Bäitrag getagged ‘martin scorsese’

Podcast: Filmer vum Joer 2010

Geschriwwen den 27/02/2011 vum Chris12 Kommentaren

One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, deen ech hei op Pianocktail publizéiere wäert. D’Céline vun La Poupée Russe an den Nic, laang verschollene Co-Blogger deelen nieft mir mat, wat déi beschte Filmer vum Joer 2010 sinn.

Mir schwätzen iwwer Schwulepornoen, driwwer vum Matt Damon den Aasch “gespankt” ze kréien, iwwer dem Céline seng Wënsch bestued ze ginn, a Waasser wat een a Brand stieche kann. Niewebäi nach d’sozial Grënn déi aus engem e Bankreiber maachen – mir ginn allem op de Grond. An net ze vergiessen iwwer déi Filmer déi d’Céline a mech kräische gedoen hunn!

Lauschtert iech et un. Et ass laang, mä hoffentlech dowäert.
A fir déi, déi ze liddereg sinn fir sech dat schéint Stéck unzelauschteren, nom Broch kënnt der iech d’Lëschten eng Kéier duerchliesen. Mä dat wier natierlech oncool.

D\’Pianocktail Filmer vum Joer 2010

Ech hunn sou eppes nach ni gemaach, dofir entschëllegt d’technesch Mängel. D’Highlight ass natierlech wéi een no bal enger Stonn meng Noperen am Hannergrond héiert, déi hir Party op de Balkon verluecht hunn. Geleeëntlech Tipp- a Skypegeräicher sinn och net wierklech professionell, ech weess. Mä bon.

Musek:
Trent Reznor an Atticus Ross – Hand Covers Bruise
Grizzly Bear – While You Wait for the Others

(more…)

Shutter Island

Geschriwwen den 11/06/2009 vum Chris7 Kommentaren

Martin Scorsese.
Leonardo Di Caprio.
Mark Ruffalo.
Ben Kingsley.
Max von Sydow.
Emily Mortimer.
Michelle Williams.
Patricia Clarkson.
Jackie Earle Haley.
Thelma Shoonmaker.
Dante Ferretti.

Muss ech soss eppes soen?

YouTube Preview Image

Filmvirschau

Geschriwwen den 23/02/2009 vum Chris6 Kommentaren

Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.

Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.

Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.

D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker
vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.

Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.

Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.

Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.

Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

where-the-wild-things-are-20081213081203698_640w

Where the Wild Things Are

(more…)

Reader Request: 25 grouss Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt

Geschriwwen den 20/02/2009 vum Chris9 Kommentaren

Iwwert eise Pianocktail Wonschphone op Facebook huet eisen treien Pianocktailfrënd Joël well fir d’zweet no enger Lëscht vu Filmer gefrot, déi een onbedéngt gesinn hu muss. Eng Kanoniséirung vun där Zort gëtt bekanntlech allsäits bedriwwen: sief et d’Imdb Top 250, déi genial Aarbecht vun They Shoot Pictures, Don’t They? oder och dat allsäits beléiftent Buch 1001 Movies You Must See Before You Die.

westsidestory25Mat sou enger Kanoniséirung dinn ech mech allerdéngs schwiereg. Éischtens, denken ech net, dass et e Geheimrezept gëtt fir Leit, déi wëllen hire Filmhorizont erweideren, fir dat op iergendeng Aart a Weis séier hinzekréien an deem een eng 20-50 Filmer kuckt, an da bescheed wees. Zweetens fannen ech et ëmmer e bëssen umoossend anere virzeschreiwen, wat se kucke, liesen, läuschtre sollen. Goûte si verschidden, an ënnert ménge 25 Filmer, déi ech fir de Joël ausgewielt hunn, sinn der, déi munch aneren net op déi Plaz gesat hätt an et feelen der, déi wuel soss Leit onbedéngt jidderengem recommandéire géifen.

Natierlech ginn et méi Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt, wéi déi 25, déi ech hei opzielen. Zum engen hunn ech allerdéngs opgrond vun der Schwieregkeet vum Thema decidéiert just ee Film pro Regisseur zouzelossen. Do geet Film einfach Hand an Hand mat ménger Astellung zur Literatur: probéier villes, a wat der gefällt, kanns de dech weider drop alossen. Kee wees op en den Emir Kusturica gutt fënnt, bevir en e gesinn huet – allerdéngs sollt jidderee probéiren säin Horizont z’erweideren. De 14. Hitchcock Film ass nach ëmmer technesch brillant, mee beaflosst déng Filmkompetenz net nei, wéi et  däin alleréischte Film vum Jane Campion mecht. Dofir jidderee soll a méngen Aen probéiren vast Kino ze kucken, wann en sech dofir interesséiert, an da rauspicken wat séng Pärele sinn. Mir zum Beispill gefällt den Akira Kurosawa wéineg, dofir orientéiren ech mech anescht. D’Meenung hunn ech mer awer als éischt gebild, bevir ech decidéiert hunn aneschters weider ze kucken.

e_t_the_extra_terrestrial_25An do komme mer bei dat Anert wat d’Leit am Kapp hale mussen: éischtens ginn et bei ménge Proposen hei nach ëmmer Grënn vu perséinlecher Preferenz am A ze behalen, zweetens hunn ech probéiert net an Nischen ze denken. Kloer, “Stand by Me” ass ee vu méngen absolute Lieblingsfilmer, mee muss jiddereen e gesinn hunn? Ech gleewe kaum – et steigert d’Filmverständnis manner, wéi déi 25 Filmer hei ënnendrënner et man.

