Bäitrag getagged ‘matt damon’
Kritiken an maximal 140 Zeechen, an jo, ech hu gutt Filmer gesinn an der Lescht. Wierklech erstaunlech wéi héich den Niveau war.
Animal Kingdom (Michôd, ***1/2)
Gudden australesche Gangster–Kino (Thierry!), dien Realismus mat Billerbuchopnamen afänkt. Heiansdo e bëssen ze vill des Gudden.
Blue Valentine (Cianfrance, ****)
Schéin, fuerchtbar, séiss, brutal, lëschteg, traureg. Op de Risiko hin, dass ech mech dofir an de Kommentare erkläre muss: Meeschterwierk.
Rabbit Hole (Mitchell, ***1/2)
E Film mat enger rouegen, genee richtegen Approche zu senger Thematik. Nicole Kidman – sensationell wéi et sämtlech Emotiounen kanaliséiert.
Restrepo (Junger, Hetherington, ***1/2)
Imposant, erstaunlech, schockéirend, mënschlech. Awer iergendwéi feelt um Schluss e klenge Schotz Panache fir der Dramatik gerecht ze ginn.
True Grit (Coens, ***)
Ënnerhalsame Western, mat top Performance vu Bridges, Steinfeld, an Damon. Witzeg, réirend, elegant gemaach. Mä einfach net méi wéi dat.
A lo nach eng kleng Informatioun zum Schluss. Meng Top 10 Filmer vum Joer 2010 ginn nächste Sonndeg den Owend virun den Oscars annoncéiert, fir déi déi et interesséiert. An dëst Joer probéieren ech eppes neies, well der iech dat Ganzt nämlech net duerchliese musst, mä an enger Podcast Episod lauschtere kënnt. Dofir wäert ech d’Céline vu La Poupée Russe als Gaascht um (Skype-)Mikro hunn, wat mat mir (an och eventuell eisem Nic) zesummen seng Top 10 vum Joer duerchgeet.
Dat sollt cool ginn. Wann der iergendeng Froen bezüglech dem Filmjoer 2010 hutt, déi der gär behandelt gesi wéilt, mellt iech an de Kommentaren a mir kucken driwwer ze schwätzen.
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:animal kingdom, blue valentine, coen brothers, david michôd, derek cianfrance, hailee steinfeld, jeff bridges, john cameron mitchell, matt damon, nicole kidman, rabbit hole, restrepo, sebastian junger, tim hetherington, true grit

19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:a serious man, alexandre desplat, anthony mackie, avatar gabourey sidibe, awards, ben stiller, bright star, christoph waltz, colin forth, crazy heart, diane krüger, district 9, fantastic mr fox, gerard butler, in the loop, jacques audiard, jeff bridges, jeremy renner, john hughes, kate winslet, kathryn bigelow, kristen stewart, lee daniels, logorama, maggie gyllenhaal, mark boal, matt damon, michael c. hall, oscars, patricia field, peter sarsgaard, quentin tarantino, robert downey jr, ryan reynolds, Sam Worthington, sandra bullock, sandy powell, sigourney weaver, star trek, stephen lang, tahar rahim, taylor lautner, the cove, the hurt locker, tina fey, tom ford, un prophete, up, vera farmiga, Zoe Saldana
#10 THE INFORMANT!
(Steven Soderbergh)
Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Featured, Film, Lëschten
Tags:500 days of summer, a serious man, bright star, coen brothers, disney, duncan jones, fantastic mr fox, jacques audiard, jane campion, jgl, jj abrams, john keats, kathryn bigelow, kevin spacey, marc webb, matt damon, moon, sam rockwell, star trek, steven soderbergh, tahar rahim niels arestrup, the hurt locker, the informant, the princess and the frog, un prophete, wes anderson
Hunn ech eigentlech iergendwann erwient, dass de Matt Damon mäi Lieblingsschauspiller ass? Net? Ass en awer.
Haut koumen zwee nei Trailer fir Filmer mat em raus. Éischtens wier do Invictus vum Clint Eastwood, an deem en den Francis Pienaar spillt, de Kapitän vun der 96er südafrikanescher Weltmeeschterekipp am Rugby. An éierlech gesot den Trailer, deen der bei Apple kucke kënnt, gesäit net sou schlecht aus. E bësse liicht vläicht, mä den Damon schéngt säi Kostüm fir d’Oscars alt scho mol bestellen ze kënnen.
Deen aneren Trailer ass fir Green Zone, e Thriller iwwert den Irakkrich, gedréit vum Paul Greengrass, deen schon mam Damon an den zwee leschte Bourne Filmer zesumme geschafft huet. Gesäit no engem anstännegen Actionfilm aus, deen eventuell och vun der Handlung hir méi ze bidden huet. Wann d’Dialoger am Trailer allerdéngs déi bescht sinn, déi se am Film fonnt hunn, da behitt eis Gott.
Normalerweis hunn ech besser mech net op Filmer ze freen, virun deem iergendeen se gesinn huet. Et geet neemlech meeschtens grëndlech an d’Box. Rezent Beispiller: “Marie Antoinette” oder zwee Filmer op déi ech mech säit engem Joer freen, mee nach ëmmer net raus sinn. Kee gutt Zeechen. Mee a ménger Lëscht (scho rem eng) si se alt rem dobäi.
