#28 Nouvelle Vague
Nouvelle Vague ass eng Band, déi ech schon öfters Mol erwient hunn, an eng vun de gloriéise Bands, déi ech duebelt live gesinn hunn. An eventuell geschwënn souguer dräi Mol.
D’franséischt Ensemble ass gegrënnt ginn vun den zwee Musiker Marc Colin an Olivier Libaux, hiren Numm ass ofgeleet vun dem franséische 60er Joerekino, genee sou wéi hirem BossaNova-Stil an der New Wave Richtung aus där se hir Coversongs auswielen. An fir nach emol op déi wonnerschéin Diskussioun vu virun enger Woch anzegon, an där ech geléiert hunn, dass e Mënsch als Nörgler ze bezeechnen ënner Klarinett ass (jo, ech léiren ëmmerhin all Dag eppes op desem Blog, dank menge léiwe Kommentatoren), des Coverversiounen sinn a villerlee Hisiicht besser wéi d’Originaler, och wann des absolut Klassiker sinn. De Grond firwat se sou gutt sinn, ass eben, dass se aus hirem übleche Milieu rausgeholl ginn an nei verpakt sinn. Sou entsteet en neit Klanggefill an en neie Spektrum mat deem een d’Lidder betruecht. An dat ass exzellent.
Hir Alben “Nouvelle Vague” a “Bande à part” hunn sou zimmlech alles rugeholl, wat Enn 70er/ Ufank 80er en Numm hat, a sou sinn eng ganz Rei herrlech, nei Lidder entstan, déi der iwwregens alleguer de 15. Abrëll an der Rockhal bewonnere kënnt. Et ass nëmmen ze recommandéiren. Hei dann “Love Will Tear Us Apart” an “Making Plans for Nigel”, “Guns of Brixton” an “Eisbär”.
