Bye-space 3
Ech hunn et mol alt nees probéiert. Hoffentlech klappt et dës Kéier.
EDIT (17:39): Nach ëmmer nix.
Ech hunn et mol alt nees probéiert. Hoffentlech klappt et dës Kéier.
EDIT (17:39): Nach ëmmer nix.
Nodeem d’sandra mech an de Kommentarer drop opmierksam gemaach huet, dass mäin Account na net geläscht ass, respektiv hatt en nach ëmmer ënner sénger Frëndslëscht (grujhelegt Wuert) stoen hat, sinn ech mer dat mol ukucke gaang.
An Tatsaach, Myspace lasszeginn, ass méi schwéier, wéi ranzekommen. Ech hunn also probéiert mäin Account nach emol ze läschen. Déi nämlecht Saache sinn ugewise ginn, just hunn ech dës Kéier och mol gelies, wat do nom “Läschprozess” stoung. Wee mengt do stéing dann eppes wéi “Schued, dass de fort bass, mer hate vill Freed mat der.” iert sech gewalteg. Do steet dach net wierklech, dass se mer eng E-Mail schécke géifen an deenen d’weider Instruktiounen ze fanne wieren fir den Account ze läschen. Lo hunn ech awer weder no der éischter, nach no der zweeter Staffel vu Myspace Break eng E-Mail krut.
Tom, erléis mech! Loss mäi Vollék zéihen!
Ech hu grad mäi Myspace Account geläscht, eppes wat ech scho laaaaang maache wollt.
Myspace ass eng Plaz fir Leit, déi gäer schwaarz-wäiss Fotoe vu sech man, an deenen een hiert Gesiit net gesäit oder an deenen se fir e méi (sorry un d’Melancholiker ënnert ménger Lieserschaft) melancholeschen Effekt ze hunn, hiert Gesiit vun der Lëns wegdréien. Dat soll da weisen, dass et eppes méi Déiwes an hierem Liewe gëtt, wat se entweder schon erkannt hunn oder äusserhalb vum Bild sichen.
Dat sinn ech einfach net. Ech sinn net melancholesch, ech si Realist mat Hang zu geleeëntlechem Pessimismus, respektiv naivem Glaawen an iergendeppes Guddes am Mënsch. Ech fanne schwaarz-wäiss Fotoen schéin, mee ech sinn a Faarw. Ech schreiwe keng Bulletins, an deenen ëmmer déi nämlecht langweileg Froe beäntwert ginn. Ech bräuch méng Bekannter net an enger Ranglëscht klasséiren. Ech bräuch virun allem net dat aekriibserreegend Design. Ech gehéiren net op Myspace, et ass net mäi Stil.
Also hunn ech mech vu Myspace verabschied mat dem Kommentar: “I prefer Facebook. Goodbye!”