A schlussendlech hunn ech nach decidéiert nëmme Filmer bis 1999 ze berücksichtegen, vu dass ech spéider am Joer nach méi en détail op d’Filmer vun desem Joerzéngt wëll zréckkucken.
(more…)

Oscar 2007 (IV)

Geschriwwen den 30/01/2007 vum ChrisKee Kommentar

Eng Bekannte vu mir, wëll ëmmer mat mer diskutéiren, watfree Film, den Oscar fir de beschte Film kritt. Hat mengt “Babel” hätt, déi beschte Chancen, ech sot d’läscht, et wier “The Departed”, tendéiren awer well éischter zum “Little Best Picture”. Am Fong ass et eng Situatioun, déi et nach nie gouf, well dest Joer hunn alle fënnef nominéiert Filmer berechtegt Hoffnungen fir de grousse Präiss ofzeraumen, während et normalerweis just en Duell, héchstens en Dräikampf oder souguer ee Film ass, deen duerchmarschéiert. Hei wëll ech d’Pro a Kontra fir all Film mol ofschätzen:

Babel 

Pro: beléift Schauspiller inklusiv zwou Nominéirungen; meescht Nominéirungen vun de beschte Filmer (7), déi déi wichtegst Kategorien aschléissen (Regie, Schnëtt); Golden Globe als beschte Film.
Kontra: bedréckend an haart Geschicht, déi een net wierklech gäer hu kann; verschidde Sproochen a modern Kameraféirung an Technik;  “Crash” als Oscargewënner 2006.

The Departed 

Pro: beléift Schauspiller, eng Nominéirung; fir Regie a Schnëtt nominéiert; vill Kritikerpräisser; am meeschte Geld um Box Office gema; Martin Scorsese, deen endlech säin Oscar brauch; vill al wäiss Männer an der Academy, déi fir de Film stëmmen.
Kontra: just eng Nominéirung fir d’Schauspiller: keen DiCaprio, keen Nicholson; de Film huet eigentlech keng Aussoo; brutal Handlung ouni Happy End.

Letters from Iwo Jima 

Pro: Clint Eastwood (2 Oscars) + Steven Spielberg (3 Oscars) + Paul Haggis (1 Oscar) + WW2 (gefillten 250 Oscars) = Oscar; mat “Flags of our Fathers” zesummegeholl eng Meeschterleeschtung.
Kontra: japanesch Sprooch, also ënnertitelt; kee Schwäin huet de Film gesinn; Academy, déi net ëmmer virgeworf wëll kréien dem Clint an den Aasch ze kréichen; keng Nominéirung fir de beschte Schnëtt, keng Ënnerstëtzung vun de Schauspiller.

Little Miss Sunshine 

Pro: Indie-Hit; Succès um Box Office; de Film ass deen eenzegen, dee wierklech kengem wéideet, a bei deem een e gutt Gefill huet; Ënnerstëtzung vu Schauspiller an Auteuren; huet scho grouss Präisser gewonn an zwar de beschte Film bei de Producer’s Guild an d’bescht Ensemble Cast bei der Screen Actor’s Guild; den eenzege wierklech amerikanesche Film.
Kontra: Indie-Hit; keng Nominéirungen fir Regie a Schnëtt (ouni béid huet nach nie e Film an de 77 Joer, déi et den Oscar get gewonn); Komödien gewanne seelen, déi läscht war “Annie Hall” virun 30 Joer.

The Queen 

Pro: Helen Mirren; vill Briten an der Academy; Ënnerstëtzung duerch d’Bank (technesch Kategorien, Schauspiller, Auteuren, Regisseuren).
Kontra: de Film hält sech zréck, huet ausser zwee Kritikerpräisser näicht gewonn: keng Nominéirung fir de Schnëtt.

Alles an allem hunn all d’Filmer eng ganz Rëtsch vun Aspekter, déi fir se schwätzen a vun Aspekter, déi géint se schwätzen. Wann ech momentan eng Wahrscheinlechkeet a Prozent misst ausschwätzen mat däer d’Filmer gewannen, géif ech soen: “Little Miss Sunshine” 30%, “The Departed” 29 %, “Babel” 20%, “Letters from Iwo Jima” 12%, “The Queen” 9%. Sou ongeféier.

Dass een dat net ze sérieux huelen däerf ass kloer, vrun engem Joer hätt ech gesot: “Brokeback Mountain” 99%, “Crash” 1% an um Schluss louch ech falsch.

Festzehalen bleift, dass ech net soe kann, wee gewanne wäert, muer wäert ech méng Meenung rem geännert hunn, an dat ass och gutt sou, well et nach nie sou spannend war. Gutt, dass ech 4 vun de 5 Filmer de Präiss gönne géif. An och wa “Letters from Iwo Jima” gutt si sollt, wëll ech net, dass de Clint rem gewënnt.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags