Lidd gekrasch huet. “Why does it always rain on me?” vun Travis.
  10. Den Noel huet viru sénger Carrière als Rockstar eng Zäit Autoen ageparkt. Awer net laang, vu dass e Schlëssel Bekannschaft mam deemolegen Star vu Manchester United, Eric Cantona séngem Auto gema huet. D’Gallaghers si Fans vu Manchester City.
  11. Dem Liam Gallagher sénge Jongen hire Muséksgot passt dem Papp guer net. Hir Lieblingsband: d’Gorillaz vu séngem Intimfeind Damon Albarn.

Dat hei ass den éischten Deel vun enger Serie, déi ech all Méindeg wëll iwwert iergendeppes rausbréngen. Firwat 11? Well et eng schéin Zuel ass.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék Tags:

Oasis-Bootleg

Geschriwwen den 10/11/2006 vum ChrisKee Kommentar

Fir all d’Fans vun Oasis:

Lecker a qualitativ saugutt Akkustikversiounen vun enger Rei Songs, ënnert anerem “Cast No Shadow”, “The Importance of Being Idle”, “Whatever”, “Don’t Look Back In Anger” an natierlech “Wonderwall” an der Ryan Adams-Versioun fannt der hei.
Gespillt gi se vum Noel Gallagher, vum Gem Archer a vum Terry Kirkbride, deen de Zak Starkey(dem Ringo Starr säi Bouf) am Line-up ersetzt, well deen mat kengem geréngeren wéi The Who op Tour ass.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék Tags: