De “Zuckerberg-Film”
Ech hat am Fong net wëlles eppes zum Film „The social network“ ze schreiwen, vue datt mer awer am Moment e bëssi langweileg ass, kënnt elo awer e klenge Post.
Wéi ech a mengem Kommentar zum Chris sengem Post schonn ugedeit hat, hält sech d’Begeeschterung zu dësem Film bei mir a Grenzen, och wann ech e fir ganz gelongen halen. Ee vun de Grënn war sécher och meng Erwaardungen, déi vum Chris a vum Céline (deenen hir Kritiken ech immens schätzen), wéi och vun der Press a vun deenen déi um Film matgeschafft hunn, ze héich geschrauft goufen.
Ee klenge Problem deen ech mam Film hunn, ass datt ech en net fir esou relevant hale, wéi e vu ville gemaach gëtt. Et gi Begrëffer benotzt wéi „e Portrait vun eiser Generatioun“, an ech fannen net, datt dat zoutrëfft. Ech erkennen d’Protagonisten aus dem Film net a menger Ëmwelt, a scho guer net a mengem Frëndeskrees zréck. Ech kenne kee vun den Nerds, den Harvard-Aristokraten, an ech kenne keng Leit, déi a fancy Diskoen hire Business beschwätzen.
Et soll ëm Facebook goen, dee Site, deen eis Generatioun an eis Art a Weis ze kommunizéieren definitiv immens geprägt huet, mä dat ass net de Fall. Et geet vill méi ëm de Mark Zuckerberg, de Grënner vun deem Site. Den Afloss, dee Facebook op eis Gesellschaft huet, gëtt (wann iwwerhaapt) nëmme marginal ugeschwat, an dat wier genee dat gewiescht, wat ech mer ënnert engem „Portrait vun eiser Generatioun“ erwaart hätt. „A capitalist society“ hätt als Titel menger Meenung no méi gepasst (och wann deen Titel definitiv manner interessant kléngt, a manner Leit ugezunn hätt).
Mä bon, ech sichen an engem Film haaptsächlech no enger gudder Story a gudde Schauspiller, oder ech wëll einfach nëmme gutt laachen. Doran ass de Film definitiv immens staark (d’Schauspiller si grandios), an och aus technescher Siicht ass näischt drun auszesetzen. Allerdéngs huet mech de Film net matgerappt. D’Dialoger sinn herrlech geschriwwen an an Zeen gesat, ech hunn oft iwwert deen een oder deen anere Sproch gelaacht, mä ech konnt fir d’Personnage wéineg Sympathie oder Empathie empfannen. En huet mech net wierklech beweegt.
Ech kommen nach eng Kéier op den Titel zréck, well e mech wierklech stéiert. Den Titel, sou wéi och deen éischten Teaser, huet säi Publikum op e „Facebook-Film“ virbereet, als wat en och oft bezeechent gouf. Et ass awer kee „Facebook-Film“ mä et ass de „Mark-Zuckerberg-Film“, e Biopic. Ech ginn elo vläit ze wäit, mä mir ass Facebook an dësem Film iwwer grouss Strecke wéi e McGuffin virkomm. Wier et elo e fiktive Site gewiescht, hätt et mer wahrscheinlech manner ausgemaach. Mä Facebook ass e wichtegen Deel vun eisem Alldag, vill Leit widmen deem Site e puer Stonne pro Dag. Ech fannen dat Phänomen vill méi interessant oder beängschtegend, wéi déi historesch oder fiktiv Origine vum Site.
Ech klenge méi negativ, wéi ech denken. Ech ginn dem Film 3 vu 4 Stären, dat heescht datt ech e gutt fannen. De Film ass saugutt inszenéiert, d’Schauspiller si grandios, an un der Technik ass och näischt auszesetzen. Meng Enttäuschung war minimal, mä se war do. Meng Begeeschterung och. Voilà.