Ech hunn einfach mol, méi oder manner instinktiv 10 Filmer an enger Lëscht zesummegeklakt. Ech freen mech wierklech op se all, an ech mengen et si réicht zwee Stéck dovun dem Publikum virgestalt ginn. Een dovunner krut grauseg Kritike, den aneren wonnerbarer. Also, ech si gespaant.
Als éischt mol nach Filmer op déi ech mech freen, déi just na net a Lëtzebuerg ugelaf sinn: “The Fountain”, “Breaking and Entering” an “Clerks 2″. Déi missten awer geschwënn do sinn.
Dann em puer, déi am Laf vum Joer, oder och réicht Ufank 2008 misste kommen, déi et awer net a méng Lëscht gepackt hunn:
- Sweeney Todd vum Tim Burton, mam Johnny Depp, Helena Bonham Carter, Sacha Baron Cohen an Alan Rickman. Iergendwéi trauen ech dem Tim Burton zou, heimadder e rieseg grousst Debakel ze produzéiren. Et kéint awer och genial ginn. Wann de Film do ass, wësse mer ob d’Geschicht vum mörderesche Coiffeur gutt bei him opgehuewen ass oder net.
- My Blueberry Nights vum Wong Kar Wai mam Norah Jones, Jude Law, David Strathairn an Natalie Portman. Dem Wong Kar Wai säin éischten engleschsproochege Film, dofir sinn ech skeptesch. Dozou kënnt, dass d’Geschicht fiirchterlech no “Crossroads” oder “Glitter” kléngt. Mee kann de Wong Kar Wai e schlechte Film dréien?
- Pirates of the Caribbean: At World’s End vum Gore Verbinski mam Johnny Depp, Keira Knightley, Orlando Bloom an Geoffrey Rush. Den zweete Film huet mer bei der zweete Kéier, dass ech e gekuckt hunn, awer nach gefall. En ass gutt. Mee wéi der Däiwel soll déi Geschicht lo weidergestréckt ginn? Gespaant sinn ech iergendwéi nach net.
- Motherless Brooklyn vun a mam Edward Norton. D’Geschicht handelt vun engem Flic mat Tourette Syndrom. Ech si jo e grousse Fan vum Norton, mee “Keeping the Faith” war net sou den Hummer, dass ech hei och nach méng Zweifel hegen. Et kléngt fir mech bësse sou, wéi wann den Ed Norton sech séng Roll, mat däer en den Oscar gewanne wëll, selwer gecschriwwen huet. Firwat net, wann et gutt ass?
An nom Strëch da méng 10 Filmer.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:assassination of jesse james, cassandra's dream, david fincher, edgar wright, hot fuzz, matt damon, my blueberry nights, paul greengrass, pirates of the caribbean, pta, southland tales, spider-man 3, sweeney todd, the bourne ultimatum, the other boleyn girl, the simpsons movie, there will be blood, wong kar wai, woody allen, zodiac
A scho rem e Film, mat engem Lidd vum Elliott Smith, “Miss Misery”.
De Will (Matt Damon) ass e Genie, just ass en doduercher, dass en an engem aarme Véirel vu Boston opgewuess ass, komplett versaut, well en agressiv a bezéiungsonfäheg ass. Am léifsten, wéilt en éiweg mat séngem beschte Frënd Chuckie (Ben Affleck) remhänken, saufen a schäiss bauen. Mee dräi Leit trieden a säi Liewen, déi et fir ëmmer verännere wäerten: de Mathematiker Lambeau (Stellan Skarsgard), säi Psychiater Sean Maguire (Robin Williams) an e Meedchen, d’Skylar (Minnie Driver)…
Ech hu mech joerelaang gesträubt dese Film ze kucken, ouni ze wësse firwat, bis dass ech eng Kéier d’Ending Credits op der Telé gesinn hunn an dat erwähnte Lidd vum Elliott Smith gelaf ass. Ech si wahrschienlech den éischte Mënsch, dee sech je, vun engem Auto, wat fort fiert unzéie geloss huet, mee awer. Dunn hunn ech mer de Film op DVD kaf a war iwwerwältegt, well ech dem Ben Affleck an dem Matt Damon net zougetraut hätt, eppes sou guddes ze schreiwen. Ech fannen d’Geschicht ass maträissend, koherent an huet ganz staark Momenter. Déi meeschte Leit gesinn déi an den Dialoger tëscht dem Robin Williams an dem Matt Damon, mee ech fannen, dass d’Szenen tëscht dem Matt Damon an dem Minnie Driver nach besser sinn. An déi beschten liwwert souguer de Ben Affleck (jo, den Ex vum Jennifer Lopez kann eppes, e weist et just net. Mee: e soll staark a séngem néchste Film Hollywoodland sinn).
Virun allem awer fir eis Romantiker: an desem Film get et de schéinste Filmkuss, den ech kennen. An zwar do wou d’Skylar an de Will op enger Terrass sëtzen an e Kaffi drénken. De Kuss gesäit echt aus, wéi wa se wierklech verléift wieren, dat get eppes hir.