#9 A Clockwork Orange
De véierte Kubrick an der Lëscht.
Ech hat mol dovunner geschwat, dass de Kubrick fir mech an de Film-Götterhimmel gehéiert. Gutt, ech denken et get kee Regisseur, dee sou vernarrt op Perfektioun war, wéi de Kubrick. Doduercher huet e vill Schauspiller zur Verzweiflung, mee awer och zu Héchstleeschtungen gedriwwen.
Nach gëschter Owend hunn ech mech mat engem Kolleg iwwer “A Clockwork Orange” ënnerhal, a mer waren eis eens, dass de Film ëmmer rem nei Facetten ze bidden huet, déi engem virdrun net opgefall sinn. Kubrick-Filmer si visuell Erliefnisser wéi kaum eppes, et kann ee sech am Fong net dru sat kucken. Bei him gi souguer Rafäll wéi “Eyes Wide Shut” zu zineastesche Meeschterleeschtungen ouni eng gutt Geschicht z’erzielen.
“A Clockwork Orange” bestëcht duerch eng héich stiliséiert Erzielweis an Ausféirung, duerch déi scho bal surrealistesch Décoren, déi sécher och den Tim Burton spéider beaflosst hunn. Sougesinn ass “A Clockwork Orange” de Virreider vun enger Zort Konschtfilm, deen een als modernen, amerikanesche Surrealismus bezneechen dierft, ouni d’europäesch Grodlinegkeet an de Stoizismus vum Kubrick séngem Filmopbau ze vergiessen.
