Bäitrag getagged ‘michael fassbender’

Fish Tank

Geschriwwen den 22/09/2009 vum ThorbenEe Kommentar

Ech hu momentan eng 10 Drafts hei leien, do kënnt et op een méi och net méi un. Ech wor gëscht am Filmhouse, engem vu mengen Lieblingskino’en zu Edinburgh, dem Andrea Arnold säin Fish Tank kucken. De Fish Tank wor de groussen Geheimtipp um EIFF, an vue dat de Cast andauernd deemools a menger Géigend wor, hunn ech mir dann virgeholl, dee Film och ze kucken. Mat engem Pint Cider am Grapp, duerft ech dann am Sall eent Plaatz huelen, an hu mech gefrot, firwat d’Leit a Lëtzebuerg just lues kapéiren, dass Béier/Wäin/Cider einfach an e Kinossall gehéieren.

De Film krut zu Cannes de Jurypräis, woufir ech mech dann och op dat schlëmmst agestallt hunn.

Fish-Tank-2009-001

Ech gouf nawell net enttäuscht: De Film handelt vum Mia, engem 15-jähregen Dead-End-Kid aus Sussex, wat mat senger Mamm a Schwëster (6 Joer al, drénkt a fëmmt) an enger Sozialwunneng wunnt an just een Dram huet: Dänzerin ze ginn. D’Bezéiung zur Mamm ass méi wéi schlecht, perséinlech Urieden sinn “cunt”, “bitch”, “twat” oder “whore”. Dem Mia säi Liewen leeft iergendwou tëscht Strooss, Cider, Vodka an Danzen, ëmginn vu Plakkenbauten. Dat ganzt geréit (nach méi) duercherneen, wéi dem Mia seng Mamm en neien Frënd aus der Mëttelschicht matbréngt. Dee packt et nämlech, vläit fir t’éischten Kéier am Mia sengem Liewen, Gebuergenheet ze weisen, an kritt d’Mia mat Momenter handzahm.

Fish Tank ass een vun deenen Filmer, déi Groussbritannien an all senger Ellenheet an an all senger Verluerenheet weist. Ech sinn e Frënd vu briteschen Ënnerschichtendrama’en, allem virun dem Mike Leigh, déi sech och trauen, Groussbritannien ze weisen, wéi et ass: Freckt, Verluer an ouni Hoffnung. Momentan geet hei eng grouss Diskussioun ëm, op sou Filmer nach sollen Geld vum UK Film Council kréien, well se net zéien, am amplaatz méi jonken Leit Suen ginn, fir Filmer ze man, déi d’Leit wëlle kucken goen. Ech géing et schued fannen, wann dee Genre vu briteschem Dead-End Film géing verluer goen. Zumols well et jo och oft déi eenzeg Filmer sinn, wou et eng richteg Hoffnung gëtt. Dat ass eppes, wat ech oft am Däitschen Film verméssen, ausser dem Detlev Buck sengem Knallhart hunn ech an der Lescht net vill gesinn. An jo, sou Sozialdramen liewen bestëmmt och vun dem Ee-Gleck-Geet-Et-Mir-Net-Sou-Gefill, mä ech fannen se wichteg als national Bestandsopnam. De Film ass ausserdeem Metaphergeschwängert bis op de Punkt, wou de Joy Hoffmann géing “prätentiéis” ruffen.

Fish Tank – e Film voller Misère, wat hëlleft, déi schéi Momenter ze valoriséieren. Déi 8.0 op IMDB si schon verdéngt. Haaptduerstellerin vu Fish Tank ass iwwregens op der Strooss entdeckt ginn a wunnt och a Wierklechkeet an enger Sozialwunnéng. An krut am Mee e Kand am Alter vu 1 Joer. Wat jo a Groussbritannien bei bis zu 15% vun de jonken Meedercher geschitt.

Pianocktail Awards 2008: Gewënner

Geschriwwen den 24/08/2009 vum ChrisEe Kommentar

Uaaaaah. Den Nic alias Hugo Stiglitz huet mech de mëtten wéi mer Inglourious Basterds mat Harespele gespillt hunn, dorop opmierksam gemaach, dass ech et bis ewell vergiess hunn d’Gewënner vun de Pianocktail Awards z’annoncéieren. Dofir hei elo, mat 6 Méint Verspéidung d’Gewënner, just fir dass alles seng Richtegkeet huet:

(more…)

Inglourious Basterds

Geschriwwen den 24/08/2009 vum Chris20 Kommentaren

Ech hunn eng Regel, wann ech an den Utopolis ginn. Virun deem ech de Film kucken, rubbelen ech d’McDonalds Déngens um Ticket fräi a kucken wat ech gewonn hunn. Dëst huelen ech als Indicatioun wéi de Film gëtt. Seet den Ticket mer “Horrorvorstellung” gefällt de Film mer, gewannen ech eppes net ganz sou. Eppes besseres wéi e Cappuccino hunn ech nach ni gewonn gehat. Haut war et en Cheeseburger. Den Ticket litt net.

(more…)


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags